background background

Diddeleng

Alex Christoffel

  • Bibliothécaire-documentaliste
  • Kandidat
Separateur

Alex Christoffel - 57 Joer – Schoulbibliothécaire

Zënter 57 Joer mat Läif a Séil Diddelenger war hien déi lescht 6 Joer fir déi Gréng a verschiddene Gemengekommissiounen (Kultur, Bauten a Verkéier). Biergerbedeelegung ass fir hie keng Floskel; hien huet sech a ville Workshops aktiv bedeelegt, well eng nohalteg an naturno Stadentwécklung him um Häerz läit. Fir d’lokal Wirtschaft z‘ënnerstëtzen, si fir hien d‘Diddelenger Geschäfter a Betriber ëmmer den 1. Choix. Als leidenschaftleche Foussgänger sinn him Verbesserunge fir douce an aktiv Mobilitéit besonnesch wichteg.

Hien ass als Benevole beim internationalen Diddelenger Uergelfestival a - concours engagéiert. Entspanung sicht hie beim Spadséieren a bei der Aarbecht a sengem klengen naturnoe Gaart, wou hien nieft Uebst a Geméis och Onkraut fir Insekten a Villercher wuesse léisst.