Motioun: Mise en conformité vun der Diddelenger Schoulorganisatioun mam Règlement grand-ducal vum 11. August 2011 (Plan d'Etudes)
De Gemengerot stellt fest, dass
- Diddeleng eng Sportsstad ass an 2019 de Label “European Town of Sports” zougesprach kritt huet fir hir Sportsinfrastrukturen an Initiativen zur Fërderung vum Sport. (Annexe 1)
- de Gemengerot sech an deem Esprit zu all Initiativ misst bekennen, déi de Sport an d’Beweegung an eiser Gemeng fërdert, esou wuel bei de Kanner wéi och bei den Erwuessenen an de Senioren.
- den Educatiounsministère d’Strategie vu méi Beweegung fir d’Kanner verfollegt andeems an de SEA an Zukunft 2 Stonne Beweegung den Dag ugebuede ginn an op 6e a 5e am Lycée eng weider Stonn Sport op de Stonneplang kënnt.
- der non-formaler Bildung am SEA hir Zilsetzungen, Prinzippien a Merkmaler am Bildungsrahmenplan definéiert sinn: dës sinn anerer ewéi an der formaler Bildung an der Grondschoul, an dowéint mussen de SEA an d’Grondschoul an der Diskussioun em de Schoulsport onofhängeg vunenee consideréiert ginn.
- de Règlement grand-ducal vum 11. August 2011 (Plan d’Etudes) de Sport an der Grondschoul definéiert, esou wuel wat d’Unzuel vun de Schoulstonnen ugeet, wéi och déi recommandéiert Inhalter. (Annexe 2)
- déi obligatoresch Zuel vu wëchentlëche Sportstonnen (Cycle 2: 3 Stonnen / Cycle 3: 3 Stonnen / Cycle 4: 2 Stonnen) net an all den Diddelenger Schoulen ofgehale gëtt.
- d’Kompetenz vum Erstellen an Arrêtéiere vun der Schoulorganisatioun, der Gemeng ënnersteet (Gesetz vum 29. Juni 2017, Artikel 58). (Annexe 3)
- d’Schoulorganisatioun vun de Gemengen de legalen Obligatiounen an Horaire muss gerecht ginn.
- d’Sport- an d’Schwammstonnen an der kommunaler Schoulorganisatioun enthale musse sinn.
Invitéiert de Schäfferot:
1) Mat den Diddelenger Schoulen an der regionaler Schouldirektioun a Kontakt ze trieden, an drop ze bestoen, datt deen am uewe genannte Rgd festgehalene Contingent u Sportsstonnen an all de Schoulen ab der Rentrée am September 2025 respektéiert gëtt.
2) An der provisorescher Schoulorganisatioun 2025/2026 en zousätzlecht Kapitel virzegesinn, an deem d’Organisatioun vum Schoulsport gereegelt gëtt, esou wéi e vum Plan d’Etudes virgesinn ass.
3) D’Schoulkommissioun am Virfeld vum Gemengerot iwwert déi nei Organisatioun vum Schoulsport ze informéieren an hiren Avis dozou unzefroen, esou wéi et am Schoulgesetz vun 2009 festgehalen ass.
Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal
