background background

Diddeleng

Sandro Farneti

  • Logisticien
  • Kandidat
Separateur

Sandro Farneti - 41 Joer - Logistiker

Vertrëtt déi gréng an der Bautekommissioun. No sengem Studium (Master an der Geographie an an der Logistik) schafft hien zënter 15 Joer am Familljebetrib am Beräich vun der Informatik, de Steierungssystemer fir Gebaier, an der nohalteger Entwécklung. War als Kand aktiv bei Greenpeace (Greenhoppers). Als gebiertegen Diddelenger hunn déi verschidde Kulturen, Sproochen, an de ganz besonneschen Dynamismus vun dëser Stad hie gepräägt. Fir hie bedeit "Liewensqualitéit" e Gläichgewiicht tëschent Naturschutz, Wirtschaft a Kultur ze schafen, an deem sech jiddereen erëmfënnt. Internetzougang an eng Erzéiung zu de neie Medie sollen e Grondrecht sinn.

De Sandro ass bestuet a Papp vun engem Meedchen an engem Bouf. Et gefält him d’Welt an d’Mënsche mat senge Kanner nei ze entdecken. Musek, Computeren a Gesellschaftsspiller zielen zu senge léifsten Hobbyen.