background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – März 2026

Am März 2026 hu mär 1 Fro un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.


Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zu der Vëloswäschstatioun beim Stade Barozzi Stellung ze huelen.

Dës Anlag, erméiglecht et Vëloe propper ze maachen, nodeems ee beispillsweis en Tour iwwert déi ausgeschëldert Mountainbikesweeër op der Haard gemaach huet. Aner Gemenge bidden änlech Statiounen (e.a. zu Esch am Ellergronn, zu Hesper am Park, zu Schëffleng beim Liichtathletiksterrain, zu Beetebuerg op der Vëlospiste). Dës sinn allerdéngs ronderëm d’Joer operabel. T’ass grad am Wanter, wou de meeschte Bulli an de Bëscher ass, wou dës Apparater am nëtzlechste sinn. Am Wanter ass déi Diddelenger Statioun allerdéngs als eenzeg vun deene genannten net am Betrib. Mär haten dëst Thema déi läscht zwee Wanteren an der Sportskommissioun opgeworf (29. Januar 2024/ 8. Dezember 2025), ma dëse Wanter war se nees ausser Betrib.

An dem Sënn hätte mär follgend Froen:

1) Wisou ass d’Statioun am Wanter zu Diddeleng net a Betrib?

2) Wéieng Upassungen (baulech / personell) gedenkt de Schäfferot an Optrag ze ginn, dass dës Anlag kann ab dem nächste Wanter 2026/2027 dauerhaft operabel bleiwen?

An der Hypothees, dass d’Installatioun (Anlag, Schlauch, etc.) net den eventuelle Minustemperature Stand hält.

3) Wisou ass dëst net consideréiert ginn, wou d’Installatioun opgeriicht ginn ass?

Am Kontext vun der Vëloswäschstatioun, hate mär eis an de Sportskommissiounen (23. September 2024, 1. Oktober 2025 an 8. Dezember 2025) och fir e System ouni Jetonen ausgeschwat, esou wéi et och a villen anere Gemengen aktuell leeft. Vu den Attrait vun engem vun de flottste VTT-Parcoursen aus der Groussregioun, kéinte méi Leit vun der Statioun profitéieren, déi de Jeton-System net kennen a net d’Méiglechkeet hunn sech e Jeton am Virfeld ze besuergen (cf. Annexe 1). 

D’Äntwert an den ernimmte Kommissioune war de Verweis op eng Analyse mat den zoustännege Servicer, eng prinzipiell Bereetschaft hu mär eraushéieren an dofir wollte mär wëssen:

4) Fir wéini ass mat enger Léisung ouni Jetonen ze rechnen?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal