background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – September 2023

Am September hu mäer 3 Froen un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.

Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu folgende Froe Stellung ze huelen.

Am Gemengerot vum 14.7.23 hate mir zesumme mat de Kolleege vun der CSV eng Partie Froe gestallt zu der bis dohin onglécklecher Situatioun an der Edison-Strooss. Hei gouf mëttlerweil d’Schëld ofmontéiert, dat d’Vëlosfuerer.innen (aus der Lentz-Strooss kommend), direkt a Richtung Kierch geschéckt huet. Si pendelen sech an de motoriséierte Verkéier elo an, wat alles anescht ewéi eng sécher Vëlosverbindung ass, virun allem fir Familljen. D’Edison-Strooss ass op dësem Tronçon op 50 km/h limitéiert an op hirem Enn steet net vu Muttwëll eng Kalifornesch Mauer. Dës huet scho vill Autoslack ofkritt, sou dass jiddereen sech gutt virstelle kann, wéi wéineg sécher een sech op esou enger Strooss mat engem Vëlo spiert.

Laut dem Sustainable Urban Mobility Plan (SUMP), soll de bannestättechen Trafic an Zukunft ëmmer méi op de Pilier vun der duusser Mobilitéit setzen. Am Kader vum Vëlosummer huet ee virun allem an der Liberatiounsstrooss mam Pop-Up Vëloswee gesinn, dass hei nach extrem vill Verbesserungs-potential besteet beim Plangen an Ëmsetze vu sécherer Vëlosinfrastruktur. D’betraffen “Place de l’Hôtel de Ville” ewéi och an dem Deel vun der Liberatiounsstrooss, dee mat der rue du Commerce duerno kräizt ass gemengt. Mam Shared Space a senger Phase 4, wäert de Problem jo bei der Gemengeplaz fir d’duuss Mobilitéit geléist ginn. E weidert “Plangen a Bauen” wéi bis elo, mëscht et schwéier, dat genannten Zil vun 11.900 Weeër pro Dag mam Vëlo zu Diddeleng ze ereechen (Säit 23 – Handlungsfeld 2 vun der SUMP).

  • Ass geplangt de frësch renovéierten Deel vun der Liberatiounsstrooss/rue du Commerce nach emol deenen am SUMP beschriwwenen Objektiver unzepassen?
  • Wisou ass hei näischt vu vir eran fir d’duuss Mobilitéit mat virgesi ginn?

Am Fall vun de Stroossen Edison, Commerce a Liberatioun a virun allem en vue vum Moossnamekatalog aus dem SUMP, stelle mir fest, dass aus der Siicht vun der duusser Mobilitéit hei näischt virgesinn ass fir sécher aus dem Oste vun Diddeleng (d’Quartiere Schmelz, Dell, Hanzendall, Lenkeschléi) bis an d’Duerf an domat bei d’Commercen ze kommen. Och fir d’Kanner feelt et un sécherer Infrastruktur fir op de Strutzbierg ze kommen.

  • Wéi ass et ugeduecht, der Moossnam No18 aus dem SUMP gerecht ze ginn, wou beseet, dass d’Quierunge fir déi duuss Mobilitéit solle verbessert ginn?
  • Wisou ass dat hei net vu vir eran mat virgesi ginn?
  • E.a. hu scho missten Upassunge gemaach ginn um EckLiberatiounsstrooss/Rue du Commerce (Richtung Match, wou den Eck hannen opgemaach ginn ass fir de Vëlo). Vu dass Nobesserungen ëmmer méi deier ginn, wéi et vu vir era se mat ze plangen, wéilt d’Oppositioun d’Käschten transparent gemaach kréie fir déi gemaachen Upassungen an och vun deenen noutwendege weideren Upassungen.

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova & Yves Steffen


Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu folgende Froe Stellung ze huelen.

Am Gemengerot vum 14.7.23 hate mir Froen zum Event ronderëm d’75 Joer Porsche Feier am Lokal vun der “Kantin” an op der Place Thierry van Werveke gestallt. An den Äntwerten, déi mir zwar net am Gemengerot kritt hunn, mee konform zum règlement interne den 28.7.23 per Mail kritt hunn, hunn sech fir eis weider Froen erginn.

Am Kader vun enger transparenter Zesummenaarbecht tëscht Schäffen- a Gemengerot stellen mir folgend Froen un de Schäfferot:
– Kéinte mir folgend Dokumenter w.e.g. gesinn:

  • Déi ausgestallte Rechnunge fir d’Benotze vum ëffentleche Raum (Place Thierry Van Werveke et alentours).
  • D’Rechnunge fir d’Parkplaze beim “Hall Fondouq”, nieft der Brasserie “Kantin” an déi beim Skatepark un Cattitude respektiv Porsche.

– Mir begréissen ausdrécklech, dass en Dokument erschafft gëtt, wat d’Organisatioun vun Eventer op der Place Thierry Van Werveke reegele soll. Gëtt de Gemengerot an d’Ausaarbechtung mat agebonnen? Wou sinn d’Aarbechten un dem Dokument drun?

– D’Parkplaze bei der Kantin sinn aktuell (nach) net payant? Wéini ass hei en entspriechend Reglement ze erwaarden?

Weider Froen zum Site:
– Mir begréissen déi 3 Parkplaze fir personnes à mobilité réduite. Dës Leit hunn domat e vill besseren Accès op d’Place Thierry Van Werveke, de Vewa, de Jardin Communautaire an d’Kantin. D’Parkinge beim Centre Culturel régional opderschmelz ewéi de Parking beim Skatepark si foussleefeg. Duerch e weidere Parking (deen net exklusiv de personnes à mobilité réduite virbehalen ass) um Site vum zukünftegen Ekoquartier ass en erhéicht Opkommes vun Autostrafic, op der Vëlospiste, deen sech net eenzeg op d’Leit à mobilité réduite an d’Livraisoun beschränkt. Wat war d’Motivatioun, e weidere Parking op engem Site ze maachen, deen eigentlech an Zukunft soll prioritär der duusser Mobilitéit reservéiert bleiwen?

– D’Fro vun den Autoen op der Vëlospiste ass nach ëmmer aktuell, sou war Donneschdes (de 17.08.23) nom SoSoSummer géint 23 Auer folgend Bild, dat sech op der Afterparty gebueden huet. Dës sinn zum Deel och wärend dësem Event beweegt ginn.

Foto vum 17.08.2023

D’Woch drop (de 24.08.23) waren nees Autoe wärend dem Event um Site.

Haten dës Gefierer déi néideg Autorisatiounen (am Fall vu Livraisounen) ugefrot? Wieren dës Trajeten net am Sënn vun der allgemenger Sécherheet besser ausserhalb vun de Festivitéitszäite vum SoSoSummer an der domat verbonnener Afterparty ze maachen (respektiv och bei zukünftegen Eventer anerer Natur)?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova & Yves Steffen


À l’attention de Monsieur le Bourgmestre et du conseil échevinal de la commune de Dudelange

Monsieur le Bourgmestre, Mesdames et Messieurs les échevins,

Au nom de déi gréng Dudelange, nous vous prions de bien vouloir prendre position quant aux questions suivantes lors du prochain conseil communal.

L’École de Théâtre de Dudelange propose des classes aux jeunes en luxembourgeois ou français et des classes francophones pour adultes en soirée. L’École de Théâtre va offrir une chance à toutes et à tous d’apprendre le jeu de comédien.ne, mais aussi une possibilité de développement personnel aux jeunes et aux adultes.

Le programme prévu pour les classes de jeunes sera tenu par la professeure Mme Martine Kohn.

Les cours se tiendront dans la nouvelle salle polyvalente de Dudelange. En l’occurrence, nous aimerions savoir :

  • S’agissant d’une école de théâtre qui aura une salle communale mise à disposition, quel est le statut de cette école (école privée, asbl, association à but lucratif, autres)?
  • Le musée du sport a dû être voté par le conseil communal. Pourquoi cette procédure ne s’applique-t-elle pas également à ce cas de figure?
  • De manière générale, les enseignant.es travaillant pour la commune de Dudelange n’ont pas le droit de siéger dans le conseil communal de cette même commune. De ce fait, quelle est la situation de Mme Martine Kohn, qui est conseillère communale?

Dans l’attente de votre réponse, veuillez agréer, Monsieur le Bourgmestre, Mesdames et Messieurs les échevins, l’expression de notre parfaite considération.

Semiray Ahmedova & Yves Steffen