background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – Abrëll/Mee 2025

Am Abrëll/Mee hu mäer 2 Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.


Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froe betreffend Vëlosstännere Stellung ze huelen.

Am Kontext vun der doucer Mobilitéit, déi mir als Gemeng aktiv wëlle fërderen, stellt sech d’Fro, wéi mir d’Sécherheetsgefill vun de Biergerinnen a Bierger kënne garantéieren, wann si mam Vëlo ënnerwee sinn an awer och wann si hire Vëlo musse parken. Nieft dem Onsécherheetsgefill beim Fueren, ass eng vun de wichtegste Barrièren, fir datt méi Leit de Vëlo als Transportmëttel wielen, d’Angscht virun Déifstall oder Beschiedegung vum Vëlo. Wann een net sécher ass, ob säi Vëlo nach do steet, wann een zréck kënnt, da verléiert een d’Vertrauen an d’Prakteschkeet vun dësem Verkéiersmëttel – an dat hemmt d’Benotzung vum Vëlo op breeder Basis.

Zu Diddeleng ass de Gros vun de Vëlosstänneren a Form vun sou genannten “Anlehnbügel”, engem metallene Bigel, den entweder mat Muffen um Buedem fest geschrauft oder abetonnéiert ass. Vum Prinzip hier ass dëse Modell gutt a praktesch, well en erméiglecht déi verschidde Gréissten a Modeller u Vëloen ofzestellen. Allerdéngs bréngt dëse Modell 2 Risike mat sech, wou maachen, dass Cyclisten hire Vëlo trotz Schlass geklaut kënne kréien. (Annexe 1)

Virun allem a Groussstied ass et eng vun de Praxen, vun organiséierte Vëlos-Déiwen, d’Duerchflexen vum Stänner an d’zou päschen heivu mat engem Sticker, domat de Leit net opfällt, dass d’Schlass duerch de Stänner kann eraus gezu ginn am Moment wou si en ofstellen. (Annexe 2)

Anerersäits duerch d’Lassdréie vun den Halterungsmuffen, sief dat am Virfeld präparéiert oder am Moment selwer, sou dass d’Erauszéie vum Bigel selwer erméiglecht gëtt an de Vëlo da just nach muss mat geholl ginn. Hei ass eis mindestens ee Virfall bekannt, den zu Diddeleng genau esou statt fonnt huet.

Dofir wollte mär vum Schäfferot wëssen:

1. Ass de Schäfferot sech dëse Gefore bewosst?

  • Wéi oft gi Kontrollen un de Vëlosstänneren duerchgefouert, ob se net béiswëlleg manipuléiert goufen (Kontrolléiere vu Stickeren a Kontrolléiere vu Muffen)?

2. Gëtt bei den, mat Muffen verschrauwtene Stänneren, iwwert en alternative Sécherungsmodus (z.B. Abetonéieren) nogeduecht?

  • Wa jo, ab wéini ass domat ze rechnen, dass all d’Stänneren esou geséchert sinn?
  • Wéi vill Stännere sinn heivu betraff?
  • Wann dëst plazeweis net méiglech sollt sinn, wéi kënnen d’Leit dem Schäfferot no op d’méiglech Geforen opmierksam gemaach ginn?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal


Un den Här Buergermeeschter an un d’Damen an Häre Schäffe vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zum Quartier “A Bëlleg” Stellung ze huelen.

Am läschte Gemengerot vum 30.3.2025 hu mär d’Cessioun vun de Parzellen un d’Gemeng Diddeleng gestëmmt, déi den ëffentleche Raum betreffen (Spillplaz, Stroosseraum a Retentiounsbecken). Am Gemengerot vum 15.7.2022 gouf en Avenant op d’Verkéiersreglement gestëmmt, dat an dem Quartier gëllt. Aktuell ass de Site just fräi gi fir de Chantiersverkéier an déi duuss Mobilitéit.

Mär stellen awer fest, dass souwuel Privatautoen am Dag, wéi och Camionnetten, déi näischt mam Chantier ze dinn hunn iwwer Nuecht hei geparkt stinn. Laut dem Avenant op d’Verkéiersreglement vum 15.7.2025 ass dëst e Parking résidentiel vun der Zone B. Hei stinn awer weder Parkautomaten, nach hunn d’Autoen eng Vignette. A vu dass de Site just fir d’duuss Mobilitéit fräi ginn ass, dierften eigentlech keng Autoen op de Site fueren a parken, déi do net vum Chantier aus gebraucht ginn (Annexe 1).

1. Gëtt den ëffentleche Stroosseraum am Quartier “A Bëlleg” vun der Police an/oder den agents municipaux kontrolléiert?

2. Wéi gedenkt de Schäfferot z’ënnerhuelen, fir dëst onerlaabte Parken a Befuere vun de Stroossen an Zukunft z’ënnerbannen?

Am Gemengerot vum 3.5.2024 hu mär d’Reglement gestëmmt, dat d’Notzung vun den espaces publics an och de Spillplaze reegelt. D’Spillplaz “A Bëlleg” ass mat der Cessioun vun der Parzell un d’Gemeng ofgetruede ginn an am Responsabilitéitsberäich vun der Gemeng. Wéi op de Fotoen an der Annexe 2 z’erkennen, sinn eenzel Geräter fräi accessibel, anerer si mol méi mol manner ofgespaart mat Clôturen an/oder Bännercher. Schëlder, dass een net dierf op d’Geräter si keng ze gesinn. Och fannen hei scho reegelméisseg Treffe statt, wéi ënner anerem de Littering beweisen (Annexe 3).

Eis stellen sech an dem Kontext follgend Froen:

3. Ass d’Spillplaz deelweis scho fir de Public op?

4. Wann net, ginn et keng Virschrëften, wéi dës Spillplaz geséchert misst sinn?

5. Wéini ass domat ze rechnen, dass déi ganz Spillplaz fir de Public accessibel ass?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal