Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – Dezember 2025
Am Dezember hu mär 1 Fro un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.
Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng
Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,
Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zum Ausbau vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng Stellung ze huelen.
Op der Informatiounsversammlung zum Quartier NeiSchmelz de 17.11.2025 hunn sech vill Awunner besuergt iwwer d’Verkéiersopkommes gewisen, dat de neie Quartier riskéiert mat sech ze bréngen. Als eng vun den Haaptléisungen gouf den Zuch fir an d’Stad genannt, deen am Véirelstonnentakt fuere wäert an duerch méi grouss Quaien och méi grouss Capacitéiten u Leit soll kënnen an d’Stad bréngen.
Am Gemengerot vum Februar 2025, krute mär, op eis Froen hi, bestätegt, dass dës Véirelstonnentaktung net wéi geplangt fir 2027 realisabel wier, wéinst der Duebelgleisegkeet, déi et heivir ënnert anerem am Norde vun Diddeleng bräicht och stoungen ongekläerte Proprietéitsverhältnisser als Grënn am Raum.
An dem Sënn wollte mär vum Schäfferot wëssen:
1. Gëtt et en neie Moment zu:
- de Proprietéitsverhältnisser, déi am Februar 2025 nach net gekläert waren, déi d’Prämiss sinn, fir d’Duebelgleisegkeet kënnen z’erméiglechen?
- dem Planning vun den Aarbechten (supressioun vun de passages à niveau, Ausbau vun de Garen, Aarbechten un de Gleiser)?
2. Hunn Entrevuë mat der CFL zu dësem Sujet dëst Joer statt fonnt? Fir wéini si Reunioune geplangt?
- Ween huet d’Initiativ geholl fir dës Reuniounen? De Schäfferot oder CFL?
- An der Negativitéit: wisou hu keng Reunioune statt fonnt?
D’Livraisoun vun den éischte Logementer op NeiSchmelz ass fir 2028 geplangt. Aarbechten u Gleiser, Garen an u Suppressioune vu passages à niveau suergen ëmmer fir Suppressiounen am Zuchverkéier an Ersatzbusser.
Mär stellen deemno fest, dass de BiergerInnen hier Suergen (Infoversammlung zu Neischmelz den 17.11.25) zur Mobilitéitssituatioun, déi e.a. eng zouhuelend Aktivitéit op NeiSchmelz wäert schafen, kuerz- a mëttelfristeg net wäert kënne wéi ugekënnegt duerch d’Eisebunn kënnen opgefaange ginn. D’Mobilitéitssituatioun an Diddeleng riskéiert sech deemno Enn den 20er Jore bis iwwer d’Mëtt vun den 30er Joren a ganz Diddeleng ze verschlechteren.
3. Kann de Schäfferot dësen Szenario confirméieren?
4. Wat sinn dem Schäfferot seng Iwwerleeungen dëser Entwécklung virzegräifen?
5. Gesäit de Schäfferot, zesumme mat der CFL an dem Mobilitéitsministere eng Informatiounsversammlung vir, fir de Bierger d’Entwécklungen zu den Direktzich, der Véirelstonnentaktung an der Chantiersphase wäerten duer ze leeën an op hier Suergen anzegoen?
An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,
Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal
