background background

Diddeleng

Yves Steffen

  • Gemengeconseiller & Instituteur spécialisé en développement scolaire
  • Spëtzekandidat
Separateur

Yves Steffen – 35 Joer – Schoulmeeschter / Spezialiséiert am Beräich Schoulentwécklung

Nodeems hien als Schoulmeeschter an der Grondschoul geschafft huet, huet hien sech am Beräich Schoulentwécklung weidergebilt an ënnerstëtzt am Optrag vum Fortbildungsinstitut fir Enseignanten (IFEN) Schoulen an Enseignanten. Déi aktuell Entwécklungen an Erausfuerderungen vun der Bildungslandschaft sinn him en Uleies.

E weidere Schwéierpunkt ass fir hien d'Mobilitéit an dat an all hire Formen. Als Matgrënner vun der ASBL "Vëlo Diddeleng" ass et him wichteg op méi wéi just ee Verkéiersmëttel ze setzen an domat all de Bierger*innen Accès op Mobilitéit z'erméiglechen.

Bestuet, Papp vun engem Meedchen. Hobbyen: Vëlofueren, Sport am Allgemengen, Concerten a Konscht erliewen.