background background

Diddeleng

Robert Garcia

  • Consultant
  • Kandidat
Separateur

Robert Garcia, genannt « Roga » - 68 Joer - Consultant

Nodeems hie Mathésproff, Responsabel vun enger Entwécklungs-ONG, Journalist a Radiodirekter, Politiker, Responsabel vum Kulturjoer 2007 a schliisslech Direkter vun de Rotonde wuar, profitéiert hie vu senger Pensioun, fir onofhängege Consultant ze spillen.

Op politeschem Niveau ass hie bekannt als Grënner vun der grénger Partei, 11 Joer gréngen Deputéierten a 4 Joer gringe Gemengeconseiller zu Diddeleng. Seng Schwéierpunkte sinn den Zesummenhank vun Ëmwelt- a Wirtschaftspolitik an natierlech Kultur. Demokratie an Transparenz an der Gemeng sinn him wichteg Uleies. Als Hobbye bleiwen him de Guart, Radio a Musek, Reesen a Liesen.