background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – Februar 2025

Am Februar hu mär 3 Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.


Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zum Foussgänger- a Vëlospassage um CR161 Stellung ze huelen.

Am Gemengerot vum 26. Oktober 2023 (cf. Annexe) hate mär iwwert de Passage um CR161 geschwat, wou de Parc Léi mam Wal verbënnt a virun allem fir Cyclisten a Foussgänger geféierlech ass. D’Mesure vum Ministère, d’Vitesse op 70 km/h ze reduzéieren a mat Schëlder op eng Geforeplaz hinzeweisen sinn en Ufank, ma hunn an der Praxis d’Situatioun selwer net wesentlech méi sécher gemaach fir Foussgänger a Cyclisten.

De Schäfferot huet eis erkläert, d’Gemeng hätt eng Etude de faisabilité an Optrag ginn, fir ze kucke wat op dëser Plaz méiglech ass. Och stoung d’Fro am Raum wat d’Proprietéitsverhältnisser betrëfft vun den Terrainen op deenen eventuell Iwwergäng an Unterführunge kéinte gebaut ginn. Och war onkloer, wéi et op Säite vum Ministère hei weider géing goen, nom Regierungswiessel. Virun dem Kontext hätte mär follgend Froen:

  • Wat ass de leschte Stand vun der Etude de faisabilité?
  • Wann ofgeschloss: wat ass dobäi eraus komm a konnten d’Proprietéitsverhältnisser gekläert ginn?
  • Wa net ofgeschloss: fir wéini kënne mär mat Resultater vun dëser Etude rechnen?

Vu dass et no de Walen am Oktober 2023 zu engem Wiessel am Ministère de la mobilité et des travaux publics komm ass, dëse sech weiderhin zum PNM35 bekennt, wollte mär Follgendes wëssen:

  • Wéi steet déi aktuell Mobilitéitsministesch zu dësem Passage?
  • Goufen et säitdeem Reuniounen tëscht dem Schäfferot an dem Ministère zu dësem Passage?
  • Gëtt et eng Timeline, wéi et hei mat weidergeet?

Méi allgemeng a komplementar zu dëser Pist dann nach:

  • Huet de Schäfferot gepréift ob den Tourismusministère eventuell Käschte géing vun engem Passage iwwerhuelen?
  • Huet de Schäfferot d’Méiglechkeet vun engem Interreg-Projet préiwe gelooss, andeems een eng Vëlospiste mat Raccordement un d’Nopeschduerf Zoufftgen kéint ugoen an duerch europäesch Subside cofinanzéieren ze loossen?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal


Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zum Ausbau vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Wuelmereng an de Suppressioune vun de Passages à Niveau zu Diddeleng Stellung ze huelen.

Erfreet ware mär am Wort vum 29. Januar 2025 an op Wortonline ze liesen, dass ab 2027 nees Direktzich vun Diddeleng an d’Stad fuere sollen, dëst war och den 23.3.2022 vum deemolegen Transportminister François Bausch am Centre Culturel opderschmelz um Infoowend vum Quartier NeiSchmelz an Aussiicht gestallt ginn.

  • Huet de Schäfferot Informatiounen dozou, ob Diddeleng ab 2027 dann och déi virgesinnen Zuchverbindung am Véirelstonnentakt op Beetebuerg huet?
  • Wéini sinn d’Aarbechte virgesinn, fir d’Duebelgleisegkeet tëscht Beetebuerg a Biereng ze maachen, déi dës Taktung erméiglechen? D’Diskussioun ronderëm d’Eisebunnslinn zu Diddeleng ginn ëmmer anhier mat der Suppressioun vun de Passages à Niveau.
  • Ginn et hei Planungsdélaisen vun der CFL an de concernéierte staatleche Servicer (MMTP a Ponts et Chaussées) fir déi jeeweileg Passagen?

De Passage zu Biereng war deen eenzegen, bei deem bis elo nach keng konkret Aussoe gemaach gi sinn, wou dëse Passage soll eraus kommen. D’Biergerversammlungen zum neie Schoul- a SEA-Komplex Baltzeng hunn nach emol kloer gewisen, dass d’Awunner aus dem Quartier sech ganz vill Froe stellen zum Verkéiersopkommes an dësem Quartier.

  • Ginn et hei éischt Etuden, wéi den Autosverkéier an Zukunft hei soll verlafen?
  • Wéi ass dem Schäfferot seng Postitioun bei der Planung vun dësem Passage?

Un dës Aarbechte gebonnen, huet de Schäfferot reegelméisseg am Kontext vu sécherer Vëlosinfrastruktur an Diddeleng op de Vëlosdirektwee verwisen, dee laanscht d’Eisebunnslinn soll féieren.

  • Ginn et hei Planungsdélaisen?
  • Am Fall vu mëttel- a laangfristegen Délaisen: gedenkt de Schäfferot kuerzfristeg sécher Alternativrouten ze schafen, fir dem verstäerkten Opkomme vun der duusser Mobilitéit Rechnung ze droen?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal


À l’attention de Monsieur le Bourgmestre et du Collège échevinal de la commune de Dudelange

Monsieur le Bourgmestre,
Mesdames et Messieurs les échevins,

Au nom de déi gréng Dudelange, nous vous prions de bien vouloir prendre position quant aux questions suivantes lors du prochain conseil communal.

Après plusieurs discussions sur le sujet des Tiny Forests, qui, par ailleurs, figurent depuis quelques années dans le budget, sous la rubrique 131 urbanisme, nous souhaitons faire un point sur l’avancement du projet.

Dans une démarche de renforcement de la biodiversité et de sensibilisation environnementale, ces forêts urbaines denses, inspirées de la méthode Miyawaki, présentent de nombreux bénéfices écologiques et pédagogiques.

Sur le plan environnemental, elles permettent d’améliorer la qualité de l’air, d’absorber du CO2, de lutter contre les îlots de chaleur et de favoriser la biodiversité locale en offrant un habitat à de nombreuses espèces. Elles contribuent également à la régénération des sols et à une meilleure gestion des eaux pluviales.

D’un point de vue pédagogique, ces espaces naturels constituent un formidable outil d’éducation à l’environnement. Ils offrent aux écoles et aux habitants la possibilité d’observer les écosystèmes en action, de participer à des projets de plantation et de mieux comprendre l’importance de la nature en milieu urbain. Ce projet favoriserait également l’engagement citoyen à travers des actions collectives de plantation et d’entretien.

À ce titre, nous aimerions obtenir des précisions sur plusieurs points:

  • Où en est le projet ? À quel stade d’étude se trouve-t-il (analyse des terrains, sélection des essences d’arbres, autres étapes en cours) ?
  • Quels sont les obstacles rencontrés qui expliquent l’absence d’emplacements définis à ce jour ?
  • Quels sites ont été identifiés et étudiés pour l’implantation de ces forêts ? Sachant que ce type de projet peut être réalisé dans divers espaces tels que les cours d’écoles et établissements scolaires, les parcs et jardins publics, les friches et terrains sous-utilisés (Baulücken), ainsi qu’au pied d’immeubles et dans les espaces résidentiels.

Dans l’attente de votre réponse, veuillez agréer, Monsieur le Bourgmestre, Mesdames et Messieurs les échevins, l’expression de notre parfaite considération.