background background

Diddeleng

Motioun: Cargobikes fir Trajete vun der Gemeng a Mise à disposition heivun fir d'Diddelenger Geschäftsleit

De Gemengerot stellt fest, dass

– Cargobikes Vëloe sinn, déi et erméigleche mat oder ouni Elektromotor Gidder, Déieren oder Persoune virun, respektiv hannert dem Fuerer ze transportéieren.

– Cargobikes sech dozou eegne praktesch, séier an ëmweltfrëndlech Trajeten an Diddeleng an driwwer eraus z’assuréieren.

– d’Regierung de Kaf vu Cargobikes ënnerstëtzt andeems dës duerch eng Prime staatlech subventionéiert ginn. (Annexe 1)

– d’Gemeng Diddeleng de Kaf vu Cargobikes ënnerstëtzt andeems dës duerch eng Prime vun der Gemeng op Vëloe subventionéiert ginn. (Annexe 2)

– d’Gemeng Diddeleng, andeems se “good practice” virlieft de BiergerInnen d’Virdeeler vun dëser Form vun duusser Mobilitéit ka virliewen.

– d’Gemeng Esch zwee Cargobikes am Gebrauch huet, déi se och hire Geschäftsleit gratis zur Verfügung stellt (Annexe 3)

Invitéiert de Schäfferot:

1) D’Uschafung vun zwee Cargobikes an der passender Bikebox am Budget 2026 virzegesinn.

2) D’Notzung vun dësen am Gemengefuerpark ze promouvéieren.

3) D’Modalitéite fir d’Verléinen un interesséiert Geschäftsleit zesumme mam City Manager an dem Geschäftsverband ze definéieren.

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal