background background

Diddeleng

Motioun: Bréif un den Innenminister betreffend dem Ofzéie vu Policebeamten zu Diddeleng - 05/02/2024

De Gemengerot,

– Stellt fest, dass aus dem Regionalbüro Süd-West, mat Sëtz zu Esch-Uelzecht, zu dem och d’Kommissariat Diddeleng gehéiert, Polizisten ofgezu gi sinn, fir hir Kolleegen aus der Stad z’ënnerstëtzen. Dëst ënnert anerem wéinst dem Duerchsetze vum sou genannten “Heescheverbuet”, der Drogekriminalitéit an der illegaler Migratioun an der Stad Lëtzebuerg (Annexe 1 – Artikel aus dem Tageblatt vum 1. Februar 2024).

– Stellt fest, dass d’Penurie u Polizisten um Terrain, trotz massivem Recrutement an de läschte Joren, nach ëmmer net komplett opgefaange konnt ginn.

– Stellt fest, dass d’Regierungsparteien CSV an DP an de jeeweilege kommunale Walprogrammer e grousse Wäert geluecht hunn op d’Sécherheetsgefill an Diddeleng:

  • “méi eng grouss Policepresenz, fir dass d’Bierger sech méi sécher spieren” (CSV),
  • “Mir engagéieren eis fir: – dass d’Police erëm méi Presenz weist an hirem Motto “no beim Bierger” gerecht gëtt” (DP),
  • “Der Police déi néideg Mëttelen… an Ënnerstëtzung ginn” (ADR) huet dëst och an hirer Campagne benotzt.

– Stellt fest, dass déi Gréng, d’LSAP an déi Lénk hiren Desaccord mam Innenminister sengen aktuelle Mesuren allgemeng schonn a sämtleche Medien (Radio, Tele, Maniffen a social media) geäussert huet.

– Stellt deemno fest, dass Konsens besteet, dass Diddeleng aktuell net op Polizisten um Kommissariat verzichte kann.

Invitéiert de Schäfferot:

E Courrier am Numm vum Gemengerot un den Inneminister ze maachen, an dem mir gefuerdert gëtt:

– dass d’Ofzéie vu Polizisten aus der Régioun Süd-West réckgängeg gemaach gëtt, well dës Ekipp och fir d’Kommissariat Diddeleng gebraucht gëtt;

– dass den Inneminister der Stad Diddeleng déi néideg Erklärungen zoukomme léisst betreffend dem Ofzéie vu Policebeamte vum Diddelenger Kommissariat, deen elo schonn enger Surcharge de travail ausgesat ass.

Semiray Ahmedova, conseillère communale

Yves Steffen, conseiller communal