Motioun: Wanterdéngscht op Vëlospisten
Mär hunn fir d’Setzung vum Gemengerot vum 13.02.2026 folgend Motioun déposéiert.
De Gemengerot stellt fest, dass
- d’Gemeng responsabel ass fir den Entretien vun de nationalen a kommunale Vëlosweeër.
- am SUMP d’Zil festgehal ass, den Undeel un Trajeten duerch aktiv Mobilitéit (zu Fouss a mam Vëlo) signifikativ ze steigeren an dat esou wuel innerhalb vun der Gemeng, wéi och bei den Trajete mat Depart/Zil zu Diddeleng (cf. SUMP S.53).
- en dauerhaft Ëmdenke bei der Mobilitéit just méiglech ass wann een sech op sécher Vëlosweeër verloosse kann.
- de Schäfferot responsabel ass fir d’Festleeë vun de Prioritéite beim Wanterdéngscht an d’Servicer dës Prioritéiten ofschaffen.
- dass op de Vëlospisten, déi Diddeleng a Beetebuerg matenee verbanne just op der Diddelenger Säit kee Wanterdéngscht gemaach ginn ass, op deenen Deeg wou dëst noutwendeg gewiescht wier (Annexe 1).
- et ëmweltfrëndlech Methode ginn d’Vëlospiste fräi ze maache vun Äis a Schnéi.
Invitéiert de Schäfferot:
De Wanterdéngscht op den Haptvëlosachsen als eng vun de Prioritéiten ze definéieren an dëst de Servicer esou mat ze deelen, an domat ze garantéieren, dass d’Leit sech och am Wanter op eng sécher Vëlosinfrastruktur kënne verloossen.
Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal
