Francise Grimler

- Éducatrice graduée e.r.
- Kandidat

Francise Grimler – 60 Joer – Éducatrice graduée e.r.
Säit dem Alter vu fofzéng Joer a verschidden ONGen engagéiert (Amnesty International, Mouvement Écologique, Croix Rouge…). Schafft säit der Ouverture vum Centre d’accueil Croix Rouge zu Diddeleng als Bénévole mat Refugiéen.
Huet sech berufflech wéi privat fir d’Orientatioun an d’Ausbildung vu Jugendlechen agesat, grad ewéi fir déi professionnell Reorientatioun vun Erwuessenen.
Um Häerze läit him d’Integratioun vun alle Matbierger an datt jiddereen eng aktiv Roll kann iwwerhuelen a senger Stad Diddeleng an zu Lëtzebuerg.
Virun allem de schounenden Ëmgang mat de Ressourcen an d’Offallvermeidung sinn him wichteg, grad ewéi d’Erhale vun der Biodiversitéit an de Schutz vum Klima.
Seng Hobbye sinn: Wanderen, Natur, Sport, Liesen, Musek