background background

Diddeleng

Interaktive Virtrag: Wéi vill Energie brauche mär? A wéi kënne mär se nohalteg produzéieren?

Wéi vill Energie brauch Äert Liewen – a kéint Lëtzebuerg se nohalteg produzéieren? 🌍⚡️

Mär benotzen de ganzen Dag Energie – fir ze hëtzen, ze kachen, ze fueren, ze schaffen oder um Handy ze surfen. Mä wéi vill Energie brauch eise Liewensstil wierklech? A kéinte mär déi Energie op eng nohalteg Aart a Weis hei zu Lëtzebuerg produzéieren?

Den 12. Januar 2026 um 19:00 Auer am Hall Polyvalent zu Diddeleng féieren de Prof. Phil Dale a seng Ekipp vun der Uni-Lëtzebuerg duerch en interaktive Virtrag fir Äntwerten op déi Froen ze fannen.

✅ Fannt eraus, wéi vill Energie Äre Liewensstil verbraucht.

✅ Gesitt, wéi vill Fläch vu Lëtzebuerg néideg wier, wann all Mënsch esou géif liewen ewéi där.

✅ Probéiert ënnerschiddlech gréng Energie-Produktionsméiglechkeeten aus fir äre Bedarf ze décken.

✅ Stellt Är Froen zu Energieverbrauch, Produktioun vun erneierbaren Energien a Klimaschutz direkt un d’Experten.

📍 Hall Polyvalent, Diddeleng

🕖 Méindeg, den 12.01.2026 – 19:00 Auer

🎟 Gratis Entrée. Umellung erwënscht: diddeleng@greng.lu

https://www.facebook.com/events/838812182228960/