background background

Diddeleng

Untrëttsried vum Yves Steffen - 14/07/2023

Här Buergemeeschter, léif Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

Ech sinn an éischter Linn emol ganz frou, haut kënnen hei ze sëtzen an eng Untrëttsried als Member vum Gemengerot dierfen ze halen, an dofir e grousse Merci jidderengem deen mech heihi gewielt huet.

Vu menge 35 Joer hunn ech déi läscht 32 Joer hei zu Diddeleng gewunnt a gelierwt. Meng Sichcritèren fir meng Jonggesellewunneng war “Diddeleng” an eben de Budget, deen ech demols hat, déi selwecht Critèren haten meng Fra an ech e puer Joer duerno bei der Sich no eisem Haus en vue fir eng Famill hei ze grënnen. 

Ech sinn demno ganz frou an dëser wonnerbarer Stad ze wunnen. Diddeleng ass eng lierweg Staadt an deeër d’Kultur, de Sport, d’Gastronomie an d’Nuetslierwen, et lierwenswert maachen hei ze wunnen a wat et engem erméiglecht e sozialt Lierwen opzebauen, wou mëcht dass een eis Diddelenger noseet “déi Diddelenger, bleiwen emmer an hierem Diddeleng wunnen”.

D’Papp-sinn a virdru schonn d’Papp-ginn, hunn bei menger Fra a mär namol ganz aaner Ängscht getriggert an Iwwerleeungen mat sech bruecht.

Allem Virop d’Klimakris.

Dës schwierwt säit Joren iwwert eis a gëtt vun de meeschte Parteien an der Politik leider ähnlech behandelt ewéi e Neijorschvirsaz vun engem zimmlech inkonsequente Luftikus: “am neie Joer gëtt besser opgepasst”, “den Dokter soot schonn ech misst mech méi beweegen, soss kéint ech am Alter Schwieregkeete mam Härz kréien”, “Alkohol an Zocker dierf ech eigentlech keen méi drénken, mee et lierwt ee jo just emol”… 

Esou oder esou ähnlech gëtt leider och mat der Gesondheet vum Planéit emgaangen, der Grondexistenz vun eisem dosinn, eiser Zukunft. Mär wëssen wat d’Wëssenschaft seet, mär kennen d’Kipppunkten, mär wëssen wat mär eigentlech net méi dierfe maachen, fir dat Schlëmmst ze verhënneren an awer behuelen mär eis a groussen Zich esou, ewéi wann et keen “muer méi misst ginn”. Eise Problem ass dobäi allerdings deen, dass d’Generatiounen no eis nach musse mat eisem schwéier kranke Patient lierwen. 

Ech maache mär Suergen em eise Planéit! 

D’Artestierwen, de Biodiversitéitsverloscht, d’Naturkatastrophen, d’Onbewunnbarkeet vun emmer méi Regiounen vun der Welt an den domat vebonnenene Klimaflüchtlingen… Dës Suergen hu gemaach, dass ech mech politesch engagéiere wollt an mär eng Kaart bei der grénger Partei geholl hunn. T’ass dës Partei, déi als eenzeg bei hierem Kärsujet keng Kompromësser ageet an déi de Bierger.innen net vermëttelt, dass “e bësse Klimaschutz, e bëssen Arteschutz, e bëssen douce mobilitéit, e bësse Gewunneschten änneren schonn duer geet”.  

T’ass keen einfache Match, an der do Thematik éierlech mat de Leit ze sinn an awer wëlle gewielt ze ginn, virunn allem dann, wann d’politesch Konkurrenz mierkt, dass d’Thema akkut ass, de Patient schonn den éischte Stent huet an e regelméisseg a sengem Lifestyle erënnert gëtt, dass et net méi kann esou weider goen… Dann gëtt d’Polemik ausgepaack, dann ginn d’Leit a net de Ball gespillt. 

Et mëcht mech rosen a motivéiert mech emsou méi, Verfächter vun eise Grénge Werter a Prinzipien ze sinn, hei zu Diddeleng awer och allgemeng an eiser Gesellschaft durch en “walk your talk”. Andems mär net just Léisungsméiglechkeete priedegen, mee se och virlierwen. Andems mär net perfekt sinn, eis a Fro stellen an an d’Diskussioun kommen, eist Behuelen upassen, a vu vir ufänken… just esou geet de Léierprozess! Do schwätzt de Pädagog a mär… 

Et steet vill um Spill an et geet drëms d’Leit mat ze huelen, andeems mär Offeren schafen, déi zum Wiessel vun Gewunnechten féieren. Mär hunn awer net méi d’Zäit vu Legislaturperiod zu Legislaturperiod ze denken an den Zyklus vum Léierprozess all 6 Joer minimalistesch an hallewhärzeg un ze goen… dat soen net “déi Gréng”, dat seet d’Wëssenschaft.

T’ass an der Lokalpolitik wou den Alldag vun den Diddelenger.innen sech ofspillt. Hei wunnen se, bréngen d’Kanner an d’Schoul, ginn op de Sport a lierwen hiert Lierwen an der Noperschaft. Et muss Prioritéit vun de politesch Verantwortleche sinn d’Lierwensqualitéit z’erhalen …oder ze verbesseren… andems mär eist Lierwen mat a net géintd’Awunner.innen, d’Natur an d’Emwelt riichten. Andems mär zesummen Diddeleng nohalteg gestalten, Klimaresilient maachen, e Sëcherheetsgefill fir eis Jugend net just am Mayrisch Park oder am Schoulhaff mee och an der mobilité douce schafen. Diddeleng huet all dat, fir och hei zu Lëtzebuerg Virbildcharacter ze kréien an ech si bereed konstruktiv… a wann et muss sinn kritesch konstruktiv… aktiv eng Hand do mat unzepacken. 

Ech erwarde mär dofir awer och, dass meng… dass eis… Virschléi beim Schäfferot Gehéier fannen. An dass dës och esou am Sënn vun eiser Demokratie, transparent den Diddelenger Bierger.innen matgedeelt ginn an d’Oppositiounsaarbescht eng gläichberechtegt… well ëffentlech finanzéiert… Bühn kritt. Villäicht ginn “meng Stad”, d’Gemengefotoen, d’Präbbelien, d’Sonnestill an d’Geranien op der Fënsterbänk vun der Gemeng jo emol esou faarweg ewéi Diddeleng et schonn ass. 

Merci. 

Yves Steffen