Reaktioun op d'Schäfferotserklärung - 14/07/2023
Här Buergemeeschter, léif Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot,
Ech hunn, well et deen éischte Positionnement an deeër Art vu menger Säit ass, an den Archiven nogesicht, wat dann an der Schäfferotserklärung 2017 stoung an wat an dem jeweilegen Gemengerot gesot ginn ass. Als Evergreen schingt d’Abannen vun der Oppositioun dann wirklech Dauerthema ze sinn bei de Virhaben vun der Majoritéit. Sou schingt de Wonsch jo reellement ze bestoen, Diddeleng #zesummen weider ze bréngen. Wéi d’Traditioun et wëll, begréissen ech dëst Virhaben, well et jo genau dem entsprëcht, wou ech a menger Untrëttsried gefuerdert hunn. Ech hoffen just, dass d’Traditioun an dem Sënn gebrach gëtt, dass déi konstruktiv Zesummenaarbescht no e puer Joer an de Rieden vun der Oppositioun op der Vermësstelëscht optaucht.
Allgemeng sinn ech berufsbedingt frou driwwer, dass d’Bierger.innen fréi a vill an d’Prozesser agebonne solle ginn. Ech hunn elo den Dënschdeg d’Chance gehat un der Biergerversammlung vum Quartier Balzeng, als Awunner, Deel ze huelen… esou Formater brauch et. Well wéi an der Reunioun gesot ginn ass « d’Awunner kennen hiere Quartier am beschten ». T’ass genau dat, wat mär och an eisem Walprogramm de Wieler.innen proposéiert hunn. D’Fro déi mär bliwwen ass, ass déi, ob een beim Ausschaffen vun dem partizipative Prozess, net sollt d’Oppositioun vu vir era mat an d’Boot huelen. Esou kinnten all gewielte Vertrieder virunn a net hannert dem Cortège vun der Partizipatioun mat trëppelen… dat géing virunn allem der Saach gutt doen.
Ech wier kee Vertrieder vun dene Gréngen, géing ech den Abschnitt vum Shared Space onkommentéiert stoe loossen, ouni op dëser Plaz d’Thema « Foussgängerzon » unzeschneiden. Hei sinn ech allerdings der Meenung, dass et keen schwarz a wäiss, oder an dësem Fall rout a gréng Denken onbedingt muss ginn. Et gi Nuancen dotëscht an esou hu mär et begréisst, dass d’Hallschent vum Joer, de ganze Mutt vun der Majoritéit do war, eng mi-temps Foussgängerzone an ze riichten. D’Liewensqualitéit am Zentrum ass an eisen Aae gewues, d’Terrasse ware voll mat Leit an d’Geräuschkuliss war net gestéiert durch eng Tuningshow. Et war an ass aktuell super an et spiert ee sech ewéi am Süden. Iwwer Nuancen schwätzend stéiert eis allerdings de Punkt dass dat just soll « en période estivale » sinn. Konzepter a Gewunneschten riichten sech eiser Meenung no net no der Saison an och net onbedingt nom Wieder. En Ausbau vun dem, mär kënnen en och « Autofräien Shared Space » nennen, kéint een sech och gutt virstellen ab der Mëttesstonn, wann d’Restaurateuren d’frësch Wuer geliwwert kruten an de Kach se zoubereet op den Teller leet.
Do géing ech den Iwwergang dann direkt op d’Thema Mobilitéit maachen. No der läschter Schäfferotserklärung, den 23.11.2017, huet ee vu menge grénge Virgänger de Robert Garcia, d’Pistes cyclables nach als « Loch Ness vun dem Diddelenger Autoséi » bezeechent. Dem Rapport vun dem Gemengerot z’entliesen war d’Reaktioun vun der Verkéiersschäffin et wier… ech zitéieren « och einfach wichteg, datt mir kucken, alles wat nei geplangt gëtt, muss dee Vëlo vu vir era seng Roll kënne spillen ».
D’Fro déi mär eis stellen ass wéini dass dat dann ugoe soll mat dem Reflex? De SUMP gesäit vir, dass de gros vun den bannestättechen Trajeten an Zukunft soll mat der doucer mobilitéit gemaach ginn. Wéi ass et dann méiglech, dass eng Rue du Commerce… an och Staatsstroosse kënne jo mëttlerweil Velosfrëndlech sinn… nei gemaach gëtt, ouni eppes fir de Velo vir ze gesinn? Ausser de Velosstänner virum Velosgeschäft… Do ass net emol e sëcheren Iwwergang? Oder de quartier « a Bëlleg » ? Deen, vun dem wat ee biswell gesäit, och kee separate Veloswee kritt…
Wéi kann et sinn, dass op den Etuden zu de pistes cyclables vu 1995 méi a besser Velospisten ronderem den Eck rue du commerce/rue de la libération um Cover agezeechent waren, ewéi elo beim Restauréieren iwwerhapt gemaach gi sinn? Wéi wëlle mär d’Bierger.innen esou eigentlech sëcher an den Zentrum vun Diddeleng kréien, wann esou guer op esou Plazen e puer Wochen drop scho mussen Upassungen getraff ginn, well de Velo nach emmer komplett vergiess ginn ass? Wéi soll een esou de Wandel hi kréien op eng méi nohalteg, douce Mobilitéit, wann inklusiv Edison-Strooss einfach emol hallef Diddeleng net sëcher an op zesummenhängendem Velospistenréseau an d’Härz vun Diddeleng kënnt?
Ech si mat Sëcherheet op dësem Punkt zevill an den Detail gaang, an et géinge mär nach eng jett Inkohärenzen an dem Aker u Réseau afalen. Et erlabt mär awer d’Kéier ze kréien op a mengen Aaen d’Hapterausfuederung vun der urbanistescher Planung vun Diddeleng: Trotz projets phares, déi bestehend Quartieren net ze vergiessen. D’Konzepter vu Nohaltegkeet, Mobilitéit, Klimaresilienz brauchen e roude Fuedem durch ganz Diddeleng an do ass net d’wäisst Blat op dem et einegermoossen « einfach » ass ze Plangen, den Challenge, nee t’ass wuel éischter den Challenge, esou wéi mär et an eisem Walprogramm beschreiwen, de Raum tëscht bestehenden Facaden nei ze gestalten an nei opzedeelen. Do muss een d’Kand beim Numm nennen, bei 2 Autospueren, 2 Parksträifen, 2 Trottoiren an engem « soi-disant » Wunnquartier, mussen Verschiebungen statt fannnen, wann places de rencontre, Gréngs a couloiren fir d’mobilité douce sollen entstoen. Dëse Courage an d’ Determinatioun hunn ech an der Schäfferotserklärung esou allerdings net fonnt.
Fir d’Diddelenger cohésion sociale ze garantéieren, dierfen d’écarten tëscht de Bestands- an de neien Pharequartiers net ze grouss ginn: ech schwätzen ënner aanerem vu Schoulbau a Betreiungsstrukturen. Hei muss onbedingt opgepasst ginn, dass d’Angebot net op 2 Kilometer Fluglinn vu gëllenem Prunkbau op Zesummegebastels trëfft. Dat suergt net just bei den Elteren, dem Léier- an Educative Personal fir Verdruss mee virunn allem och bei deenen em déi et geet: eise Kanner. De Raum ass a bleiwt den drëtte Pädagog an t’ass an eisen Aaen wichteg, déi gutt Bildungslandschaft vun de Quartiersschoulen, net durch Qualitéitsschwankungen tëscht den eenzelnen Gebeier op d’Spill ze setzen. Durch qualitativ héigwäerteg Upassungen am Bestand, muss d’Chancegläichheet vun Betreiungs- a Bildungsstrukturen garantéiert ginn an dem edukativen Personal och d’Méiglechkeet ginn ambitiéis Konzepter kënnen emzesetzen.
Nierwt villen allgemengen Planungen vu Projeten, vaguen Richtungen, Entwécklungspläng an Etuden wou solle gemaach ginn, begréissen mär awer ganz kloer d’Ënnerstëtzung fir d’Associatiounen an de Sport. E Coordinateur sportif, personal a reimlech Ënnerstetzung fir déi fräiwëlleg Engagéiert, déi largement zum Sozialliewen vun Diddeleng bäidroen, dat kënnt alles besser gëschter ewéi muer. Eis Iddi aus eisem Walprogramm willt ech hei awer nach emol kurz duerleeën: mär sollte mat de Veräiner préiwen ob a wéi een d’Dagesbetreiung vun de Kanner an hiert Club-lierwen méi no beieneen brénge kann. Ginn et Clib wou einfach en Transport bräichten? Domat déi jonk op den Training kommen oder wier et denkbar, den Educateuren z’erméiglechen d’Clib personell z’ënnerstëtzen andems se d’Kanner aus de Betreiungsstrukturen mat op den Training huelen an se do, den Trainer um Terrain eng Hand mat upaacke kënnen. Esou Synergien, kinnten eis Clib entlaaschten, d’Benevolat ennerstëtzen an och den Elteren méi Méiglechkeete ginn hier Kanner um Sportslierwen Deel huelen ze loossen. Villäicht ass dat jo dann och ee Volet, wou mär Gréng mam Sportskoordinateur kinnten undenken.
Kommt mär huelen de positive Flow weider mat… weider ënnerstëtzen mär villes am Kapitel « Emwelt, Naturschutz an Energie ». Mär freeën dass mat der Mülltrennung an der Offallreduktioun zwee Punkten et an d’Schäfferotserklärung gepackt hunn, déi eis immens wichteg sinn. Öffentlech Mülltrennsystemer sinn heibäi sënnvoll a mär kinnten eis virstellen dës Iddi mat öffentleche Kompostméiglechkeeten ze kompletéieren, wëssend, dass a ville Residenzen, keng Biotonnen vun de Syndicen geholl ginn.
Bei de Projeten « Garden sharing » an der « Kreatioun vun Kooperativen fir Solarenergie op Gemengendiecher ze gewannen », ware mär frou, dass där eis Iddien opgegraff hutt, déi mär zum Deel scho laang fuederen.
Och beim Angebot fir eis Jugend freet et eis, dass d’Fräizäitangebot fir déi Jonk erweidert gëtt a mär si gespaant, wéi d’konkret Emsetzung tëscht den intergenerationelle Projeten henno wärt ausgesinn. D’Kulturstad Diddeleng, hunn déi Gréng nach emmer ënnerstëtzt, well et fir eis och en Ausdrock vu Kënstlerecher Fräiheet ass, fir déi mär stinn… t’ass awer och en Ausdrock vu Meenungsfräiheet dozou gehéieren fir eis awer och den Ausdrock vu Messagen am öffentlechen Raum, déi d’Saach a net de Mann spillen.
Domat ukomm am Quartier « Neischmelz »… e Quartier, fir deen et net déi éischt Schäfferotserklärung ass, wou e seng Bühn kritt. Dëse Quartier huet all d’Potential, fir richteg flott ze ginn, allerdings geet d’Schäfferotserklärung net esou wäit, dass vun « ecoquartier » Rieds ass an dass e méiglechst Auto-fräi soll sinn, wat bei all aanerer Geleeënheet awer soss esou duer gestallt gëtt. De Fait, dass et net hei steet, mëcht eis stutzeg an mär wärten eise Fokus drop leeën op dës zwee Fakteuren besonnesch opzepassen.
D’Schafe vun Satelitenbureauen a co-working spaces op der Grenz um Site « Greisendall » fannen mär optimal an hate mär dofir och an eisem Walprogramm stoen. Och dass sech weider jonk Talenter sollen a kënne selbststänneg hei zu Diddeleng maachen fanne mär gutt.
Bei der Santé publique ass am Plang fir déi nächst 6 Joer och kee gréissert Hoer an der Zopp ze fannen, d’Fro wou eis bleiwt ass déi vun esou Aktiounen ewéi engem « Sweet Event », dat kontradiktoresch zu all de gudde Beméiungen vun « Gesond Diddeleng » steet. Certes esou Aktiounen kommen kurz virunn de Walen gutt beim Wieler un, mee mat 3 Kiermessen, lokale Commercen a Restauratioun hu mär deeës Séissen eigentlech scho genug. An esou war déi geplangten, mee net durchgezunnen, Aweiung vun dem Event och zu engem méi saueren Drops ginn, dee schnell gelutscht war. Do hat dir iech hoffentlech vergraff an et bleiwen eis esou pénibel, allgemengbezuelte Walkaddoen an Zukunft erspuert.
Bei allem Luerw a Kritik, si mär gespaant wat draus gëtt… gewëllt 4 Hänn mat unzepacken an aller Transparenz de Wieler.inne géigeniwwer, ze weisen, dass Diddeleng eng demokratesch Staadt ass, wou um Enn d’Leit och all Bescheed wëssen, dass d’Iddien vu méi politesche Borden agefloss sinn an sech um Enn beim Bilan net just alleng op d’Schëller geklappt gëtt… e gutt Beispill fannt där an der Klammer op S.15, wou de Schäfferot « Gréng » hannert eiser Iddi stoen gelooss hutt.
Ofschléissend zu de Stëchwieder Partizipatioun an Transparenz… esou wollt ech meng Interventioun awer notzen fir nozefroen, wisou de Schäfferot am Virfeld festgeluecht huet eis 2 Froen… eng dovunn a Kollaboratioun mat der CSV… net an dësem Gemengerot ze beäntwerten? D’Dringlechkeet durch de Velossummer an der Sëcherheet vum Cycliste esou wuel op der Velospist NeiSchmelz ewéi och op der Ost-West-Achs schingen eiser Meenung no nämlech ginn…
Merci.
Yves Steffen