background background

Diddeleng

Motioun: Ënnerstëtzung vun de BiergerInnen beim Andämme vun der Verbreedung vun der asiatescher Runn

Mär hu, fir d’Setzung vum Gemengerot vum 08.05.2026, folgend Motioun déposéiert.


De Gemengerot stellt fest, dass

  • et sech bei der asiatescher Runn em eng invasiv Aart handelt, déi eis heemesch Aarten an domat eis Biodiversitéit bedréit.
  • d’asiatesch Runn eng Gefor fir d’BiergerInnen duerstellt, virun allem, wann dës de Näschter ze no kommen.
  • en Ewechmaache vun Näschter eng weider Verbreedung ofbremst an domat och am Interêt publique gemaach gëtt.
  • d’Ewechmaachen vun dëse Näschter vu Spezialiste muss gemaach ginn an dës komplex Interventiounen oft mat héije Käschte verbonne sinn. 
  • den Ëmweltministère e Subside fir d’Ewechmaache vun de Näschter virgesäit, dësen awer net déi ganz Käschten ofdeckt [https://guichet.public.lu/de/citoyens/aides/logement-construction/environnement/enlevement-nid-frelons.html].

Invitéiert de Schäfferot:

E Subside ze schafen, den de BiergerInnen d’Eegeparticipatioun vum Ewechmaache vun den asiatesche Runnenäschter, nom Erhale vum Subside vum Ëmweltministère, rembourséiert.

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal