background background

Diddeleng

Motioun "Upassung vum Konzept "Shared Space" an der Niddeschgaass"

Am Oktober hu mäer eng Motioun am Gemengerot proposéiert, déi (mat klengen Upassunge vun der Majoritéit) ugeholl gouf. De Konsens ass dass vum 1.4. bis den 30.9. de Shared Space autofräi vun 12 bis 6 Auer wäert sinn.

De Gemengerot,

– Vu, dass an der Gemengerotssëtzung vum 26.05.2023 en temporäert Verkéiersreglement gestëmmt ginn ass, wat d’Niddeschgaass vum 01.06.23 bis den 30.09.23 just nach vu Moies 06:00 bis mëttes 14:00 accessibel fir de motoriséierte Verkéier gemaach huet (Ausnam: d’City-Buslinnen 8 an 9, den Adapto an de Flexbus (wann se Clienten hunn));

– Vu, dass an der selwechter Sëtzung festgehale ginn ass, dass duerno deen neie Schäffen- a Gemengerot driwwer entscheede soll, wei et weider geet;

– Vu, dass déi uewe genannte Reglementatioun allgemeng akzeptéiert ginn ass.

– Vu, dass a quasi all Parteiprogramm fir d’Gemengewalen eng Reduktioun vum motoriséiertem Individualverkéier an der Niddeschgaass gefuerdert gouf;

– Vu, d’Visioun fir eng Stad vun der nohalteger Mobilitéit, wéi se an der SUMP definéiert ass:

In der Stadt Düdelingen sollen in Zukunft die Bewohner*innen und alle,
die in der Stadt arbeiten oder ihre Freizeit verbringen, eine Infrastruktur vorfinden,
die ihren Mobilitätsansprüchen gerecht wird und auf die Herausforderungen
der Zukunft, insbesondere den Klimawandel, Rücksicht nimmt.
Aktive Mobilität (Radfahren und Zufußgehen) und der öffentliche Verkehr ergänzen sich und
sind die bevorzugten Fortbewegungsarten auf kurzen und mittleren Wegstrecken im
Stadtgebiet. Für längere Strecken gibt es neben Bus und Bahn auch andere innovative
Mobilitätsangebote – der individuelle Autoverkehr spielt nur eine untergeordnete Rolle.
Der Straßenraum ist fair aufgeteilt, für alle Generationen nutzbar und die Ausstattung des
öffentlichen Raumes lädt zum Verweilen ein. Die Stadt ist kompakt, bietet ausreichende
Infrastruktur und hat sich an den Klimawandel in vielerlei Hinsicht angepasst.

Invitéiert de Schäfferot:

1) Dat benannten temporäert Verkéiersreglement, wat vum 1. Juni bis den 30. September 2023 a Kraaft war, nom Chrëschtmaart dauerhaft a Kraaft ze setzen;

2) Mam FCAD an dem City Manager Animatiounen ze plangen an ëmzesetzen, déi zu enger beliefter Niddeschgaass bäidroen.

3) D’Ëffnungszäite fir de motoriséierte Verkéier an de Summerméint vum 01.05. bis 30.09. op d’Plage horaire vu 6:00 bis 11:00 ze reduzéieren. Dëst engersäits fir d’Liwwerunge weiderhin ze garantéieren, an de Restauranten a Caféë anerersäits e Mëttesservice op den Terrassen ze erméiglechen,

4) Eng Sensibiliséierungscampagne duerchzeféieren, déi d’duuss Mobilitéit an der Niddeschgaass zwar erlaabt, mee d’Prioritéit vum Foussgänger ënnersträicht. D’Zil vun dëser Campagne soll engersäits d’Sensibiliséierung sinn zum géigesäitege Respekt (bspw. via Schëld, Flyer, Charta), anerersäit och d’Promotioun fir ouni Auto an d’Duerf akafen ze goen (bspw. via Flyer, Social Media),

5) Ze préiwen ob d’Offere vum Flexbus a vum Adapto bei der Populatioun gutt genuch bekannt sinn, fir dass d’Persoune mat ageschränkter Mobilitéit net vum Mobilitéitssystem ausgeschloss ginn,

6) Laangfristeg ze préiwen ob eng Foussgängerzone (just duuss Mobilitéit) ëmsetzbar ass.

Mir proposéieren, eenzel iwwer déi 6 Punkten ofzestëmmen.

Semiray Ahmedova (conseillère communale) & Yves Steffen (conseiller communal)