background background

Diddeleng

Questions aux bourgmestre et conseil échevinal – juillet 2025

En juillet nous avons posé 2 questions au Bourgmestre et du Collège échevinal de la commune de Dudelange.


Un den Här Buergermeeschter an un d’Damen an Häre Schäffe vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froe betreffend dem Ëmgang mat der rezenter Canicule Stellung ze huelen. De Méindeg 30.6.2025 ass opgrond vun der Hëtztwarnung (vigilance orange), déi MeteoLux fir den 1. Juli a fir dat ganzt Land ausgeschwat huet, d’CERI (cellule d’évaluation du risque intempéries) fir eng Analys vun der Situatioun zesumme komm. Dat well den 1. Juli vun 12:00 bis 21:00 Auer tëscht 32 a 35 Grad erwaart gi sinn an den 2. Juli, iwwer 35 Grad ugekënnegt goufen. Am Laf vum 1. Juli ass d’Warnstuf vu Meteolux op « alerte rouge » héich gestuuft ginn.

D’Sécherheet an de Schutz vun der Gesondheet vun de Salariéen ass laut Aarbechtsrecht an der Responsabilitéit vum Patron. Hien decidéiert ob ouni Gefor fir Gesondheet a Sécherheet ka geschafft ginn. Dëst ass och bei grousser Hëtzt de Fall an engem méiglechen « chômage pour intempéries ». D’ITM recommandéiert, dass d’Temperatur, do wou geschafft gëtt, net iwwer 26°C soll sinn.

Dënschdes, den 1. Juli huet den Educatiounsminister op eng parlamentaresch Fro vun « déi gréng » vun enger nationaler Dispens vun der Schoulpflicht ofgesinn an d’Schäfferéit an d’Schouldirektiounen an d’Situatioun bruecht, dës schwiereg Decisioun selwer musse, lokal, ze huelen.

Lokal sinn hei, vun de Gemengen, déi responsabel si fir d’Schoulgebaier, den 1. Juli am Laf vum Dag ëmmer méi Gemengen op de Wee gaangen, d’Kanner vun der Schoulpflicht den 2. Juli ganz oder ab 12 Auer ze dispenséieren. Fir d’Gemeng Diddeleng huet et nach am spéiden Nomëtte geheescht, dass vun enger genereller Dispens vun der Schoulpflicht géing ofgesi ginn (Annexe 1). D’Dispens fir den den 2. Juli ab 12 Auer, koum méi spéit. Wéi bei de Schoulen, sou sinn och am Laf vum 1. Juli ëmmer méi Gemengen (e.a. och Esch) op de Wee gaangen z’annoncéieren, dass Mëttwochs den 2. Juli eenzel Servicer géingen ab 12 Auer zou maachen opgrond vun der Hëtzt. Zu Diddeleng koum d’Annonce den 2. Juli selwer géint Mëtteg, dass d’Servicer ab 17:00 amplaz 19:00 zou wieren (Annexe 2).

Och wa mär positiv hannert de getraffen Decisioune stinn, bleiwen eis Froen zur Kommunikatioun vun eben dësen:

1. Wéi erkläert de Schäfferot sech, dass d’Decisioun vun der Dispens vun der Schoulpflicht bei de Schüler aus der Primärschoul relativ spéit, kommunizéiert ginn ass? Wëssend, dass et fir de (net schoulpflichtegen) Precoce, länger kloer war?

2. Wéi kënnt et, dass d’Decisioun vun der Fermeture vun der Gemeng den 2. Juli ab 17 Auer esou kuerzfristeg, an am Laf vum Dag selwer komm ass?

Wëssend, dass extreem Wiederlagen, ewéi Hëtztwellen, duerch de Klimawandel, ëmmer méi heefeg wäerte virkommen, schéngt eis Previsibilitéit a Planung wichteg. Dës ass souwuel fir d’Gemengebeamten, d’Léierpersonal, d’Elteren an d’Bierger allgemeng wichteg (e.a. fir am Fall vun extremer Hëtzt no personnes vulnérables kucken ze kënnen). E « Plan Canicule » hëlleft ënner anerem Decisioune vu Fermeturë vu Schoulen, Servicer an Administratioune méi séier ze treffen an d’Bierger a Personal am Virfeld ze informéieren.

3. Huet d’Gemeng Diddeleng en sou genannte « Plan Canicule »?

4. Am Fall wou d’Gemeng Diddeleng keen esou e Plang huet:

  • Wisou ass dat esou?
  • Ass virgesinn, esou ee Plang opzestellen?
  • Fir wéini wier heimat ze rechnen?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal


Un den Här Buergermeeschter an un d’Damen an Häre Schäffe vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froe betreffend der digitaler Kommunikatioun innerhalb der Gemeng Stellung ze huelen.

Am Kader vun der Canicule huet, esou wéi dat och soll sinn, eisen Informatiounen no jiddereen, deen op der Gemeng schafft, e Mail kritt mat Recommandatiounen am Ëmgang mat grousser Hëtzt. Dës Mailen, déi un déi ganz Beleegschaft geschéckt ginn och bei aneren Occasiounen, ginn iwwer de Wee vun « all users » automatesch u jidderee geschéckt, deen an dësem Verdeeler ass.

Mär stellen allerdéngs fest, dass de Gemengerot dëse Mail net kritt huet an deemno net am Verdeeler « all users » dran ass. Mailen, déi un d’ganz Beleegschaft vun der Gemeng ginn, sinn an eisen Aen allerdéngs och wichteg a relevant fir d’Conseilleren, domat si um Lafende sinn, wat d’Personal un Informatioune kritt huet.

Aus dem Grond hu mär follgend Froen un de Schäfferot:

1. Ween decidéiert wien a wéie Verdeeler kënnt?

2. Wisou sinn d’Gemengeconseilleren net am uewe genannte Verdeeler?

Weider notzt d’Gemeng den Outil Microsoft SharePoint, fir Dokumenter ënnerteneen ze deelen. De Gemengerot huet een Dossier mat den Dokumenter zu de Gemengeréit an och en Dossier zu de Rapporte vun de Kommissiounssitzungen.

3. Ween leet fest op wéi eng Dossieren de Gemengerot zou gräife kann?

Dës Plattform ass sënnvoll fir Accès op déi aktuellst Dokumenter ze hunn, déi wichteg sinn d’Entwécklungen an der Gemeng kënnen ze suivéieren (e.a. Organigramm, Kommunikatiounen un d’Personal, Rapporten, asw.). An dësem Esprit wollte mär vum Schäfferot wëssen:

4. Wéi eng relevant Dossiere ginn et nach op dëser Plattform?Zu gudder läscht gëtt et dann nach e Gemengen-internen Kommunikatiouns-Intranet, op deen de

Gemengerot keen Accès huet an dësen als éischt ufroe muss. Ech hat den 2. Juli eng Demande gemaach fir den Accès op den Intranet ze kréien. Ech krut dëse bis Stand haut (14.7) net accordéiert (Annexe 1).

5. Ween validéiert/accordéiert dës Demanden?

6. Wisou bleiwt dem Gemengerot den Accès op den Intranet virbehalen?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal