Motioun: Sensibiliséierung zu Hausdéieren op ëffentleche Fester
Mär hunn an der Setzung vum Gemengerot vum 12.12.2025 folgend Motioun déposéiert.
De Gemengerot stellt fest, dass
- ëmmer erëm Leit Hausdéieren (virun allem Hënn) mat op Fester, Concerten a Festivalle bréngen, déi d’Gemeng organiséiert.
- verschidde Fester an Evenementer sech besser eegne fir Hausdéiere mat ze huelen ewéi anerer.
- Hënn e bessert Gehéier ewéi Mënschen hunn. (Annexe 1)
- Sensibiliséierung am Sënn vum Déiereschutz wichteg ass.
- de Budget initial vun 2026 Marketing Fraisen an der Héicht vun 230.000 € virgesäit (3/860/615100).
Invitéiert de Schäfferot:
Sensibiliséierung op d’Gehéier vun den Hausdéieren (virun allem Hënn) an de Marketing ronderëm déi, vun der Gemeng Diddeleng organiséiert Fêtes Publiques mat anzebannen.
Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal
