background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot - Juli 2023

Am Juli hu mäer 2 Froen un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.

230714 – Place Thierry van Werveke

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu folgende Froe Stellung ze huelen.

Den Donneschden 29.6.23 war en Event zu de 75 Joer Porsche am Lokal vun der “Kantin” an op der Place Thierry van Werveke. Ronderëm dësen Event (Op- an Ofbau) war deemno vill um Vëloswee/Trëppelwee lass fir d’Autoe fir d’Ausstellung op de Site ze bréngen. Dëse Site soll en ökologesche Quartier ginn, andeems den Auto net d’Haaptplaz huet, ma d’douce Mobilitéit. 

An deem Kontext eis Froen un de Schäfferot:

– Wéieng Servicer hunn eng Autorisatioun gi fir den Event op enger ëffentlecher Gemengeplaz (place Thierry van Werveke)? Huet de Fonds du Logement och eng Autorisatioun heivir ginn?

– Huet Porsche oder d’Kantin eng Locatioun fir d’Notzung vun der ëffentlecher Plaz bezuelt?

– Wéi ass d’Notzung vun dëser ëffentlecher Plaz gereegelt?

– Kënnen och privat Leit Fester vun esou enger Envergure op dem Site feieren? 

– Wéieng Moossnamen huet de service de la circulation virgesinn, fir dass d’Opbau- an Ofraumaarbechten op der Vëlospiste  d’Notzer.inne vum Wee net a Gefor bréngen? 

Allgemeng zur Notzung vum Site dann:

– Wéi ass d’Notzung vum “Chantiersparking” (am bloe Krees cf Bild) an den Emplacement vun de Blumenbacen/3 Pottoen op der Vëlospiste gereegelt?

– Fanne Kontrolle statt, dass do wierklech just Autoen driwwer fueren déi fir Liwwerung/Chantier zoustänneg sinn?

– Wat ass ugeduecht fir dass d’Wëllparken op der Wiss (beim Dirtparcours – blo marquéiert) ënnerbonne gëtt? Wëssend dass genug offiziell Parkplaze ronderëm de Site ze fanne sinn (rout marquéiert).

– Gi Clients-Parkplaze fir personnes à mobilité réduite beim Restaurant Kantin amenagéiert ?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova             Yves Steffen


AENTWERT VUM BUERGERMEESCHTER A SCHÄFFEROT vum 28.07.2023


230714 – rue Edison

Am Numm vun der CSV an déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu folgende Froe Stellung ze huelen.

Am Kader vun der Ëmsetzung vun der SUMP-Planung an dem domat verbonnenen Erhéijen vum Prozentsaz vun den Trajete mat der mobilité douce schéngt et eis wichteg eng qualitativ héichwäerteg a virun allem sécher Vëlosinfrastruktur den Diddelenger Bierger*innen unzebidden. Als Häerzstéck sinn d’Nord-Süd an d’Ost-West Achs zwou imminent wichteg Trajectoiren duerch Diddeleng. D’Ost-West Achs vum Reseau vun de Vëlospisten zu Diddeleng verleeft entgéint dem sens unique an der Rue Lentz Richtung Rue Edison. Wann ee bei dëser Kräizung eraus kënnt leed d’Beschëlderung de Vëlosfuerer allerdéngs an d’Rue Edison, déi op dëser Plaz 50km/h erlaabt, Einbahnstrooss ass a näischt virgesäit, dass Vëloe kënnen an d’entgéint gesate Richtung fueren (cf. Foto 1 an 2).

Am Interview tëscht der asbl “Vëlo Diddeleng” an RTL, war dat den 22.1.2023 ënner anerem och Thema: https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/2021885.html 

Opgrond vun dem Kontext an dem Vëlosummer hu mir folgend Froen un de Schäfferot:

  • Ass de service de la circulation aktuell mat der Thematik befaasst?
  • Wéieng Léisung gesäit de service de la circulation vir, fir d’Ost-West Achs op dëser Plaz ze sécheren?
  • Gouf de Ministère scho consultéiert fir hei eng séier Léisung ze fannen?
  • Wéi kann et sinn, dass op dëser Plaz, säit ville Méint e geféierleche Mëssstand bestoe gelooss gëtt?
  • Ass d’Responsabilitéit gekläert am Fall wou hei eppes geschitt? D’Gemeng leed ëmmerhi via Beschëlderung de Cyclisten an e sens unique eran.

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Claude Martini              Yves Steffen


AENTWERT VUM BUERGERMEESCHTER A SCHÄFFEROT vum 28.07.2023