background background

Diddeleng

Vera Bintener

  • Educatrice graduée
  • Kandidat
Separateur

Vera Bintener - 57 Joer - Sozialpedagogin

Gepacst, wunnt zënter 2011 zu Diddeleng an ass fir déi gréng an der Chancëgläichheets- an an der Kulturkommissioun. D’Kannerrechter, d‘Rechter vu Mënsche mat Behënnerungen, d’Chancëgläichheet an eng inklusiv Gesellschaft sinn hir immens wichteg. Sie setzt sech besonnesch am Beräich onsiichtbar Behënnerungen dofir an, datt déi mental Gesondheet gefërdert an den Tabutheema Suicide gebrach gëtt. Sozialen Engagement, d’Wäertschätzen an d’Erhale vun der Natur an der Biodiversitéit, e gudden ëffentlechen Transport a gesond, regional a biologesch Ernierung leien hir um Häerz.

Dobaussen an der frëscher Loft, op Reesen, beim Fotograféieren, Wanderen, Vëlofueren a bei kulturellen Aktivitéite fillt se sech am wuelsten. Zënter kuerzem ass se Benevollen am Ëmweltberäich.