background background

Diddeleng

Eis Positioun zum Budget 2026

Hei eisen 2 Gemengeréit hier Wuertmeldungen zum kommunale Budget 2026. Mäer fäenken un mat däer vum Yves Steffen an dono kënnt déi vum Semiray Ahmedova.


Merci fir d’Wuert Här Buergermeeschter! Léif Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, ufänke wéilt ech ewéi all Joers mat engem grousse Merci un den Här Poull a säi Service fir hier Aarbecht déi si d’Joër iwwer leeschten a speziell fir déi ganz Dokumentatioun. Dëse Moment bitt eis Conseilleren awer och d’Geleeënheet all de Gemengeservicer Merci ze soen fir hier Aarbescht dëst Joër an och speziell lo hei am Kader vum Budget, wou ee mierkt, dass si vill Efforten maache misste, fir Geld ze spueren, ouni, dass de Service um Bierger dobäi ze kuerz kënnt. Hätte mär dës Leit net, géing et wuel méi schlecht em eis Gemengefinanze stoen. 

De Bléck op d’Zuelen, ass emmer ganz interessant, op alles nach emol agoen maachen ech net, ech beschränke mech op e puer Constaten. Op den ugespaanten a schwierege Geopolitesche Kontext ginn ech och net weider an. Dass dat zu virsiichtege Prévisiounen beim FDGC par Rapport zu 2024 féiert erklärt sech vum selwen an do sinn et virunn allem d’Handelspolitik vun den USA an de russeche Krisch an der Ukrain wou et schwiereg maache verlässlech Prognosen ze maachen. Wann och d’Inflatioun liit no ënne korrigéiert ginn ass fir 2025 an 2026, sou gëtt virausgesot, dass déi ab 2027 erem méi unzéie wäert.

Zu Diddeleng stelle mär dann fest, dass d’Evolutioun vum service ordinaire sech an de läschten 10 Joër esou wuel bei de Recetten mat 78 Milliounen 2016 op 159 Milliounen am Initial 2026, wéi och bei den Dépensen mat 70 Milliounen 2016 op 154 Milliounen am Initial 2026 verduebelt huet. Mär hu méi Annuitéiten op den Emprunts ze bezuelen, Material a Main d’Oeuvre si méi deier ginn a mär sinn als Gemeng gewuess. 

Dëst spigelt sech an der Masse salariale erëm, déi och dëst an d’nächst Joër e groussen Deel vun der Augmentatioun bei den Dépenses ordinaires ausmaachen, 2025 mat 5,72 Milliounen an 2026 mat 6,45 Milliounen Euro. Mär si bei ronn 7 Milliounen Euro Personalkäschten de Mount, ma et brauch och gutt opgestallte Gemengeservicer. 

An dem Sënn erfreet et eis am Kader vum rectifié 25, ze gesinn, dass d’Restanten weider erof ginn. Dat ass e wichtegt Zeechen no baussen an e positiven Trend, well an de läschte Joren substantiell manner Geld der Gemeng verluer gaangen ass. Merci namol op dëser Plaz un de Service vum Gilbert Loos, déi hei eng gutt Aarbescht maachen.

Op der aanerer Säit… ech hat se ugedeit ass dann awer d’Entwécklung vum Emprunt, op déi ech willt agoen… dat ass effektiv esou eng Saach… mär hunn déi anti-zyklesch Investitiounspolitik heibannen emmer ënnerstëtzt, well mär der Meenung waren a sinn, dass et wichteg ass, dass déi ëffentlech Hand Verantwortung iwwerhëlt… och a manner rosegen Zäiten. 

Mär stellen awer och fest, dass Subsiden, déi vun de Ministèren an Aussiicht gestallt ginn, net emmer esou prévisibel era kommen, wéi se gebraucht géinge ginn, fir grouss Projeten ze finanzéieren. Mär ënnerstëtzen dem Buergemeeschter säin Engagement heivir am SYVICOL. Mär stellen awer och fest, dass Subsiden vun diverse Projeten, déi an Ugrëff geholl gi sinn, mëttlerweil era komm sinn, dass awer elo de 5. Budget um Stéck en 8-Stellegen neien Emprunt vir gesäit. 

Demno gi mär hei net ganz de Narrativ vum Schäfferot mat, dass gesot gëtt, et géing virunn allem dru leien, dass een laang op Subside waarde muss, dass et mat eiser Schold elo esou séier geet. Hei si virunn allem grouss Investitiounen… jo… déi elomusse getätegt ginn, déi eiser Meenung no an de “gudde Joren” vläit och ze laang no hanne geschobe gi sinn a wou eis elo an eng Drock-Situatioun bréngen, wou et wäert schwéier ginn, do esou bal eraus ze kommen. 

T’ass eng Situatioun an déi där eis net mat dësem Budget era reid… och net mam läschte Budget an och net mat dem virdrunn, mee do virdrunn ware Joren, wou d’Gemeng finanziell besser do stoung a wou schonn e Kennedy Stadion, e Nossbaum, e Strutzbierg, fir just déi ze nennen… hätte kënnen ugaange ginn.

Wéi stellt de Schäfferot sech d’Scholdentwécklung dann an Zukunft vir? 

De Shared Space Phase 4, Gemengen- a Fohrmannplaz, mat allem wat dozou gehéiert a nach vill aaner Projeten sinn Deel vun der Schäfferotserklärung, och wann et dann hei net fir dëse Budget ass, ass et sécherlech fir déi nächst Budgeten an absehbarer Zäit. Mär sinn elo scho bei ronn 90,5 Millioune Schold mat enger Annuitéit vun 7,15 Milliounen am service ordinaire vum Rectifié 25. 

Elo si mär dëst Joer ënnert den 100 Milliounen Euro bliwwen. Hurra

Fir 2026 gi där äerch d’Méiglechkeet weider 27 Milliounen léinen ze goen, wou mär op iwwer 111 Milliounen Schold kéinte kommen a ronn 8,75 Milliounen Annuitéit am Initial 26 hätten, ouni een vun deene grousse Projeten unzegoen déi ech grad genannt hunn. 

Bis 2023 war d’Gemengeschold bei ronn 20 Milliounen €. Ech hunn an ärem Bilan nogekuckt, deen där fir déi läscht Gemengewalen 2023 un d’Stéid verdeelt hutt an do heescht et dran “an de läschte 6 Joër hu mir ronn 200 Milliounen Euro investéiert, a gläichzäiteg dofir gesuergt, datt d’Gemengefinanzen gesond bliwwe sinn”. 

Den 11. Juni 2023 ware Walen, 3 Wochen drop, den 30. Juni gouffen 15 Milliounen geléint, 4 Méint drop der 25, 6 Méint drop namol 20. 

Dat heescht fir déi, deenen et elo ze schnell gaangen ass: där hutt äerch wielen gelooss domat, dass där de Wieler gezielt hutt, där hätt dofir gesuergt, dass d’Gemengefinanzen gesond bliwwe wieren… fir innerhalb vun 10 Méint no de Walen 60 Milliounen Scholden opzehuelen.

Dat ass Wahnsinn… war där dovun ausgaang, dat mat der absoluter Majoritéit wier no de Walen eriwwer? Wollt där d’potentiell Nofollger wirklech mat der Koar am Dreck do stoen loossen no äerem super Bilan? Egalwéi ass et einfach e beemol e Schratt ze schnell gaangen an et stoung een durch ze wéineg Wäitsiicht abeemol mat villen an deieren Chantieren do, déi definitiv elo musse gemaach ginn. E Stade Nosbaum huet bspw. net vun haut op muer ugefaangen auserneen ze falen… 

Fir de Bilan 2023 an och fir d’Schäfferotserklärung huet een de geopolitesche Kontext kannt, no der COVID-Pandemie an och iwwert e Joer nom russechen Ugrëffskrisch… Fir dem och scho virzegräiffen et hätt een et zu dem Zäitpunkt net aanescht gewosst. 

Dës Approche ass e bëssen, wéi wann där eng al Occasioun hätt wëlle lass ginn, mat e lauter vices-cachés… an de neie Propriétaire konnt do emol dräi Prêten ophuelen, fir dat Noutwendegst ze maachen. An dësem Fall si där de Proprietaire bliwwen, där hutt allerdings net just äerch selwer, ma och äer Wieler ugeschmiert mat engem Bilan, wou d’Carosserie méi geblénkt huet, wéi de maroden Zoustand drënner…

Soit… mär sti weider zu den Investitiounen an e modernd Diddeleng, wollten d’Scholdsituatioun, déi eis Awunner interesséiert, well si… well mär all… se bezuelen… awer och emol an de Kontext setzen, dass de Schäfferot net déi ganz Verantwortung ka vu sech weisen, fir déi Situatioun an deeër mär sinn an wou mär och nach esou bal net eraus kommen.

Den Innenministère schléit nach net Alarm bei eise Ronn 5%, mee zu der ganzer Wourescht gehéiert et halt och, dass nach vill Noutwendeges fir d’Zukunft an der Pipeline stëcht, a mär elo schonn all Joër iwwer 2 Milliounen reng Zënsen zréck bezuelen. Ech hat läscht Joër scho gesot, där kéint äere Virgänger an deenen virdrunn schlecht d’Schold ginn. Mär stellen awer fest, dass der LSAP offensichtlech an de läschten 10-20 Joer zumindest d’Wäitsiicht an e Plang B bei der Finanzplanung gefeelt huet. Wat ass dann elo äere Plang fir d’Zukunft? Hu där een? Wéi geet et virunn? All Joër ronn 30 Milliounen aschreiwen… de Subsiden, déi Retard hunn d’Schold ginn… der henno “just 20 zéien” a behapten et wier dach alles gutt? Oder hu där e Plang, wou där och de Bierger am nächste Bilan erklärt bis wouhinn ee bereet ass sech ze verscholden oder wou een sech agesteet, dass ee sech e Projet XY am Moment net leeschte kann?

Bei de grousse Projeten fir 2026 ass effektiv näischt dobäi, wou een géing kënne soen, dass et Luxus wier, sou sinn et vun den 59,28 Milliounen am Extra-ordinaire Budget och vergläichsweis “just” 3,9 Milliounen a nei Projeten. 

Virunn allem freet eis hei d’Annonce, dass endlech eppes beim Haff vun der Brill-Schoul geschitt. Den Haff war scho virunn 30 Joër, wou ech do an der Schoul war “méi no un engem Prisonshaff ewéi un engem Kandgerechten Emfeld”… vu wegen et hätt een jo net éischter kënnen eppes maachen, wéinst Chantier, Baltzeng, an esou weider… 

Dass d’Piazza op Lenkeschléi muss Plaz maache fir 2 Klassesäll ass natirlech schued. D’Schoul ass nach net esou laang op an elo schonn ze kleng an dat läit net just un der Reform Alpha. 

Freeën di mär eis dann awer och iwwert de Neibau Baltzeng, dee mat 6,1 Milliounen € als deierste Posten am Initial 26 ze fannen ass an domat no de Préparatiounsaarbeschten an dësem Joër mat de Raccordementer an allem, elo d’nächst Joër als Projet richteg Fahrt ophuele wäert. Dass der Demande no méi spezifeschem Sportsmaterial Rechnung gedroe gëtt, ënnerstëtze mär ganz gären, et weisst, dass déi drëtt Sportsstonn an de Cyclen 2 an 3, déi mär laang an der Schoulorganisatioun gefuerdert hunn… déi dëst Joer dann och endlech dran opgeholl ginn ass… och Uklang fënnt a vum Schäfferot och konsequent ënnerstëtzt gëtt.

Iwwer d’Annonce vun engem Eltereforum zu Diddeleng, si mär och frou. Hate mär déi éischt Well vun Eltereforen verpasst an do stoung zwar een zu Beetebuerg, ma wann een wirklech wëll un d’Elteren kommen ass d’Proximitéit ausschlaggebend. Dës Fore si wichteg a mär sinn iwwerzeegt, dass dës Offer gutt wäert an eis Diddelenger Bildungslandschaft integréiert ginn. T’ass wichteg d’Elteren an d’Verantwortung ze huelen, ma t’ass genau esou wichteg, se ze outilléieren an se do ze ënnerstëtze wou se et brauchen an do sinn d’Eltereforen eng gutt Ulafstell.

Dass dann fir 2026 eis Iddi vum Subside op den Interrail Ticket fir eis jonk Erwuessen am Budget steet, wann och just mat 25.000 €, mëcht denken ech net just eis frou, ma och déi Jonk, déi dovu wäerte Gebrauch kënne maachen. Et strotzt allerdings scho vu Selbstbewosstsinn als éischt de Subside Interrail vun eise proposéierten 300 € erof op 100 € wëllen ze drécken a sech dann awer esou bal e gestëmmt ass op social media ze inszenéieren, wéi wann d’Initiativ vun der Majoritéit komm wier… naja…

Vun der Mobilitéitsschäffin mär vill Positives déi läscht Woch présentéiert kritt. De Citybus, d’sécher Iwwergäng fir d’duuss Mobilitéit iwwert eis Haptachsen, den Ausbau vum Flex, d’Bushäisecher… ech widderhuelen net alles, mär waren all dobäi… 

Och den Ausbléck drop, dass et dëst Joer viru wäert goen mat iwwerdaachte Vëlosstänneren op deene Plazen, wou dës néideg sinn erfreet eis. Et hat laang gedauert, ma et schingt, ewéi wann de richtege Modell fonnt wier. Och dass un der Visibilitéit vun de Vëlossträife virunn allem an engke Stroosse geschafft gëtt, wou de Vëlo à contre-sens fueren dierf ass wichteg. Allgemeng mierke mär an der Mobilitéit, dass et schwéier ass, d’Wunnquartieren richteg z’apaiséieren an d’Vitesslimitatiounen durch ze setzen. 

Begréissen di mär déi flott Sensibiliséierungscampagnen. Ma awer hunn ech d’Gefill, dass dat net duer geet. Ech willt an dem Kontext och eis Päscherte luerwen, wann ee kuckt, wat ronderem eis Schoulen Moies a Mëttes esou lass ass a wéivill si do gebraucht ginn. Et huet sech jo en Aarbeschtsgrupp ronderem de séchere Schoulwee fonnt, ma hei wier et a mengen Aaen och wichteg, dës Diskussioun emol an enger Commission jointe “Mobilitéit an Educatioun” ze féieren. Mär musse nämlech ophalen just d’Symptomer ze behandelen an un d’Uersaache goen. De Problem huet jiddereen erkannt, ma ouni méi konsequent infrastrukturell Ännerungen an eise Quartieren ännert sech näischt: d’Leit huele weider den Auto fir esou no ewéi méiglech bei d’Schoul ze fueren an déi aaner Elteren traue sech dowéinst net hier Kanner zu Fouss, mat der Trottinett oder mam Vëlo ze schécken. En alldeeglechen Däiwelskreess!

Gutt ass, d’Zouso, dass dem Ministere seng Apaisementsrichtlinnen an den iwwerschaffte SUMP kommen. Ma dës Recommandatiounen si net nei… “Etudes” an “mise en oeuvre de mesures d’apaisement” fir 100.000 €… Bleiwt dann do genug Geld no den Etuden fir mat Moldalfilter, Polleren, Blummebacen a Sens-Uniquen nei Verkéiersféierungen ze testen

D’Chantiersphasen vu Brill/Baltzeng, bidde sech beispillsweis heivir un: et huet een zwee Quartieren, wou een de Leit erkläre kann, wat een teste wëll… an et kann ee mam deieren Embau warden, bis et esou wäit ass, an et huet een d’Leit scho mat u Bord. 

D’Iddie si net nei, mee et goung bis elo oft iergendwéi net wirklech iwwert de Constat eraus, dass et am Moment fuerchtbar ass virunn de Schoulen.  Hoffentlech hu mär um Enn vum Joër net just nach méi Etuden a nach méi Berliner Kissen.

Schued ass et och, dass d’läscht Woch näischt zu Vëlosstroosse gesot ginn ass. Mär denken, dass eng Partie Stroossen a Fro kinnte kommen an dass d’Pasteurstrooss am Vëlossummer en Erfolleg war, hei géinge mär äerch gäeren encouragéieren an ënnerstëtzen, fir weider an dës Richtung iwwert de Kader vum Vëlosummer eweg ze denken.

D’Foussgänger hu mär awer och net vergiess an zwar reeche mär äerch en Amendement eran fir d’Sécherung vum marquéierten Trëppelwee an der Soibelkaul tëscht der Näerzenger Strooss an der Rue de Manom. 

Mat LED-Luuten am Genre vun deenen an der Léih mat Beweegungssensoren, déi Foussgänger erkennen a Gummisschwellen um Buedem fir de Wee vun der Strooss ze trennen, erwaarde mär eis eng verbessert Sécherheet fir zwee grouss Quartieren och an der donkeler Joreszäit fir d’Foussgänger mateneen ze verbannen. Dëst gëtt der Biodiversitéit gerecht an et mëcht dëse geféierleche Passage wesentlech méi sécher. Fir déi 300 Meter hu mär eis um Devis vun der Léih inspiréiert. Mat 12 Luuten an agerechenter Präisdeierecht wéilte mär opgeronnten 60.000 € TTC virgesinn, déi hei net vu Muttwëll wieren.

De Sprong dann eriwwer bei de Sport, d’Associatiounen an d’Clibb. Déi ugekënnegt Subsidenerhéigungen fir d’Clibb an Associatiounen freeën eis. Mär hu laang duerno gefuerdert an déi interfraktionell Reuniounen sinn emmer ganz produktiv. Do ass elo laang näischt geschitt a wann een déi 3200 € kuckt, déi e Club säit 2014 maximal kréie konnt, misst een alleng durch d’Inflatioun elo schonn 4025 € kënne kréien. 

T’ass wichteg dat net ze vergiessen, wa mär dës Zuelen iwwerkucken. Mär freeën eis hei op weider konstruktiv Reuniounen an hoffen den iwwerschafften Qualité Plus léisst net ze laang op sech warden, dass mär eis als Gemeng un deen Subside kënnen drun hänken. 

Iwwer d’Fro wisou de Syndicat d’Office et de Tourisme all Joër 32.000 € kritt misst een och schwätzen. Engersäits hu mär en Tourismusbureau, mat ähnlechem Budget, aanerersäits hu mär Gemengeservicer, déi och scho verschidde Saachen ofdecken. Op eisem Internetsite kinnten d’Clibb an Associatiounen och hier Vitrine an en Online-Agenda kréien. Well och d’Clibb bezuelen hei hiere Bäitrag all Joërs un en awer héig subsidiéierte Syndicat. Hei si wuel vill engagéiert Leit ganz aktiv, ouni Fro… ma hei kéinte Synergien an eise Servicer gesicht ginn a Sue gespuert ginn… och wann dann eng ëffentlech Vitrine vum Comité… de quasi just aus aktiven LSAP-Politiker besteet… manner attraktiv wier. Mee muss de Bierger dann heivir bezuelen?

Schwiereg Trennung vu verschiddene Kapen, stelle mär awer och aanerwäerts fest. T’ass scho cocasse, dass bei politeschen Diskussiounen den Avis vum Präsident vum Geschäftsverband heibannen zitéiert gëtt. T’ass legitim bei engem Gremium, dat och eis um Häerze läit. Ma et kritt e Nogout, wann et en aktive Parteimember vun der Majoritéit ass, bei dem een sech emmer freet ob en elo als Politiker oder als Président vum Geschäftsverband grad aktiv ass op de soziale Medien, bei den Ouverture vu Fester an an an… Fir de Kappkino heibannen ze beendegen fuerdere mär de Schäfferot an Zukunft op, eis d’offiziell Avisen schrëftlech vum Geschäftsverband ze ginn, domat mär den Avisen och kënnen déi néideg politesch-neutral Gewiichtung ginn, déi et brauch. 

Dass een d’Fester feiert, wéi se faalen, hu mär beim Grand-Duc gesinn. Do huet d’Show zu Diddeleng assuréiert: mär wosste schonn, wou mär et gewuer gi sinn, dass dat just kéint gutt ginn, well mär d’Acteuren kennen, déi zu Diddeleng bei esou Saachen am Coup sinn. Och wa mär äerch de Blanco-Scheck vun enger hallwer Millioun net konnte ginn, well eis d’Detailer am Devis gefeelt hunn a mär och an der Gemengerotssëtzung keng Äntwerte kritt hunn, muss ee soen, an do fällt eis keen Zack aus der Kroun, dass mat 325.000 € responsabel mam Budget emgaange ginn ass.

D’Event ronderem den Trounwiessel mat senger Familjefrëndlecher Formule schingt Inspiratioun ze sinn fir d’Neiausriichtung vum USINA. Dësen hate mär d’läscht Joër kritiséiert, an esou ass en am rectifié namol 10% méi deier ginn. Mär ginn emol dovun aus, dass den erhoffte Succès ausbliwwen ass an en Emdenken néideg war. 

Mär sinn op allefall gespaant, denken awer, dass wann een de Choix trëfft esou e Festival wëllen z’établéieren, een probéiere muss, wat Succès huet. Esou begréisse mär, dass dëse Festival méi spuersam ausfällt. Dass den “Eat, Beat and Culture” eweg fällt spuert 50.000 €, t’ass emmer schued wann eppes eweg fällt, ma awer denke mär, dass de richtege Choix getraff ginn ass. 

An dem Kontext… a well Déiereschutz och läscht Woch Thema heibanne war an eis all wichteg ass… hu mär eng Motioun mat bruecht, wou et drëms geet de Marketing ronderem eis Fester ze notzen fir d’Visiteuren ze sensibiliséieren, dass hier Hausdéieren (meeschtens Hënn) vill ze gutt héieren fir vun eise Concerten, Festivalen oder eise Partyzelter ze profitéieren. Mär kënne gären zum Schluss vum Moien driwwer diskutéieren a votéieren, mär wollte se awer heimat “séance tenante”, wéi an eisem règlement d’ordre interieur virgesinn, déposéieren. 

Zum Sweet Event… d’Formule ass jo dann déi, dass et just nach eemol ass, dofir awer dann zwee Deeg, an der Erwardung aaner Stänn unzezéien. 

An enger logescher Konsequenz kinnt een driwwer nodenken dëst Fest einfach 3 Deeg, eng Woch oder zwou Wochen lafen ze loossen? Eventuell a Combinatioun mat Schéissbuden a Knuppautoen? An et einfach Kiermes nennen? Obwuel… deeër hu mär der 3 d’Joër zu Diddeleng, dat si flott Evenementer fir Grouss a Kleng, déi mär net a Fro stellen… mee där gesidd mat menger Iwwerspëtzung, dass de Sweet Event och esou nach emmer komplett onnéideg ass. 

Dann maacht eppes fir eis Forrainen a gitt dem Kiermesbudget deen Montant méi, fir déi Buuden unzelackelen, déi där gären zu Diddeleng hätt. Dann hunn zumindest déi eppes dovunn, déi säit Joren emmer erëm flott Attraktiounen heihi stellen. 

Zumindest gëtt de Sweet Event emmer méi bëlleg am Budget, nawell bleiwt eise Reproche vum komplett falsche Message deen dat do Fest vun all eisen aanere Fester ënnerscheed: dem Marketing an der ëffentlecher Finanzéierung vun ongesondten Lierwensmëttel.

Dass zu Diddeleng emmer eng lass ass, gëtt engem kloer wann een d’Manifestatioune kuckt. Hei hu mär eis gefrot, wéi mär Ressourcen technesch opgestallt sinn? Ech hunn am Organigramm nogekuckt a mech gefrot wéi d’Kommunikatioun leeft tëscht de Services Culturel, Fêtes et Manifestations, heiensdo de Kommissiounen an den Atelieren? Laut Organigramm hu mär keng Persoun, déi d’Coordinatioun hei mëcht? Bräicht et esou eng Persoun? Kinnt dës Persoun eventuell dofir suergen d’Servicer ze entlaaschten? 

Punkto Personalpolitik bedauere mär och nach emmer, dass beim Nettoyage an Entretien vum CCRD net op Gemengepersonal zréck gegraff gëtt, ma dëst Out-gesourced gëtt. Wéinst den Aarbeschtskonditiounen, awer och wéinst der Flexibilitéit, déi dës Gemengeressourcen méi, eis als Gemeng kinnte bréngen. 

Méi allgemeng hunn ech mech dunn mat Bléck op den Organigramm am Kader vum Budget gefrot ob all eis Servicer genug Ressourcen hunn, personeller, wéi och materieller. 

Mär kréien am Gemengerot zwar wuel Abléck a Posten déi geschaf ginn an hier Besetzungen an hei am Budget op d’Material dat ugeschaf gëtt… an awer wier et interessant an engem informelle Gemengerot quantitativ a qualitativ méi en detailléierten Abléck an d’Besoinen vun de Servicer ze kréien, an d’Demanden a Besoinen gewuer ze ginn a net just déi, déi et henno och an de Budget packen. 

Kurz zréck bei d’Infrastruktur… hei ass et natirlech iergerlech, dass dat mat der Tribün um Nosbaum net geklappt huet ewéi geplangt. D’nächst Joër si budgetiséiert: de Vestiaire, d’Buvette an d’Tribün? An dat Ganzt während dem Spillbetriib? Hei wier meng Fro… wëssend, wéi opwänneg d’Prozedur ass fir un der Tribün ze schaffen… ob mam Club gekuckt ginn ass, ob et net awer méi sënnvoll a bellëg wier dann alles beieneen ze maachen? 

Den Acces vu vir op d’Tibün ze hunn a vun deeër Geleeënheet ze profitéieren de Wues vum gespuerte Geld nei ze maachen? Sinn d’Devisen namol nei gerechent ginn a sinn zu dem Moment nach emol all d’Optiounen mam Club durchgaange ginn? Dass Aarbeschten machbar sinn och wann en Terrain gebraucht gëtt, dat gutt Beispill hu mär grad um Kennedy… Ma wa bis op allen Ecken vum Terrain geschafft gëtt, stellen ech mär eis dat scho spieziell vir fir d’Sportler, de Staff an d’Spectateuren. 

Zum Schluss vu menger Ried, wéilt ech ewéi d’läscht Joer dann och namol Bilan zéien zum Emgang mat eiser politescher Aarbescht heibannen. Den Interrail hat ech schonn ugeschwat… d’Participatioun un der LUGA mat de jardins éphémères, ass och e Paradebeispill vun enger Fuerderung déi mär haten, anscheinend “net gebraucht a schonn an der Emsetzung”… wou mär awer dann feststellen, dass bis op d’Leit aus der Gemengebubble et kaum een mat kritt huet… Cargobikes: wou et geheescht huet mär hätte weder Visiounen, nach eegen Iddien… esou stelle mär no dësem Joër fest, dass et net verkéiert wier bei verschiddene Saachen vun äerem héige Ross erof ze klammen, eis Iddien eescht ze huelen, opzegräifen a se #zesummen mat eis, zu eppes ze maachen, wat de Leit och eppes bréngt a net just äerem Bilan henno am Bliedchen. Merci.

Yves Steffen, conseiller communal


Merci fir d’Wuert, Här Buergermeeschter, léif Kolleginnen a Kollegen,

Merci un di sämtlech Servicer déi et erméiglechen all Joer op e neits de ganze Budget opzestellen an en extra Merci un dem Här Poull mat senger Ekipp … fir dat ganz och sou ze préparéieren dat een all eenzeln Positioun kann novorzéien.

De Budget ass e wichtegt Dokument, dat d’Prioritéiten an d’Visioun vun der Gemeng ervirhiewt. De Budget soll a priori den Awunner gerecht ginn an eis Zukunft plangen. Well d’Gemenge-schold awer konstant klëmmt, ass et essentiell verantwortlech mat den Ausgaben ëmzegoen an eng mëttel- a laangfristeg Strategie ze hunn – eppes wat mir vermessen.

_Et muss awer gesot ginn, datt ech houfreg sinn, Diddelenger ze sinn. Hei lieft een wierklech gutt, an+ an eiser Stad spiert een eng allgemeng Zefriddenheet mee dLeit gesi net wei eis Dépensen a Schold ausgesäi. 

Wat mescht et aus datt een sech an enger Stadt wuel fillt an datt eng Stadt sech an di richteg Richtung entwéckelt?Wärend mengem Studum als Stadtplaner hu mer 4 Haapt Pilier’en gesinn déi ee brauch fir gutt kennen ze funktionnéieren: 

1. Effikass ëffentlech Servicer, 

2. Eng lieweg Bierger-bedeelegung, 

3. Eng harmonesch Stadplanung an 

4. Eng dynamesch lokal Wirtschaft … dozeu gehéieren natierlech … en Zouverlässegen ëffentleche Transport, Offallgestion, Beliichtung, Waasser, Sécherheet an de Bau vun Infrastruktueren mat engen extra Fokus op abordabel wunnen… Wann dës Servicer gutt funktionéieren da kann ee soen dat mer am grénge Beräich sinn… Dodrop hin hunn ech och meng Analyse vun Budget gemaach.

_Eng lieweg Bierger-bedeelegung ass ee vun den 4 Pillier‘en

Awunner, déi hir Meenung matdeelen, Iddien opbréngen an un Decisiounen deelhuelen, maachen eis Stad méi gerecht, méi kreativ a méi agreabel fir do ze liewen. Mir hunn an der “démocratie participative” eng flott Dynamik kritt, och dank eiser Motioun war de Budget erop gesat ginn fir kënnen méi Projet’en emzesetzen an genau sou soll et och nächt Joer weider goen. Mir begréissen dofir aus-féierlech datt a verschidden Plateformen investéiert gouf déi dat ganz wäerten ennerstëtzen an och de Biergerrot a Biergerpannel wäerten verbesseren.  Dëst Joer ass et da rëm souwäit wou d’Bierger rëm kënnen Projet’en erareechen a mir hoffen op e gutt geszellte Budget fir souvill wéi méiglech kënnen ze konkrétiséieren. 

  • Mir wollt och dëst Joer en échange national an interrégional mat den Politeschen Akteuren um Terrain organiséieren…Bis elo hate mer net um Radar datt sou eppes gemaach gouf dofir wollte mer hei nach eng Relance maachen, oder ass et ouni eis geschitt. 

_Am selwechten Kontext hate mir och de Projet vum „frigot solidaire“, den eng Zäitschen beim Co-labo war, leider zenter dems de Co-labo fort ass fanne mir keng Platz aus verschidde -noforzeibar- Gënn fir solch e Frigo ze plazéieren.  Mir haten och wäerend dem Joer gespréicher an eng Visite wou mer no léisungen gesicht hunn. An dem Kontext hate mir och eng Motioun eraginn wou mer e „Frigo solaidaire“ gefuerdert hunn an ech sinn zeuversichtlech datt mer gecshwënn eng Léisung wäerte fannen. Ech profitéieren fir op dëse Platz eng wéider Iddi ze proposéieren, nämlech déi vun der „TooGoodToGo“ – Iwwersat: „Ze gutt fir ewechzegeheien“ de Prinzip ass den, datt alles wat d’Restauran’en zevill gekacht a préparéiert hunn zu engem minime Präis verkaaf. 

2 wichteg Aspekter sinn hei ze bemierken 1 – anti „gaspillage allimentaire“ an 2 – ça coule de source: den socialen Aspekt. Souwäit ech weess ass dirket keng national Initiative nach gestart ginn … da kann een dat elo mol op lokale Niveau teste. (Infos: iwerall op de social medien)  – Amendement mat 10.000 fir eng PréEtude (dëst kann jo an der kommision action sociale thématiséiert ginn).

_Am Kader vun der „Energetescher Transitioun“ gouf och dëst Joer de Klimapaktdag organiséiert, mat Themen wéi “sobriété énergétique – Energie Spuer-saam-keet » an di „ Gestioun vun de Gemenge-gebaier » mam Fokus wou kann een Energie spueren, et war och an den Kontext wou mir eng Motioun déposéiert haten fir Luuchten an der Nuescht ze dimmen ginn resp ausgemaach. Den Minister Willmes huet rappelléiert datt : « Gemengen ee haaptpillier an der klimapolitk sinn ». …Sou zBsp ware mir frou ze gesinn datt eng grouss Fotovoltaikanlag um Centre sportif Hartmann an um Stade Aloyse Meyer (1,6 Milliounen). Mir hunn och schon an dem Kontext Schoul Gafelt energetesch renovéiert…an sou de Verbrauch erof gesat

Di EU-Directive vun 23 seet datt mer op nationale Niveau mussen all Joers minderstens 3% vun den ëffentlechen Gebäier Energetesch sanéieren + den Energie-verbnrauch em 1,9% erofsetzen.

Meng Fro wier hei: hu mer eis an dem Sënn eng lokal Stratégie ginn wou mer wat sollen maachen? Am Selwechten Otemzug hu mer och d‘Accèssibilitéits-Gesetz fir di ëffetlech Gebaier. U sech wier dat eng gutt Opportunitéit fir eng gesamt Opnahm ze maachen an kucken wou mar di Aarbechten déi virstinn kennen kombinéiert ginn.

Här Manderscheid huet och vun engem Projet gezielt wou ee an Zukunft kann eng ganz Sannéiereung noverfollgen mat sämtlech Erklärungen zu Subsiden, Matérialien a Démarchen. super Initiative.

Mir sinn och frou an ennerstëtzen eis Gemeng sou gutt wéi et geet fir  Gold-Ausszeechnung am Klimapakt ze kréien.

Vum Klima sprangen ech elo op de Bau.

Ech fänken direkt mam Sujet_Devis’en un, wou mer net frou sinn. Wéi schon sou oft wëlle mir eng Léisung fannen fir datt mer net emmer rëm virun engem “Fait accompli“ gestallt ginn wann et drëms geet fir „Devis rémanien“ mussen ze stëmmen. 

Et ass een oft wéi an enger Fal wann een e Projet à la Base gutt fonnt huet a de Budget matgestëmmt a no 5 Joer kennt een mat engen Doubele montant den een quasi och muss matsëmmen soss ass een enger säits net cohérent bliwen an anerer säit ass oft de Projet quasi fäerdeg wann e bis am GR présentéiert gëtt dann gëtte et do Problem. Dofir ass eis Fuederung (an dat hate mer lescht Woch och gesot wou mer den Déierenasil matgestëmmt hunn) datt wann e Projet soll Retard’en kréien oder Imprévu’en (dat ass dLiewen non mol) da solle mer dat rechtzäiteg a transparent an enger Finanz- resp Baute-kommissioun ausdiskutéieren an och iwwerhaapt présentéiert kréien.

_Zum Bau gehéiren och Infrastrukturen – an och déi fir déi Kleng, well déi brauchen och hir Baustell, just e bësse méi spaasseg! … ech schwätzen hei vun eisen Spillplatzen. Et ass eng immens flott Initiative all Joers eis Spillplatzen ennert dLup ze huelen an do wou et néideg ass nozeversbesseren. Mir kréien mat der Zäit nei Normen, Spiller änneren sech an dofir begréisse mer dës Démarche. Mir haten awer hei eng Fro, op der Lenkeschlei ass e Panneau datt dSpillplatz nei gemaach gëtt. Engersäit hu mer eis gefrot firwat well déi ass zimélech Rezent an aaner Säit hu mer direkt näicht am Budget font? 

_Kulturell-offer ass immens wichteg fir eis Matbierger an dat hauet och d’Emfro ronderem dëse Sujet gewissen. D’kulturell Offer läit eis um Häerz, well se eis Identitéit stäerkt, Kreativitéit fërdert an Menschen zesummebréngt. 

Ee wichtege Partner heifir ass ennert anerem eise „Centre culturel“ an eis „Museksschoul“, wat mer ganz gutt konnten beim Trounwiessen bewonneren … mee natierlech och all di weider Institutiounen di eis Kultuer héichhaalen. 

Mir hunn immens vill fir Erwuessener mee net vill fir di Kleng (3-6 Joer). Dat soll och op kee Fall eng Kritik un eisen Servicer sinn déi eng super Aarbechten leeschten, et soll eischter eng Ergänzung zu dem ganze sinn.

Ganz oft wann een en Theaterstéck (fir di Kleng) sicht muss een an d’Philharmonie oder op Lasauvage (Poppentheater) … an genau do hat ech di leschte Kéier mat der Mme Agnès Lebourg geschwat déi aus Lyon kënnt an hat so mer datt et ronn 500€ kascht fir eng Séance. Wier dat keng Iddi fir méi an déi Richtung ze maachen?! Ech hu mech bessi emfrot a si mer bewosst dat de „Centre Culturel“ ganz vill besaat ass mee de Verräishaus ass eng ganz gutt Opportunitéit fir sou Theaterstécker.

Weider an dem Espit ginn mer bei de Virliesungen fir d’Kanner. „Poesie am park“, am Kader vum „Dag vum Buch“ an der CNA an an der Bibliothéik. Iwwert Joer gekuckt waren der net ganz vill an der Bibliotéik (2?). Ech si och gewuer ginn datt Leit fräiwelleg sech heifir wollte mellen (fir selwer virzeliesen) …a Frankreich ass dëst eng Benevolats-aarbecht mee hei huet et wie et schengt net geklappt ze hunn … Ech weess net ob der schon sou eppes matgemaach hutt mee et ass magesch dene Kanner nozekucken wann si do nolauschteren et ass sou be-räicherend fir si an en plus ganz inclusive mat gratis Entrée dobäi. Fir dëst Joer hate mer keen sou en héichen Budget virgesinn programmation geet elo vu 15 op 24.000 fir nächst Joer. 837/p.46 méi Liesungen? Mir wollte an dem Sënn net direkt en Amendement proposéieren well vläicht kënnt et jo.

Kommen elo bei mengen 3. Pilier.

_Eng harmonesch Stadplanung mat Gréngflächen, sécher an gutt geplangte Stroossen, Plaazen fir sech ze begéinen, bezuelbare Wunnraum, … D’Qualitéit vum ëffentleche Raum mécht en enormen Ënnerscheed. Diddeleng wiesst an eng„15-Minutte-Stad“ ass eng Strategie déi mer eis kéinnte ginn. Zil ass et, d’Stied méi resilient, inklusiv a nohalteg ze maachen. Haaptprinzipien sinn Proximitéit fir Strecken ze reduzéieren dofir brauche mer eng Poly-zentralitéit heescht zBsp e Becker an all Quartier. Mëschung vun den Fonktiounen, zBsp Wunnen, Akaafen, Büroen a Fräizäit-aktivitéiten leien méi no beieneen…Virdeel vum ganzen: Reduktioun vun der Verschmotzung, vum Kaméidi an vun de Treibhausgas-Emissiounen + Méi Zäit mat der Famill. (Bsp: paräis a Mailand)

Mir schwätzen och scho Joerelaang vun enegre méi begréngter Stadt. Dofir si mir immens frou datt  eise Shared Space méi gréeng ginn ass an och wieder Projet’en an déi Richtung wäerte goen. Schued ass natierlech ze héieren datt mer nach emmer keng Platz fonnt hunn fir en „tiny forest“ ze plantzen… gefillt schwätze mir schon säit 5 Joer iwwert dëse Projet. 

Nodems mir als Gréng virgeworf kréien datt mer eis bei aner Gemengen inspriréieren fir Motiounen ze déposéieren, si mir awer immens frou ze gesinn datt Stadt Lëtzebuerg eis Gemeng Diddeleng inspiréiert huet fir dann endlech e Subsud ze ginn fir gréng Fassaden. 

Wa mer schon eis Fassaden begréngt hunn kenne mer och elo de Logement uschwätzen

_Logement een vun eisen Käersujet’en. Mee logement kann ee net einfach isoléiert kucken. Zum Logement gehéiert och eng dynamesch lokal Wirtschaft fir keng „ville dortoire“ ze ginn. Dofir brauche mer och Betriber. (Hoffen zéie mer ochcnei Betrieber uno p Diddeleng mam Quartier Neischmelz). Mir brauchen Geschäfter: Ech profitéiere kuerz fir dem fréiere City Manager Claude Leners e grousse Merci ze soen fir seng aussergewéinlech Aarbecht an säin Engagement, déi hien an eis Geschaäfftswelt bruecht huet. Sengem Nofolger dem Claude Bizjak wënsche mär eng genau esou glécklech Hand fir eis Geschäfftswelt ze ennerstëtzen an ze dynamiséieren.

Mir brauchen Innovativen an lokal Aarbechtsplazen. Funktionell Servicer fir d’Bierger, Schoulen a Kommunal Maison Relais si wichteg a mir brauchen méi ëffentlech Crèchen. Di nei Initiative vun enger Bësch-Crèche huet eis och immens gefreed. 

  • Lokal wunnen a schaffen; dat ass eng Liewens-qualitéit déi mer sollen ustriewen.

Um niveau vun den ëffentlech an abordablen Wunnengen gesi mer datt mer do schon aus der Zone de confort raus ginn a mir packen de Sujet sou lues richteg un. Eis Servicer leeschten eng brillant Aarbecht mee de politecshe Wëllen muss do sinn.

Lescht Joer, also 24, hate mir eng Motioun déposéiert wou mer gefrot hunn datt Bautekommissioun soll driwwer informéiert ginn weivill Tarrain’en d’Gemeng ugebuede kritt am Kader vum Virkaafsrecht (wat vum Gesetz festgahaale ginn ass). Viru kuerzemen krute mer och dës Lëscht présentéiert a wann ech mech richteg erreneren, well mir kruten se dunn awer net geschéckt, waren 3 Bauterrain’en proposéiert ginn déi mer dunn awer net wollte. De Grond war: ze déier. Wanne ech mech richteg erreneren, lung de präis bei ronn 130.000€/are. Ech kann mech elo op dëser Platz net verknäifen fir drun ze errenneren dat d’Gemeng lescht Joer en Terrain an der Rue des champs kaaf huet wou mer 260.000€/are bezuelt hunn. Ech loossen dat elo mol am Raum stoen…

Well, Jo, abordabel bauen ass wann een 10 mol dat selwecht Haus baut an doduercher sämtlech Käschten optimiséiert … mee de Staat gëtt eis fir all abordabel Wunneng bis zu 75% Subventiounen do wieren di 3 Terrain’en awer vläicht wëllkomm gewiecht.

De PAL (Plan d’action locale) soll eis eng Visioun fir d’Entwecklung vum Wunnraum ginn, mee bis elo feelt eng kloer Strategie fir dat unzepaacken. Wou si mer drunn mat den eidel stoenden Wunnengen? Di onbebaten Terrainen déi am PAG sinn. Et kéinnt een sou vill draus maachen wann mer eng Iddi hätten wéi mer déi sollen mobiliséieren. 

_Housing first : Aktuell hu mir offiziell 2 Léit op der Strooss. Hu mir do Léisungen? Et kann een awer net nokucken a soen dat et komplizéiert ass en „Housing First“-Projet ze starten. Am Kader vum Aarbechtgroupp PAL + Consultation mat der CNDS (commite national de defense sociale) soll een dëse Sujet nächt Joer op den ODJ setzen.

Mee mir baue jo geschwënn de Quartier Neischmelz …kennt der soen.

Dëse neie Quartier bitt eng eenzegaarteg a wichteg Geleeënheet, fir d’sozocial Kohäsioun an eiser Stad ze stäerken. An dësem Kontext wëlle mir eng nei Iddi proposéieren nämlech déi vum Betreite Wunnen an intergenerational Wunnengen. 

Dat wier e neie Wunnmodell den d‘Solidaritéit, Dignitéit an d’Autonomie vun all Generatioun ënnerstëtzt a fuerdert.

Stellt Iech e Quartier vir, an deem d’Generatiounen net just niewentenee liewen, mee wierklech matenee. E Quartier, an deem ee Student e Moment vu Gesellegkeet mat engem pensionéierte Noper deele kann. E Quartier, an deem eng Famill op d’frëndlech Solidaritéit vun enger méi erfuerener Generatioun ziele kann. Dës Form vu Wunnen bekämpft d‘Isolement, vereinfacht den Zougang zum Wunnraum a dréit dozou bäi, en inklusivt, dynamescht an nohaltegt urbant Ëmfeld ze schafen.

Neischmelz ass awer Momentan méi bekannt fir seng Fester wéi seng Wunnengen a mir Diddelenger wesse scho wéi ee gutt féiert mee et kann ee féieren an dobäi d’Ëmwelt schützen – domadder fanne mir et schued datt de green events-Budget erof gesat ginn ass.

_Ech gi net op dKäschten vum Parking Am Duerf un mee eng Demende déi mer hätten ass datt entlesch de Automat fir ze bezuel mol richteg geet a just nemme mat Menz.

_Aus-schelderung vun der Museksschoul – eng Régional (och grenzeniwwergräifend Schoul) Jo, mir Diddelenger wesse vläicht wou eis Musekschoul ass mee di aner net…Strutzbierz 

Eis Gemeng gouf fir hiert Engagement am Beräich vum Respekt aus-ge-zeechent; dofir ass et eis wichteg, datt dësen Esprit sech och an eisen Aus-tausch am Gemengerot erëm-fënnt, esou datt all Stëmmen — och déi vun der Oppositioun — ugehéiert a mat dem néidege Serieux behandelt ginn.

Mär wëllen hei och net alles a jiddereen an een Dëppe geheien, mee Mëss-stänn wëlle mär awer ugoen. Alles an allemgekuckt, ginn et ganz vill Usäz vu gudder Zesummen-aarbescht. Sou bleiwt ze soen, dass mär mat der Ausféierung vum Budget 2025 keng gréisser Problemer haten och wa mir eis wollten abréngen a villes gefrot hunn a net villes kritt hunn.

De gros vum « budget remaniés » hu mär mat gestëmmt. Hei huet d’Transparenz bei den Devisen an d’Présentatioun am Gemengerot gestëmmt. Mir haten den Initial net matgestëmmt a wäert och elo conséquent bléiwen … well mer wärend dem Joer net emmer mat all äer Décisiounen averstaande waren.

Mir wäerte aus de verschidde Grënn déi mer mam Här Steffen opgezielt hunn (an och erkläert a begrënnt hunn) dëse Budget net matstëmmen kënnen.

Mir bleiwen awer motivéiert, am Joer 2026 aktiv matzeschaffen, matze-diskutéieren a konstruktiv Iddien an-zebréngen. 

Merci fir d’Nolauschteren.

Semiray Ahmedova, conseillère communale