background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – Juni 2025

Am Juni hu mäer 1 Fro un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.


Un den Här Buergermeeschter an un d’Damen an Häre Schäffe vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun den Diddelenger Fraktioune vun déi gréng, déi Lénk an der CSV biede mir Iech, e weidere Punkt op den Ordre du jour vun der nächster Gemengerotssëtzung ze setzen, betreffend der rezent publik gemaachter Korruptiounsaffär vun engem fréiere Gemengebeamten.

Aus dem Artikel vum 26. Mee 2025 vu Reporter.lu („Affaire de corruption – Le fonctionnaire et l’argent noir des communes“) geet ervir, dass e Gemengebeamten sech tëscht 1999 an 2017 nierwt sengem Beruff als Gemengebeamte mat Revenues an Avantagen am ganzen iwwer 700.000 € mat der Berodung vu Gemengen am Kontext vun der Gestioun vun der Restauration collective vun de Primärschoulen verschaf huet. Heen ass och heivir zu 18 Méint Prison integral op sursis an enger Geldstrof vu 65.000 € veruerteelt ginn.

Während der Debatt an der Gemengerotssëtzung géinge mir de Schäfferot bieden, ënner anerem zu follgende Froen Stellung ze huelen.

Am Artikel ass e Listing ze fannen, vun de betraffenen Gemengen, déi fir esou Servicer bezuelt hunn. D’Gemeng Diddeleng gëtt och an dem Listing opgefouert.

Eis Froen heizou wiere folgend:

  • A wéieen Zäitraum falen déi Servicer, fir déi d’Diddelenger Gemeng bezuelt huet, wëssend dass de Beamten tëschent 2004 (oder méi spéit) an 2017 fir d’Gemeng geschafft huet?
  • Wéieng Servicer huet den accuséierte Beamten der Gemeng Diddeleng an dësem Kontext a nierwt senger eigentlecher Aarbescht geleescht?

Reporter.lu chiffréiert déi bezuelten Indemnitéiten, vun den 10 Gemengen, déi am meeschten bezuelt hunn.

  • Wéivill huet déi Diddelenger Gemeng an dësem Kontext bezuelt?
  • Wéieng Leeschtungen huet den accuséierte Beamten heivir erbruecht?
  • Falls dës Servicer bezuelt goufen, während de Beamte schon zu Diddeleng agestallt woar: Wéi kann et sinn, dass dës Duebelfunktioun dem Schäfferot zu dësem Zäitpunkt net opgefall ass, wëssend, dass den Agent laut Presseartikel bis 2017 de Posten vum Chef de Service vun de Ressources Humaines besat huet?

Weider gëtt am Artikel erklärt, dass de Beamten tëscht 2011 an 2017 zu Diddeleng 17.400 Stonne pointéiert huet, laut Schätzungen vun der Police. An dem sellweschten Intervall hätt en 24.312 Stonnen fir déi aaner Gemengen geschafft. Sou referéiert sech Reporter.lu op seng affaire disciplinaire, aus sengem penalen Dossier, wou et heescht den Agent hätt seng Nierwenaktivitéit camoufléiert als Formateur beim INAP, als Member vun der Examenskommissioun an notemment Absencen liéiert u seng Aktivitéiten dass systematesch seng Entrées a Sortien am System vum Horaire Mobile manipuléiert gi sinn.

Wëssend, dass de Buergemeeschter an de Schäfferot laut Gemengegesetz sech em d’Commanden bei den Entreprisen no de Prozeduren vum Marché public këmmert an och den deeglechen Suivi vun den Aarbeschten ze maachen huet. Wëssend och, dass de Collège fir d’Surveillance vun de Gemengeservicer an dem Personal zoustänneg ass als supérieur hiérarchique vum Gemengepersonal, hätte mär folgend Froen:

  • Wéi konnt de concernéierte Beamten 3 Joër ënnert dem aktuelle Buergemeeschter an 3 Joer ënnert dem sengem LSAP-Virgänger, dës Manipulatiounen ënnert deeër Ausmoos virhuelen, ouni dass dëst opgefall wier?
  • Wéieng Konsequenzen zitt de Schäfferot aus dëser Affaire?

De genannte Presseartikel schreiwt schlussendlech och nach, dass den Här Buergermeeschter 2017 eng „procédure disciplinaire“ initiéiert hätt. Vu dass de Beamten am September 2017 démissionéiert huet, wier dës Prozedur dunn awer ofgebrach ginn. Grouss Frustratioun wier bei der Gemeng opkomm, well den employeur, als de Schäffen- a Gemengerot, net an Appel gaangen ass.

Doraus ergi sech eis folgend Froen:

  • Ass et richteg, dass déi Disziplinarprozedur automatesch ofgebrach gouf, wéi de Beamten démissionéiert huet?
  • Woar sech de Schäfferot dëser Konsequenz am Virfeld bewosst an hätt en déi net kënne verhënneren, andeems en d’Démissioun vum Beamten net accordéiert hätt?  
  • Hat, sou wéi et aus dem Artikel ervirgeet, den employeur d’Méiglechkeet, an Appel ze goen an huet de Schäfferot de Gemengerot iwwer dës Méiglechkeet a Kenntnis gesat?
  • Wëssend, dass d’Gemeng Diddeleng iwwer Joeren duebel beduckst gouf (Bezuele vu Leeschtungen a Manipulatioun vun der Pointeuse), firwat gouf schlussendlech décidéiert, net an Appel ze goen?

mat beschte Gréiss,

Yves Steffen, déi gréng | Carole Thoma, déi Lénk | Michèle Kayser-Wengler, CSV