background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot - Mee 2026

Am Mee 2026 hu mär 1 Fro un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.


Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zur Waasserqualitéit vun der Diddelenger Baach Stellung ze huelen.

Am Gemengerot vum 8. Mee 2026 hu mär an eiser Stellungnam zum Naturpakt bedauert, dass Diddeleng der Flosspartnerschaft Uelzecht eréischt 13 Joer no hirer Grënnung am Joer 2013, elo 2026 bäi getrueden ass. D’Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand an an eisen Aen droen hier Zouflëss hiert dozou bäi.

Den Ëmweltschäffen huet, an dem selwechte Gemengerot, probéiert d’Oppositioun ze berouegen, d’Diddelenger Baach wier an engem gudden Zoustand.

Dofir wollte mär elo wëssen:

  1. Wëssend datt d’Zoustandsbewertung vun den Uerwerwaasserkierper vun der Waasserverwaltung beseet datt kee Lëtzebuerger Gewässer gutt ofschneit, wéi erkläert de Schäfferot, d’Ausso d’Diddelenger Baach wier an engem gudden Zoustand?
  2. Wéien Impakt hunn eis sëllechen Zones d’Activités op d’Waasserqualitéit vun der Diddelenger Baach?
  3. Wéieng Moossnamen si nieft der partieller Renaturéierung am Quartier Neischmelz an dem Réckhaltebecken an der Rue du Nord geplangt fir d’Waasserqualitéit an der Diddelenger Baach ze verbesseren?
  4. Gedenkt de Schäfferot am Kader vun der Neigestaltung vun der Fohrmann-Plaz Renaturéierungsmoossname vun der Diddelenger Baach virzegesinn?
  5. Huet de Schäfferot sech schonn zu der Mise à jour vum 4. Waasserbewirtschaftungsplang geäussert?
  • Am Positiven, kann de Schäfferot dem Gemengerot den Inhalt heivu matdeelen?
  • Am Negativen, wisou net? A gesäit de Schäfferot dëst nach vir bis d’Deadline vu Mëtt Juli 2026?


An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal