background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot - Juli 2026

Am Juli 2026 hu mär 1 Fro un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.


Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froe betreffend dem Ëmgang mat der rezenter Canicule, déi 11 Deeg gedauert huet Stellung ze huelen. 

Heibäi sinn Allzäit-Temperaturrekorder gebrach ginn an d’Experte confirméieren, dass dës Canicule an direkter Relatioun mam Klimawandel stoung. Weider si sech d’Experten eens, dass esou Phasen an Zukunft méi dacks an hefteg ausfale wäerten. Schonn d’läscht Joer, huet de Buergermeeschter a Schäfferot eng Dispens missten, den 2. Juli fir d’Schüler aus dem Fondamental, ausschwätzen, well d’Temperaturen an de Klassesäll ze héich waren. 

Dëst Joer huet de Schäfferot den 22.6. an Ofsprooch mat der Regionaldirektioun, d’Coursë fir d’Kanner aus de Cyclen 1 bis 4 fir Méindes (den Dag selwer), Mëttwochs (24.6.) a Freides (26.6.) ëmmer jeeweils Mëttes ausgesat. Den non-formale Betrib ass weider gelaf an d’educatiivt Personal, esou wéi och d’Léierpersonal waren net fräi gestallt, ma hunn eng Permanence ugebueden.

Well keng eenheetlech national Virgoensweis vir gi gëtt vum Ministère an et d’Gemenge sinn, déi responsabel fir d’Schoulgebaier sinn, entscheeden si an Ofsprooch mat der jeeweileger Schouldirektioun bei Extremwiederphasen. 

Déi läscht zwee Joer weisen eng kloer Evolutioun bei Hëtztwellen a verlaangen de Gemengen of, nieft Mesuren zur Andämmung vum Klimawandel och Moossnamen ze treffe, fir méi Klimaresilient ze ginn: Engersäits fir de Schüler kënnen dat ganzt Joer iwwer déi bescht Conditiounen ze bidde fir ze léieren anerersäits och fir dem Personal (Schoul a SEA) en agreabelt Aarbechtsklima ze bidden.

An dem Sënn hu mär follgend Froen un de de Buergermeeschter a Schäfferot:

  1. Wat gouf zanter dem Juli 2025 an den eenzelne Gebaier (Schoul a SEA) ënnerholl, fir sech géint Hëtzt ze schützen?
  2. Wat sinn déi nächst Schrëtt, fir all eis Schoul- a SEA-Gebaier dauerhaft méi resilient géint Hëtzt ze maachen? 
  3. Allgemeng kann ee soen, dass verschidde Gemengegebaier méi sensibel si bei héijen Temperaturen ewéi anerer. 
  4. Wéieng Upassunge bei wéiengen Gebaier konnten zanter dem Juli 2025 getraff ginn, fir méi resilient géint Hëtzt ze ginn?
  5. Wat ass als nächst geplangt?
  6. Bis wéini schätzt de Schäfferot sinn all d’Gemengegebaier ugepasst un extrem Hëtztperioden? 

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal