background background

Diddeleng

De Gemengerot,

– Stellt fest, dass de Minister a senger Äntwert op eis Motioun vum 5. Februar 2024, vun « deployement » a net engem « retrait » vun Agente schwätzt. Dëst dréckt e « Bereetstellen » oder « Emverdeelen » vun Agenten aus. Aus der Perspektiv vun Diddeleng, dat op d’Polizisten aus der Ekipp Süd-West ugewisen ass, bleift et nawell e faktuellt « Ofzéien » vun eben deene Polizisten, déi fir d’Kommissariat Diddeleng

zoustänneg sinn.

– Stellt fest, dass am Äntwertschreiwes vum Innenminister vum 23. Februar 2024, den Ofzuch vu Polizisten aus der Ekipp Süd-West virun allem mat Stater Kommunalpoliteschen Argumenter begrënnt gëtt. Der Doleance vum Diddelenger Gemengerot, andeems e freet d’Ofzéie vu Polizisten aus der Regioun Süd-West réckgängeg ze maachen, gëtt domat net Rechnung gedroen. Vu dass et sech net ëm eng Fro vun nationaler Sécherheet handelt, ma em eng kommunal Decisioun (e.a. dat sougenannten « Heescheverbuet » an d’Sécherheet am Garer Quartier), gëtt probéiert Gemenge géinteneen auszespillen.

– Stellt fest, dass den Innenminister op eng Manifestatioun vum 3. Februar 2024 verweist, bei där d’Organisatrice laut Artikel am Wort vum 5. Februar 2024, eng Lokalpolice fuerdert, déi de Véirel kennt. Dëst steet am Widdersproch zur ernimmter Positioun a senger Äntwert, d’Regierung wéilt de Recrutement vu Polizisten erhéijen. Et passt och net zum Fait, dass Poliziste, vun ausserhalb der Stad, elo do intervenéiere mussen.

– Stellt fest, dass sech un der Surcharge vun den, fir d’Kommissariat Diddeleng zoustännege Beamten näischt geännert huet. Et ginn och keng Pisten opgezeechent, wéi der Surcharge kuerz- a mëttelfristeg entgéint gewierkt soll ginn an et steet keen Enn vun der Mesure a Siicht.

– Stellt deemno fest, dass d’Äntwertschreiwes vum Innenminister, sech zum Deel widdersprécht an de Froe vum Diddelenger Gemengerot net Rechnung dréit.

Invitéiert de Schäfferot:

D’Äntwert vum Innenminister net esou stoen ze loossen an en Äntwertbréif am Numm vum Gemengerot un den Innenminister z’adresséieren. Heira soll gefuerdert ginn:

– dass d’Ofzéie vu Polizisten aus der Regioun Süd-West réckgängeg gemaach gëtt, well dës Ekipp och fir d’Kommissariat Diddeleng gebraucht gëtt a fir d’Sécherheet vun de BiergerInnen zoustänneg ass;

– dass mir Erklärungen zum Enn vun dëser Mesure kréien. Wéini kënnt d’Mesure op en Enn? Wat sinn d’Krittären, heivir?

– dass transparent duer geluecht gëtt, wéi vill Aarbechtsstonnen insgesamt säit Ufank vun der Mesure aus der Regioun Süd-West of gezu gi sinn, fir an der Stad Lëtzebuerg ze hëllefen.

– dass transparent duer geluecht gëtt um Ofschloss vun dëser Mesure, wat se schlussendlech bruecht huet.

Semiray Ahmedova, conseillère communale

Yves Steffen, conseiller communal

Annexe 1 – Artikel Wort (1. Februar 2024)