Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – Oktober 2025
Am Oktober hu mär 2 Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.
Un den Här Buergermeeschter an un d’Damen an Häre Schäffe vun der Stad Diddeleng
Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,
Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zum Erstellen vum Budget 2026 Stellung ze huelen.
Aktuell lafen d’Aarbechten um Budget fir den Exercice 2026 op Héichtouren. Mat enger Verschëldung, déi säit e puer Joer ëmmer méi wiisst an dem Beméie säitens dem Schäfferot, dës an engem gewësse Kader ze halen, stellen sech eis follgend Froen.
1. Wat sinn d’Consignen, déi de Schäfferot hire Chefs de Service mat op de Wee ginn huet a gëtt beim Erstelle vun hire jeeweilege Budgeten?
2. Ginn et spezifesch Consignen zu Spuermoossname fir déi verschidde Servicer? Am Fall wou, wéi eng?
Bei der Ausféierung vum Budget, an do géinge mär d’Beispill vun 2025 huelen, hätte mär nach follgend Froen.
3. Wat sinn d’Spuerconsignen, déi d’Chefs de Service kréien/kritt hunn, bei der Consommatioun vun hirem jeeweilege Budget?
4. Ginn et Situatiounen oder systematesch Momenter, wou de Schäfferot zousätzlech Erklärunge vun de Chefs de Service verlaangt, bei der Consommatioun vum Budget?
An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,
Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal
Un den Här Buergermeeschter an un d’Damen an Häre Schäffe vun der Stad Diddeleng
Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,
Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgender Fro zu de schrëftlechen Äntwerten op eis Fro aus dem läschte Gemengerot zu der Ëffentlechkeetsaarbecht am Kader vun der Journée de la Mobilité Stellung ze huelen. Konform zum aktuelle Règlement d’Ordre Interieur vum Gemengerot krute mär op eis Froen, déi net wärend dem Gemengerot vum 29. September 2025 beäntwert gi sinn, bannent engem Mount eng schrëftlech Äntwert dëse Méindeg, 20. Oktober (Annexe 1).
Well op dësem Wee keng Präzisiounsfroe méiglech sinn, wollte mär dës iwwert dëse Wee beäntwert hunn. Mär huele Kenntnis vun der Äntwert op déi éischt Fro, wëllen awer bemierken, dass d’Madamm Ahmedova och zu deem Zäitpunkt présente war.
D’Äntwert op déi zweet Fro léisst eis awer schléissen, dass dës eventuell falsch vum Schäfferot verstan ginn ass. Eis ass et wichteg ze betounen, dass et eis zu kengem Moment dru geleeën ass d’Aarbecht vum Service Communication et Relations de Presse respektiv externe Gesellschaften ze diskreditéieren, mat Hypothesen, déi de Schäfferot ervir bréngt a senger Äntwert an domat suggeréiert, dat kéint Inhalt vun dëser Fro sinn.

Eis geet et drëms d’ “Jo oder Nee – Fro” beäntwert ze kréien, ob de Schäff*innerot der Meenung ass, dass esou Posts (9 vun 20 Fotoen zum Mobilitéitsdag mat LSAP-Mandatairen) der politesch neutraler Informatioun vun de Bierger*Innen Rechnung droen?
An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,
Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal
