background background

Diddeleng

Untrëttsried vum Semiray Ahmedova - 14/07/2023

Här Buergermeeschter, léif Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

Ech hunn haut di grouss Éier a Freed als gewielte Member vum Gemengerot stellung ze huelen. Ech wëll awer och vun dëser Platz ee grousse merci soen un all déi di mir hiert Vertrauen geschenkt hunn. 

Ech wëll awer och dem Monique Heinen, Merci soen fir hiert Engement an och eiser ganzer Equipp déi hannert dem Koulissen schafft. 

Mir Gréng setzen eis mat Häerz a Séil fir eng méi nohalteg an zukunftsfäeg Stad Diddeleng an – an domadder och fir dWuel vun eisen Biergerinnen a Bierger.

Mir sinn elo ganz laang an der Oppositioun. Mir féiere och scho ganz laang konstruktive Gespréicher mam Schëfferot, deen da „méi oder manner“ loyal eis Proposen iwwerhëlt.

No enger Covid-Kris, eng Energie-Kris, an eng massiv Hausse vun den Zënsen méi spéit, bléift de Logement weiderhi ganz uewen op der Agenda. 30 Joer laang war d’Logementspolitik op nationaler Ebene inexistent – an de leschte Joeren huet sech allerdings vill beweegt. 

Och d‘Gemengen hunn am Logement eng Responsabilitéit ze droen. Déi Responsabilitéit haten se nach ëmmer, mat méi oder manner gudde Resultater am Beräich vum abordable Wunnraum hei zu Diddeleng.

Mat 3 bis 4 Prozent „sozialem Wunnengsbau“ – wéi e bis elo ëmmer genannt ginn ass – huet Diddeleng alles anescht wéi zu de Championë gehéiert – loin de là.  

Mam Projet vum Quartier Nei Schmelz ass allerdings Beweegung an d’Spill komm an dat begréisse mir als gréng ganz kloer. 

De grousse Moteur hannert desem Projet ass de Staat, a méi speziell de Logementsministère, dee 500 Milliounen zu Diddeleng investéiert fir de Quartier Neischmelz ze realiséieren – an d’Gemeng Diddeleng iwwert dee Wee mat an d’Boot geholl huet – oder besser gesot mat der Hand geholl huet – fir dat ze realiséieren, wat Diddeleng scho joerelaang virdru gebraucht huet.  

Ëmmerhi geet et jo drëms, eiser Jugend, mee iwwerhaapt jidderengem d’ Méiglechkeet ze ginn, eng Wunneng hei zu Diddeleng ze kafen oder ze lounen, fir kënnen hei wunnen ze bleiwen – oder fir kënnen op Diddeleng wunnen ze kommen.

Jo mir wäerten deemnächst méi abordabel Wunnengen duerch de Projet Neischmelz kréie … a grad Neischmelz wier eng gutt  Geleeënheet fir nei experimentell Wunnformen auszeprobéieren. Stéchwuert: gréng Facaden, gréeng Diecher, Zären um Dach, Terrain ënnert Emphyteuse zur Verfügung stelle fir Wunngemeinschaften a Genossenschaftekënnen ze bauen.

Ech kommen kuerz zu der Buedemversiggelung. Mir mussen eis Plankultur emdénken andems mir ophale betons Wüsten ze bauen! Am ëffentlech Raum an awer och am privte Virgäertchen.

Fir iech direkt e Beispill ze nennen fällt mir direkt hei virun der Gemeng di grouss versiggelt Platz. Mir kéinnten do vill méi Gréngs oder waasserduerchlässeg Inselen virgesi fir ee Bessere Mikro-klima, eng besser Fiichtegkeets-reglatioun, CO2 ophuelen, Schied am Summer fir eis Stad ze killen a Sauerstoff ze produzéieren.

Eis, léit um Häerze vill méi Gemeinschaftsgäärt, urban gardening an urban farming opzeriichten. Enger säit fir de pedagogeschen Aspekt an anersäit fir de sozialen a Ëmwelt Aspekt. Sécherlech gi mer dermadder net onofhängeg vu grouss Konzerne, mee et ass wichteg den zukünftege Generatiounen de richtege Wee ze weise … dh ufänke Lokal a saisonal ze produzéieren a konsuméieren.

Ee weidere Punkt den den Här Steffen schon ugeschwat huet dofir wäert ech net an den Detail goen…mee ech wëllt et awer gesot hunn.

Liewensqualiteit ass sech och kënne fräi beweegen; virun allem zu Fouss oder mam Vélo, onofhängeg si vun Transport an Auto …dofir ass et wichteg vital Funktioune matenee ze verbanne mat enge secondäiren a séchere Réseau. Stéchwuert wier hei: mam Vëlo op d’Schaff oder sécher zu Fouss an d’Schoul…

Mir brauchen och lieweg Quartier’en mat Bänken, Grillplatzen, Ping-pongs Dëscher, Pétangs-platzen, Parken, gréng Platzen, coulés vertes‘en… Gréngs brauche mir fir den sozialen an kulturelle Kontakt ze förderen, fir ofzeschalten, sech dobaussen opzehaalen an och fir de „vivre ensemble“ ze ennerstëtzen.

Fir eng reel Visioun vum „vivre ensemble“ an dem Besoin’en vun de Léit ze fillen ass et eis wichteg eng participativ & integrativ Politik ze féiere wou all Bierger ka matschwätzen. Mir mussen dann all di mosaiksstécken zesummefügen an en flott Bild dorausser maachen. Fir eis war schon emmer Biergerbedeelegung en essentielle Punkt fir d’Entwécklung vun Diddeleng. Biergerbedeelegung soll awer och fir aner kontexter organiseiert ginn wéi z.Bsp besser iessen-Ernieren, lokal konsomatioun, lokal Produktioun, Verkehrspolitik, Zuchverbindungen, Wohnungspolitik … wann een sech bedeelegt, dann ass een och en Deel vun der Léisung!

Nach ee leschte Punkt. Di Diddelenger Gemeng schreift Inclusioun ëmmer ganz grouss mee an der Realitéit sinn all eis Geschäffter an der Groussgaas mat 1 oder 2 Trett vum Trottoir ofbegrénzt… do ass nach Verbesserungspotential. Mir brauchen ee barrierefräien ëffentleche Raum an dat och net nemmen schwarz op wäiss opschriwen et soll och ëmgesat ginn.

Clin d’oeuil: Ech si frou haut ee weisse bic (biodegradabel) vun der Gemeng ze kreien „mateneen“ well ech mierken dat soss zimmlech alles rout ass! AN bei de Ressoren vun der Gemeng hutt der 2x LOGEMENT.

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an dir Hären, dat alles gesot, hoffen ech weider hin op eng konstruktiv a fäir Zesummenaarbecht.