Recap 2024-2025
Hei d’Zesummefaassung vun eise Froen un de Schäfferot, eisen Interventiounen am Gemengerot an eis Motiounen aus der Zäitspan Juli 2024 bis Juli 2025.
Lisez notre récapitulatif en français ici. Read our summary in English here. Leia o nosso resumo em português aqui.
04.10.24
Zesumme mat de Kolleege vun der CSV, DP an Déi Lénk hu mär de Sommet économique op den Ordre du jour setze gelooss, fir eis fir d’Abanne vun der Oppositioun op dësem wichtege Moment anzesetzen. Hei hu mär an enger gemeinsamer Motioun konnten Ouverturë fir d‘Zukunft erreechen.
Weider hate mär Froen zur Gestioun vun der oppener Schwämm, dem Muppeschwammen an der Buvette. Hei hu mär e generelle Rapport vun der Saison kritt, Froen zur Sécherheet, der Buvette an dem Offall goufe beäntwert.
11.11.24
An enger Motioun hate mär gefrot fir de Summer 2025 Jardins Ephemères z’installéieren a sech der LUGA-Ausstellung unzeschléissen. D’Motioun ass leider just vun Déi Lénk ënnerstëtzt ginn. Mär bedaueren, dass sech am Gemengerot net eiser Initiativ ugeschloss gouf, begréissen awer dass de Schäfferot et herno nawell gemaach huet.
Bei eise Froen un de Schäfferot zum Shared Space ass et em d’Polleren an em d’Kontrolle vum Anhale vun der autofräier Niddeschgaass gaangen. Mär hunn och no weidere Sensibiliséierungsmoossnamen fir de Summer 2025 gefrot. Um Enn wollte mär dann nach wëssen, wéi et em de Sondage steet, deen zum Duerfzentrum gemaach ginn ass.
13.12.24
An eiser Gemeng si verschidden Trottoiren net zougänglech oder geféierlech, besonnesch fir Poussetten a Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, wéinst Trapen an engem Manktem u Sécherheets-Trennung zur Strooss. Mär froen de Schäfferot, ob d’Accessibilitéitsgesetz respektéiert gëtt, ob hien sech der Situatioun bewosst ass, wéi eng Moossname geplangt sinn an ob en Inventaire vun den Trottoire kéint gemaach ginn.
D’Klima-Agence huet déi 2. Editioun vum Solar Challenge gestart, fir Gemengen, Bierger.innen an Entreprisen ze motivéieren, méi Solarenergie ze produzéieren an déi bestoend Hürden ofzeschafen. An dësem Kader wollte mir gäre wëssen, wéi eng Projeten d’Gemeng agereecht huet, fir d’Leit ze sensibiliséieren, firwat d’Ëmweltkommissioun net virdru consultéiert gouf, a wéi eng konkret Moossname geplangt sinn, fir déi lokal Acteuren effektiv ze mobiliséieren.
D’Schafe vun engem Subside fir de Pass Interrail Jeune fir den 18. Gebuertsdag ass eng flott Opportunitéit Europa z‘entdecken. Mär hunn de Schäfferot no Kloerheet iwwert d’Zäitraim vun eiser Motioun iwwert den Interrail Pass gefrot an op eng konsequent an transparent Ëmsetzung vun den Entscheedungen vun de Kommissiounen insistéiert. D‘Motioun war schonn de 14.06.2024 am Gemengerot präsentéiert ginn. Mat eiser Hartnäckegkeet konnte mär eis mat der Majoritéit Enn Mäerz op e Kompromëss vun 200€ an eng Gültegkeet iwwer 2 Joer eenegen.
Bei der Budgetsdebatt hu mär mat engem Amendement erreecht, dass de « Budget participatif » erhéicht konnt ginn an doduerch e fënnefte Projet konnt ugeholl a réaliséiert ginn.
14.02.25
De Passage vum Parc Le’h eriwwer an de Wal ass virun allem fir Foussgänger a Vëlofuerer immens geféierlech, well se iwwert eng Staatsstrooss komme mussen an dat an enger Kéier, kuerz virun enger Autobunnsopfaart. Mär hu gefrot wou d’Etude de faisabilité drun ass, déi de Schäfferot an Aussiicht gestallt hat, hei eng sécher Léisung ze fannen, respektiv wou d’Diskussiounen tëscht dem Ministère an der Gemeng dru sinn. Mär hunn och Iddien zu méigleche Finanzementer duerch den Tourismusministère oder europäesch Gelder proposéiert.
Mär haten och nach Froen zu den zukünftegen direkten Zuchverbindungen an d’Stad am Véierelstonnentakt ab 2027, ob d’Gemeng nei Infoen hätt vun der CFL zu der Suppressioun vun de Barrièren an Diddeleng. De Vëlostracé, deen hei mat drun hänkt, huet eis och nach interesséiert.
De Projet vun den Tiny Forests, deen zanter e puer Joer am Gemengebudget virgesinn ass, soll d’Biodiversitéit stäerken an d’Bevëlkerung fir d’Ëmwelt sensibiliséieren. Mär wëlle gären de Stand vum Projet gewuer ginn, wéi eng Plazen a Betruecht gezu goufen, ob schonn eppes realiséiert gouf a wat d’Grënn fir déi aktuell Retarde sinn.
31.03.25
An enger Motioun hu mär de Schäfferot opgefuerdert, déi nächst Schoulorganisatioun an Aklang zum Léierplang opzestellen, dat besonnech mat Bléck op déi vum Gesetz virgeschriwwen Unzuel u Schoulsportstonnen. Vu dass d’Gemeng dofir zoustänneg ass de Kader ze schafen, dass d’Kanner aus de Cyclen 2 an 3 kënnen 3 Stonne Sport d’Woch hunn, wollte mär sécher sinn, dass dëst den Enseignanten an de Kanner erméiglecht gëtt. Dës Motioun gouf unanime ugeholl.
05.05.25
Nodeems mär gewuer goufen, dass ëmmer méi Vëloen, trotz Schlass geklaut ginn, hu mär de Schäfferot gefrot, wat e wëlles huet, fir d’Ofstellméiglechkeeten méi sëcher ze maachen. D’Problematik vun de sougenannten Anlehnbügel déi d’Gemeng benotzt war dem Schäfferot net bekannt a mär krute Kontrolle verséchert.
Quartier “a Bëlleg”: Mär hu Froen zu der Regulariséierung vun den Autosparkplazen a Froen zu der Spillplaz an dësem neie Quartier gestallt. Et war net kloer, ob d’Spillplazen an d’Geräter scho fir de Public op wier. Hei krute mär bestätegt, dass se nach net accessibel wier an d’Ofséchere vun de Geräter gouf gepréift. D’Parken ass hei an Tëschenzäit regulariséiert.
13.06.25
Wéi Reporter.lu vun enger sougenannter Korruptiounsaffär bericht huet, wou e fréiere Beamte vun derDiddelenger Gemeng viséiert war, hate mär zesumme mat déi Lénk an der CSV Froen: Wéi de Beamten esou laang konnt Niewenaktivitéiten nogoen, wat seng Leeschtungen a Remuneratiounen fir d’Gemeng Diddeleng an dem Kontext waren, wéi et mat der Disziplinarprozedur gelaf war a wat elo der Gemeng hier Méiglechkeete si fir nächst Schrëtt. Unanime gouf doropshin festgehal, méiglech rechtlech Schrëtt an d’Méiglechkeet op Schuedenersatz ze préiwen.
18.07.25
Aktuell ginn déi kleng, individuell, amovibel Photovoltaik-Installatiounen, wéi z. B. fir op de Balcon, net promouvéiert. Dobäi ass dat eng Léisung fir Residence oder Locatairen. Dofir hu mär beim Schäfferot gefuerdert, en Aktiounsplang auszeschaffen, fir dës Léisung finanziell z’ënnerstëtzen. D’Zil ass et, dës Installatioun zu Diddeleng ze vereinfachen. D’absolut Majoritéit huet d’Motioun ofgeleent a gesäit d’Diskussioun réischt méi spéit am Joer an enger Kommissioun vir.
Mat der Canicule Ufanks Juli huet de Schäfferot decidéiert d’Schoulpflicht de Mëtteg vun der Alerte Rouge opzehiewen an d’Gemeng selwer och éischter zouzemaachen. Choixen, déi mär net hannerfroen, well d’Sécherheet hei ëmmer virgeet. D’Kommunikatioun hu mär op de läschte Stëppel fonnt an dofir wollte mär froen, ob et e “plan canicule” gëtt, dee méi Kloerheet a Previsibilitéit schaaft, dëst well de Klimawandel d‘Wiederextreemer an Zukunft verstäerke wäert.
Mär hu festgestallt, dass d’Memberen aus dem Gemengerot net an der Verdeelungslëscht „all user“ vum Gemengepersonal enthale sinn. Well et eis awer wichteg ass, besser Bescheed ze wësse wat d’Kommunikatiounen un d’Mataarbechter ass, wollte mär d’Grënn heivunner wëssen. Weider wollte mär Informatiounen hunn, ween decidéiert wat d’Conseilleren iwwer déi benotzten Online-Outile wéi Intranet aScharepoint dierfe gewuer ginn.
+++++ Weider Schwéierpunkten an eisen Interventiounen
Ënnerstëtzung vun dem neie Schoul-SEA-Projet Baltzeng mat Fokus drop elo schonn eng Verkéiersberouegung-Testphase an dësem Quartier virzegesinn, fir de Kanner e sécheren Accès zu Fouss, mam Vëlo oder der Trottinett z’erméiglechen ouni musse geféierlech Schläichweeër ze kräizen.
