background background

Diddeleng

Eis Positioun zum Budget 2025

Hei eisen 2 Gemengeréit hier Wuertmeldungen zum kommunale Budget 2025. Mäer fäenken un mat däer vum Semiray Ahmedova an dono kënnt déi vum Yves Steffen.


Merci Här Buergermeeschter, léif Kolleginen a Kollegen,

Fir aller eischt Merci dem Här Poull an der ganzer Ekipp vun der Comptabilitéit, mee natierlech och un di aner Servicer déi hei matgewierkt hunn fir de Budget opzestellen. >>> Merci och un de Schëfferot déi eis lescht Woch dat ganzt zimlech komplett a digest erkläert hunn. 

Et ass emmer rëm spannend sech di 230 Säiten Budget unzekucken.

Ech wäert am Numm vun Déi Gréng virun allem e puer allgemeng Remarquen zu der Finanzsituatiounmaachen an op verschidden Ressorten déi ech betreien agoen.

Mir hunn eis Riedezäit (40-10) an 2 opgedeelt, well mir der Meenung sinn, datt eng Zesummenaarbecht, wou jiddereen seng Themen a Gedanken anbrénge kann, méi wichteg an gerecht ass, wéi eng hierarchiesch Approche. Den Här Steffen wäert dann och puer weider Schweipunkten uschwätzen.

De Budget ass e wesentlecht Dokument, dat eis Prioritéiten, eis Visioun an eisen Engagement fir eis Gemeng reflektéiert.

Als Oppositioun ass et eis wichteg d’Ausgaben ze kontroléieren an – konstruktive verbessungvirschlei ze maachen, wat mer net nemme am Budget maachen mee och a sämtlech Projet‘en. De Budget ass en stratégescht Instrument fir 
den Ufuerderunge vun den Awunner gerecht ze ginn an eis Zukunft virzebereeden.

Finanziell Stabilitéit ass eminent wichteg…  an dobäi klemmt eis Gemengeschold all Joers konstant erop, dofir muss een oppassen fir ganz veranrwortlech mat den Ausgaben virgoen. Mee fir en Equilibr ze haalen muss een och mëttel a langfristeg sech eng Visioun ginn a méi planbarkeet kreien … an leider vermesse mer déi bei veschidde Projet‘en 

D’Entwécklung vun Diddeleng muss fir eis nohalteg sinn an eng héich Liewensqualitéit garantéieren. Investitiounen an d’Zukunft bedeiten, lokal Aarbechtsplazen ze schafen, eng divers Palette u Servicer an Divertissementer unzebidden an, virun allem, fir all déi, déi hei wunne wëllen, bezuelbare Logementer zur Verfügung ze stellen.

Eisen emprint leit mettlerweil bei 90 Mio € … mee mir mussen och di Invester an di allgemeng ëffentlech Infrastruktueren, wéi Schoulen, Stroossen, Waasserversuergung, Kläranlagen, Offallgestioun héichhaalen… Virun allem elo wou verschidden Sekteuren (wie de Bausekteur fir e netz e nennen) eng Kris erliewen wéi nach ni, genau do muss di ëffentlech Hand déi notwendeg Investitiounen héich halen, fir e Stellstand ze verhënneren.

Dépenses ordinaires votés 24: 135 Mio – Dépenses réctifiés: 132 Mio. Den Delta ass correct (1%). D’Ausgaben goufen ganz präzis berechent, wat eng équilibréiert a gutt geplangte Verwalte vun de Ressourcen weist.

Dépenses extraordinaires votés 24 : 81Mio – Budget réctifié : 63 Mio ≠20 Mio

Hei hu mir eng gutt Marge gehat, an als Logementsmilitantin denkt ech, wann ech d’Zuelen gesin, datt mir méi am Logement hätts kéinnten investéieren.

Logement

Logement war a bleift Suergekannt Nummer 1 um lokalen an nationalen Niveau. Et ass eng Erausfuerderung, déi Joer laang keen richteg wollt upacken … an zimlech alles dem private Marché iwwerloos gouf, heescht dem private Promoteuren… An  d’Situatioun huet sech vu Joer zu Joer verschlechtert. Virun 30 Joer konnt eng Famill mam Mindestloun nach e Appartement kaafen, während et an der leschter Zäit kaum nach e Staatsbeamte geschafft huet, e Studio ze leeschten.

Ech wëll awer net alles schwarz moolen, ganz am Contraire… et deet sech elo tatsächlech eppes. Mir gesin, datt den Investissement vun der ëffentlecher Hand an abordabele Wunnraum awer tendenziell erop geet. Projeten an der Rue de la Fontaine – Rue Nic Bodry – Rue des Champs, der Rue de la Paix, si wichteg Bausteng vun eiser Logementspolitik…mee wessend datt 18% vun der Bevölkerung riskéiert an den Aarmut ze faalen – bleiwe mir der Meenung datt d’Gemeng kann a soll vill méi proaktive agéiere an vill méi Wunnengen selwer kaafen fir déi kënnen zu abordablen Präiser ze verlounen. Mir sinn an multiplen Krisen an Taux’en sinn nach emmer héich mee et ass elo de richtege Moment fir ze kaafen well d’Marchéees-präiser rof gaangen sinn.

Lescht Joer hat dir gesot datt Promoteuren un iech untrieden fir Projet’en opzekaafen. Kéint een sech vläicht virstellen, d’Unzuel vun de Projet’en einfach mol an enger Bautekommissioun, zum Beispill, präsentiert ze kréien?

Mir hu de PAL (Plan d’Action Local) présentéiert kritt. Dëst sollt eis eng Visioun op laang Siicht fir d’Entwécklung vum Wunnraum ubidden, mee bis elo hu mir keng zefriddenstellend an «  à long terme » Strategie gesin. Dat ass och e Punkt, dee mir an der Thematik bemängelen: et gëtt einfach keng kloer Zukunftsvisioun. (natierlech net Neischmelz)

Weider Léisungen kéinten déi veschidde Wunnformen unbieten, déi méi Diversitéit an der Offer garantéieren an dacks méi gënschtlech sinn. Hei gesin ech Co-Living-Projeten, WunnGemenschaften, WunnCooperativen oder InterGénérationnellt Wunnen als Méiglechkeeten. Verstitt mech net falsch, mir begreissen all Effort’en déi elo scho gemaach ginn, et sinn och net manner wéi 7 Mil. € fir de Logement virgesinn…mee mir kéinnten dës Problematik nach méi prioriséieren. Virun allem wessent datt mer dank dem Pacte Logement2.0 bis zu 75% subventiounen vum Staat kréien.

Et ass mir beswosst datt fir ze Bauen enn och muss Terrain hunn an dofir bedaure mir dass Grondsteier-reform vu kenger Regierung ugapaack gouf (vläicht feelt et un courage) mee dat wier en wichtegen Outils fir Bauland ze mobiliséieren. Bauland wat an der Hand vun „happy fews“ leit (och hei zu Diddeleng) an dat ass en Constat vum „observatoire de l’habitat“. 

D’Motioun, déi vun dene Lenk déposéiert gouf, fir d’Grondsteier ze erhéichen, gouf net vun der Majoritéit matgedroen. Dëst hätt awer net nëmmen gehollef, Bauland ze mobiliséieren, mee och d’Recetten vun der Gemeng ze erhéijen. Onofhängeg dovun, datt d’Grondsteier net méi dem reelle Wert vun den Terrainën entsprécht.

  • Spekullatiounsstéier.

Et ass eis opgefall datt ennert dem Artikel 650 – „Acquisition de terrains“ 500.000€ virgesi sinn. Mir hunn lescht Joer en terrain kaaf wou mer bei engem Präis vun 280.000€/are lungen (e projet wat fir vill Diskussioun gesuergt huet a wou mer e Präis bezuelt hunn den wäit iwwert dem vum  vum Observatoire de l’Habitat lung)

  • Sou gesinn, Ouni et wëllen an d’lächerlecht ze zéien, kéinne mir eis mat 500.000 mol keng 2 are leeschten. (hoffentlech kann een de Budget seier erop setzen Falls Occasion…)

Energie an Emwelt

Ech kommen elo zum Deel vun der Rénovatioun vun bestehenden Gebaier. Mir hunn zënter Joren en exzellenten Service écologique, deen eng super Aarbecht leeschtert …Alles am Interessi vun der nohalteger Entwécklung. Wat mir hei am Ament vermëssen, ass en Sanéierungskonzept fir Gemengegebai respektiv ëffentlech Gebaier am Plang. D’Iddi hannendrun ass, dass d’Gebaier einzeln opgeholl ginn, mat den Aarbechten, déi um energetesche Plang realiséiert solle ginn dat ganzt mat enger PRIORISöIERUNG fir d’nächst Joeren. Sou hätte mir Planbarkeet an eng Zukunftsvisoun.

Mir brauchen och den néidege Budget, fir innovativ Projet’en am Emwelt- a Klima-bereich z’ënnerstëtzen, wéi z.B. d’Grënnung vun Energie-Kooperativen, déi d’energetesch Transition fir jiddereen zougänglech maachen. E konkret Beispill ass hei di grouss PHOT um Centre Sportif Hartmann. (wat och en groussen Investissement war). Ass hei virgesin, datt Bierger sech kënnen abréngen-akafen, wéi um Centre Culturel?

Eis ass et opgefall, datt den Service écologique leider just 8 Demanden hat, fir Energieberodungen ze subventionnéieren (lescht Joer 12). Wat een dorausser schlussfolgere kann, ass datt net genuch kommunizéiert gëtt, fir 1. vum fossilen Heizen ewechzukommen an 2. datt et och Subventiounen fir Erneierbar Installatiounen ginn.

„Alle Jahre wieder“ …Verbesserung-propose: Ech hunn scho virun 10 Joer di Propose gemaach dat Léit sollen direkt bei der demande vun der Baugenemegung informéiert ginn dat si eventuell éligibel sinn fir Primen ze kreien. Meeschten sinn all Bau-aarbechter ( PV bis Fenster wiesel) enger „autorisation der batir“ ausgesaat.

  • Mir hunn elo eng super Klimapakt Certifizéierung – Wéi eng ZEUSATZ-Zertifizéierungenstriewe mir weider un? (Stéchwuert: Loftqualitéit, Economie zirkulär, Klima-upassungen…) an Lescht Joer war op dëser Platz gesot ginn, dass mir en „Plan de résilience et de sobriété énergétique“ wäerten presentéiert kréien. Ech hunn de Plan nach net gesin an wollt einfach mol froen, wéi et heimadder ausgesäit?

Offall

Wann ech mech richteg erënnere, hunn ech lescht Joer am Kader vun der Budgetsdébat schonn proposéiert, ëffentlech TRI-Poubellen ze installéieren. Op der Gemeng selwer funktionéiert dat scho gutt, an Doheem kann een den Tri relativ gutt maachen – Pabeier, Glas, Kompost, etc. Mee firwat gëtt am ëffentleche Raum alles nach an enger eenzeger Poubelle eweggeworf.

Mir mussen d’Léit encouragéieren mei verantwortlech ze handelen zemools a punkto Offallmanagement. ennert wei engem Punkt kéinnt een sou e Projet réaliséieren?

En ganz positive Punk ass awer hei ze bemierken  – Subsides aux associations locales dans le cadre du projet “zero Waste – green events” si vun 12 op 15.000€ erop gesat ginn.

Mir géifen och gäeren wessen weivill Veräiner de Label „Green Event“ mëttlerweil hunn?? Fir de Label ze kréien muss e jo eng ronn 80 Kritären erfëllen (keen offall, bio iesen, gratis krunnewaasser etc) an dat ganzt gëtt am Klimapakt och ugerechent. Beetebuerg 10 green events fir 2024 (et wier flott wann mir op manns der 10 hätten)

Gréngs

Zu der nohalteger Entwécklung gehéiert och d’Verbesserung vun den Gréngflächen an de Stied, an hei hate mir konkret de Projet „Tiny Forest“ virgestallt. Mir sinn och deemols mat konkreten Proposen komm, wou een sou kleng Bëscher kéint hiplantzen (z. B. an der Kälerstrooss-baulücken), mee leider ass d’Majoritéit dëse Proposen net nogaangen an de Sujet ass an kenger Kommissioun ugeschwat ginn. 

Di „Tiny Forests“ sinn awer, eiser Meenung no, e wichtegt pedagogescht Element, déi eis Klimaresilienz stäerkt an d’Biodiversitéit an eise Stied förderen.

Am Budget 24 waren 5000 virgesinn an et ass awer näicht geschitt!? fir 25 sinn elo rëm 5000€ virgesinn. 5000  duer? hut dir schon estimatiounen?

Participation citoyenne

Mir sinn immens frou a houfreg, en Participativen Budget ze hunn an net ze vergiessen dass mir virreider an dësem Beräich sinn. De Participativen Budget fërdert sozial Gerechtegkeet an Engagement vun eisen Bierger. Op dësem Wee bauen mir eng dynamesch Gesellschaft op, déi matwierkt, matgestallt an wou d‘Besoine um Terrain Berücksichtegt ginn. 

Dëst Joer hat dës Initiative rëm schéine Succès , an et goufen, wann ech mech net ieren, iwwer 60 Projet’en agereegt. 

Fir dësen Elan weider ze fërderen an als Reaktioun op di kleng Zuel (6) vun den zréckbehaalenen Projet’en anop Grond vun den Réalisatiounskäschten déi ëmmer méi héich ginn >> wëlle mir de Budget, deen hei zur Verfügung steet, erhéijen – vun 100.000 op 200.000 Euro.

PAP’en

Eis PAP’en mussen méi Klimarésilient ginn, eis Gréngflächen schützen a neier schaafen, natierlech Ressourcen erhalen, lokal Ökosystemer restauréieren, manner vergiggelen;         beim Bau vum ëffentlech Projet’en de lifecycle (dh käschten wärend der liewensdauer, produktioun an ofbau) an de foodprind fir eis lokal produktioun betruechten!

Mir mussen di Resilienz géint de Klimawandel an d’Gemengeplanung integréieren. KlimaRisiKen wéi: Iwwerschwemmungen, Bëschbränn, Stierm musse betrueecht ginn … An esou an d’Zukunft invéstaieren, och wann et eis eppes kascht.

Ganz am Sënn vun der KlimaRésilenZ, war och de KlimaPaktDag wou Sujet’en wie „Canicule“ an „Staarkreen“ thématiséiert goufen. Mir hoffen datt déi wichteg Thematik och an der urbaner Entwecklung matafleisst. Konkret?

Begréissen welle mer awer och op dëser Platz De Projekt, wat am Parc léih mat Bewegungs-melderen e couloir fir mob. douce soll beeliichten. Mär hoffen, dass dës Approche an Zukunft op weidere Plazen kann ausgebaut ginn

Mir fuerdere scho méi laang manner onnéideg d‘Luuten brennen ze loossen. Enger Säits: Wéinst der Biodiversitéit (Insekten, Villercher – déi immens perturbéiert ginn) an aner Säits eben och fir Energie ze Spueren. Et ginn och konkret Beispiller a Frankräich mee och am Norden vun eisem Land wou de Konzept vun „luuchten ausmaachen“ konsequent duerchgefouert gëtt. 

Laut der Circulaire wier et nach ëmmer deelweis méiglech, eis Stroossebeleuchtung auszeloe. Duerch esou Moossnamen verbesseren sech och d’Liewensqualitéit vun de Bewunner, a mir kéinten langfristig eis natierlech Ressourcen erhalen. Et ass essentiell, datt dës Initiativen op eng participativ Manéier ëmgesat ginn, zesumme mat de Bierger, lokalen Geschäfter, Entreprisen, Industrien an anere Akteuren. Dëst ass eng konkret Fordeung vun eis, de Sujet an enger nächster Mobilitéits- an Ëmweltkommissioun unzeschwätzen.

Kultur an Events

De „vivre ensemble“ geihéiert mëttlerweil zu der Idenditéit vun Diddeleng.  La fête des culture ass zu engem Stammuert ginn wou een duerch gutt iessen, drénke a Musek di ganz Welt entdecke kann. Solch Eventer droen zu der socialer Cohésioun bäi, promouvéieren Toleranz a stäerken d‘Gefill vu der Appartenance an enger Gemeinschaft. Andeems een gemeinsam kulturell Erfarungen deelt, kann een de Respekt and’Verständnis verbesseren, wat zu enger solidarëscher an inklusiver Gesellschaft bäidréit. Zousätzlech bidden kulturell Evenementer eng Plattform fir d’Diversitéit ze feieren, den Austausch ze bereichern an eng méi harmoniséiert Gesellschaft ze bauen.

Dépassement des budgets

Dacks musse mir wärend dem Joer KäschtenOpstellungen upassen (devis rémaniés) an zum vote stellen wat mir oft debaurenen well den Moment fillt een sech bëssen an den Eck gedréckt an et muss een bal alles matstëmmen fir normal kënen mat den Aarbechten wieder ze fueren. Dat soll op kee Fall ee Repproche un den zeustänndegen Servicer sinn mee eischter kann een sech di Fro stellen ob net politesch Décisiounen den Defizit un Antizipatioun oder Genauegkeet bei der Aus-gabe-schätzung de Grond fir dës Situatioun sinn. Hei besteet d’Nout-wendegkeet vun enger besserer Gestioun, fir konstant Upassungen ze vermeiden. En sou genante Käschte-Monitoring wier hei eng Pist.

Beispil ass de Projet „Hall lokomotive“ 1,2 milliounen méi deier wat awer …an do kann een sech LEGITIM froen ob een net eischter hat keinnten handbrems zeien, weivill eng brauerrai an eng gastronomie kascht huet een en cours de route entdéckt!!…Et war awer null Urgence fir de Projet. Firwat sinn mer awer hi gaangen an hunn en appel d’offre gemaach?… Dir gesid… Dofir schwätzen ech vu politesch decissiounen an op kee fall well ee reproche un eis servicer maachen. (vote: enthaalen)

Mir schéngt et datt kuerzfristeg Iwwerleeungen ëmmer nach ze vill eis Decisiounen dominéieren. Eis Gemeng a mir All géingen vun enger méi ambitiéiser a visionärer Perspektiv profitéieren, déi zukünfteg Besoinen antizipéiert an eng konsequent Strategie fir eng nohalteg Entwécklung ëmsetzt. 

  • Léisung: Et kéinnt een Projeten direkt bei hirer Konzeptioun besser Evaluéieren duerch detailléiert Studien.

Uschleissend puer Froen:

  • Etude sur la vision de developpement commercial de la ville de Dudelange a l’horizon 2040 (s.184 vum Budget réctifié) – wollt froen ob mer dës Etude présentéiert kréien ?
  • zum Sujet « egalité des chances » subvention de l’etat pour le projet “mois du respect”, s.1924: 25.000 – 25:0
  • « Création d’un fonds de réserve spécial – Pacte climatique à partir de 2015 », wou si mer do drun ? ass dat ofgeschloss, wou fënnt een d’Resultat ? Ass den  ëffentlech zeugänglech ? Budget: et waren 24: 165.000 virgesinn, 135.000 ausginn an elo fir d’nächst Joer rëm 165.000€ wat ass do um ODJ?

Zum Schluss well ech eppes soen: Mir hunn all d’Wuel vun eiser Gemeng um Häerz. Wann mir eng solid Zesummenaarbecht pflegen, Projeten besser antizipéieren an effizienter plangen, kënne mir eng zukunfts-orientéiert Gesellschaft opbauen, déi net nëmmen den Erwaardungen vun eise Matbierger entsprécht, mee och e Modell fir nohalteg Entwécklung a sozialen Zesummenhalt ka sinn.

Semiray Ahmedova, conseillère communale


Merci fir d’Wuert Här Buergermeeschter! Léif Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, ufänke wéilt och ech mat engem grousse Merci un den Här Poull a säi Service fir déi vill a gutt Aarbecht iwwer d’Joer an awer och speziell fir déi läscht Zäit, fir d’Opbereedung vun der Dokumentatioun an d’Zoukomme loossen dovu scho virun der Finanzkommissioun. E Merci dann awer och un all d’Leit, wou op der Gemeng déi läscht Wochen a Méint hu misste kucken d’Schrauf bäi ze zéie mat de Consignen déi si vum Schäfferot kruten, fir op der eng oder anerer Plaz nach e puer Euro ze spueren. Et erkennt een d’Efforten an et war sécherlech keen einfachen Exercice. 

Wa mär kucke wéi d’Servicer eis dat läscht Joer d’Devis remaniés erkläre komm sinn, mierkt een, dass dëst alles Leit sinn, déi sech vill Gedanke maachen a net liichtfankeg mam Geld ëmginn. Hätte mär dës Leit net, géing et warscheinlech méi schlëmm em eis Gemengefinanze stoen. 

Och wa mär net ëmmer mat all de politeschen Entscheedunge vum Schäfferot op enger Linn sinn, sou gesi mär op ville Plazen e spuersamen Ëmgang mam Gemengebudget. 

De Bléck op d’Zuelen ass ëmmer ganz interessant, ech ginn net op se all an, dat géing meng Riednerzäit sprengen.

Schéin ze gesinn ass et natierlech, dass déi ordinaire Recetten esou wuel am rectifié 24, wéi am initial 25 klammen. Esou wuel den ICC, d’Gewerbesteier, wéi och den FDGC, de fonds de dotation globale vun de Gemengen, stinn an der Circulaire vum Ministère mat engem Plus vu ronn 13% am rectifié 24 an engem plus vu ronn 17% am initiale Budget vu 25. Och an eis Kaarte spillt, dass et mat der Inflatioun 24/25 liicht besser ass, wéi dat viraus gesot war an dass d’Zënsen op den Emprunten um fale sinn. 

Dass elo den Energiedeckel 2025 verschwënnt, bedauere mär, do hätte mär et als déi Gréng gutt fonnt, wann d’Regierung deen Deckel nach ee Joer bäi behalen hätt, well d’Joer drop d’Energiepräisser fale wäerten an een heimat virun allem bei der energeetescher Transitioun fir dëst Joer dat komplett falscht Zeeche setzt.  

De Bléck op de Budget initial 25, den haut nieft dem rectifié 24 zum Vote steet, ass fir eis natierlech ganz interessant, well een an dem Dokument an och an de Riede vun der läschter Woch déi grouss Akzenter eraus héiert, déi de Schäfferot gedenkt am Kalennerjoer 25 ze setzen. Kuckt een allerdings, wat am Joer 2024 reportéiert ginn ass, respektiv wéi vill Devis remaniés ëmmer neess gestëmmt gi sinn, hoffe mär, dass sech am Joer 2025 den Trend och an der Ausféierung vun den initialen Devisen wäert ofzeechnen, dass d’Baumaterialer weider liicht méi gënschteg ginn a genuch Reserven an den Devisen virgesinn si fir eventuell Dépassementer auszebigelen. 

Jo… Op den Emprunt vun 43 Millioune gëtt dëst Joer net ganz zréck gegraff an et ginn 8 Millioune manner gezu wéi virgesinn. Weider kann herno gesot ginn, dass vun deenen autoriséierte 15 Milliounen aus dem Gemengerot vum 6.12. herno net alles gebraucht ginn ass bis den definitiven Ofschloss vum Budget 24 Enn Mäerz. Dës fléissen da mat eriwwer an den Exercice 25. Gutt ass och, dass den Emprunt do virdrunn, réischt am Hierscht gezu ginn ass, dat an enger besserer Zënssituatioun wéi Ufank dës Joers. Och eng wichteg Präzisioun am Kader vum Buergermeeschter senger Ried vu läschter Woch, dass een net sécher ass, ob een de virgesinnenen Emprunt vum Budget 25 zéie muss. 

Alles gutt deemno géing ee soen? “eng konsequent Ëmsetzung vun der Schäfferotserklärung a Modernisatioun vun Diddeleng a kee Stëllstand” dat waren d’Wieder läscht Woch, se si net falsch, ma awer wéilt ech zumindest nuancéieren. 

Vergläicht een d’montants autorisés vun 2024 mat dem Budget rectifié vun 2024 erkennt een, dass sech mat ronn 81,7 Milliounen un autoriséierten dépenses extraordinaires der 18 Millioune manner am rectifé stinn, dat sinn 22% manner. Esou ganz konsequent schéngt d’Ëmsetzung vun der Schäfferotserklärung dann net viru komm ze si wéi initial geplangt, steet dach oft an der Legend vum Budget e “report” op 25 respektiv 26.   

Beim Projet Phare vun der Schäfferotserklärung, d’Realisatioun vun der 4ter Phase vum Shared Space an domat och der Neigestaltung vun der Gemengeplaz, war där bestëmmt net onfrou doriwwer kënnen d’Sortie de Secours ze huelen, dass d’Verleeë vun der Route de Thionville durch Pont et Chaussé zäitlech net machbar wier mat der Phase 4. Dëst wier warscheinlech och schwiereg ginn finanziell esou emzesetzen, wéi een sech et géing wënschen an et hätt een et grad finanziell wuel och méi schwéier gepackt.

Mat Bléck op d’Ëntwécklung vun der Gemengeschold ab 2014 stelle mär fest, dass d’Gemengeschold ab 2022 liit unzitt, fir dann ab 2023 an engem Tempo unzezéien, wéi Diddeleng et bis dohinn nach net kannt huet. D’Begrënnungen leien an de Präisdeirechten durch de Post-Pandemie-Kontext, de russechen Ugrëffskrisch an de Konsequenzen, wou des Polikrisen op de Makro-Ekonomesche Kontext haten. Et erklärt villes an t’ass verständlech, dass et elo net einfach ass, net fir d’Diddelenger Gemeng, de Bausecteur, d’Commercen, fir keen… a sou sti mär Gréng weider hannert dem, dass Anti-zyklesch Investitiounen gutt sinn. Mär sinn dohier och net per se géint d’Ophuele vu Schold, wann et fir nohalteg Projeten ass. Projeten, déi Diddeleng längerfristeg weider bréngen a weider dovir Suergen, dass d’Leit gären hei lierwen. Dat gesi mär erfëllt vu dass déi grouss Projeten am Déifbau, der Kanalisatioun, de Leitungen awer och dem Schoul- a Betreiungsstrukturen ewéi de Sportsinfrastrukturen ze gutt kommen. 6 Milliounen Annuitéit am Rectifié 2024 a bis zu 8,250 am Initial 25… domat bleiwe mär bei 4,06 bis 5,44% am rapport vun den annuitéiten zu den recettes ordinaires. Hei spillt et sëcher an d’Kaarten dass d’recettes ordinaires erop ginn, ma virsiichteg sollt ee weider bleiwen och wann d’rout Luut réischt bei 15% ugeet. 

An der Zäit vun der Kris huet den ëffentleche Secteur d’Responsabilitéit Activitéit ze schafen, dass d’Kris kann iwwerwonne ginn. 

Kuckt een d’Awunner Zuel, esou war de Wuestem kontinuéierlech säit 2014, wou ee knapps ënnert 20.000 Awunner loung an elo 11 Joer drop, wou ee wäert bei 22.350 eraus kommen, e Plus vun 2.350 Leit. Dëse kontinuéierleche Wuestem stellt eigentlech gutt Viraussetzungen fir Prévisibilitéit. En ass nämlech weder rasant nach exponontiel, en ass genau esou, dass et gesond fir eng Stad an der Gréisst vun Diddeleng ass.  

Mär stellen awer fest dass am Moment vill vun eise Schoulhäff a Schoulgebeier, awer och eng jett Sportsinfrastrukturen ustinn, notamment d’Terrainen a musse grondsanéiert ginn an op de neitste Stand bruecht ginn. Nodems läscht Woch de Strategiepabeier “Schoul a Sport 2025” genannt ginn ass, mat der Annonce, dass un engem neie Strategiepabeier geschafft gëtt, dee bis 2035 geet, huet ech mech gefreet, dass een de Switch aus der kurzfristeger Planung an dësem Beräich an eng mëttelfristeg Planung mëcht. E Strategiepabeier vun 2019 bis 2025 ass effektiv éischter eng kurzfristeg Planung, wann ee kuckt wéilaang gréisser Projeten brauchen. 2019 konnt jo och nach keen d’ Pandemie an de Krisch virausgesinn a nawell kann ee sech d’Fro stellen firwat esou Strategiepabeieren net méi laang ugeluecht sinn? A wéi grouss d’Zäitfënsteren vun der Planung virunn 2019 waren? Hätt een mat enger Strategie bspw. kënne verhënneren, dass d’Lenkeschléih op der Grénger Wiss notoresch ze kleng gebaut gi wier an Verkéiers- a Beliwwerungsreglement net schonn e puermol hätte missten komplett nei geduecht ginn? Géinge mär dann net grad hannendru lafen bei de Renovatiounen vun den Bestandsgebeier, den Häff an den Terrainen? 

Keng Angscht t’ass net, dass mär mengen et wier guer näischt geschitt bei Sport an Educatioun. De SEA Beräich ass an de läschten Joren enorm gewuess an d’Gemengen sti mat de Consignen vum Educatiounsministère viru groussen Erausfuerderungen. 

Och beim Sport ass et natirlech gutt, dass nom Centre Hartmann am November 2015 elo de Strutzbierg fäerdeg ginn ass. Quasi gläichzäiteg gesi mär am Budget direkt e puer Posten, déi ustinn fir e Jos Nosbaum, wou un den Tribunen a Vestiairen säit 2016 gedoktert gëtt, an all Joer méi oder manner héig 5-Stelleg Investitiounen getätegt gi sinn, fir dann 2025 endlech richteg lass ze leeën. Beim Aloyse Meyer hu mär 2024 missten den Terrain nei maachen, jo missten, well et net zoumuttbar méi war drop ze spillen. Beim John F Kennedy, stinn mär och nach emmer hannert dem Projet a fannen et och wichteg, dass dësen Terrain endlech deen lang erwaardtenen Embau kritt, deen e säit Jorzéngte verdéngt huet. Gleewt mär ech hu genug Zäit vu Mëtt de 90er Joren un do verbruet fir ze wëssen, dass hei scho vill éischter hätt kënnen oder missten eppes grondleeënd Neies gebaut ginn. Wou war bei all dem d’Strategie an der Vergaangenheet a wéi laangfristeg gouff gekuckt?

Ech weess, där kënnt de Virgänger an de Virgänger vun de Virgänger schlecht d’Schold ginn, ma wieren et net är Parteikolleege géing där mat Sëcherheet argumentéieren, d’Scholde géinge klammen an et kéim elo alles beieneen, well déi virdrunn net mat genug Wäitsiicht geplangt a renovéiert hätten an der elo eben an enger Situatioun sidd wou alles mateneen usteet an an eisen Aaen och längst iwwerfälleg ass. Mär sinn op allefall frou, dass dann elo eng Mëttelfristeg Planung présentéiert gëtt, déi bis 2035 geet. Interessant hei wier et an eisen Aaen awer och langfristeg als Gemengerot e Plang présentéiert ze kréien, deen op 20 bis 25 Joer projezéiert a virgesäit wat usteet punkto Renovatioun a Neibau. Op dem Plang géing een dann och gesinn, wéini rezent Realisatiounen eng Grondsanéierung brauchen an eis Prêten ginn jo emmerhinn och esou laang… 

De Wee vun der Sportinfrastruktur op de Velo ass net wäit dofir fueren ech hei virunn. Frou si mär iwwer déi kontinuéierlech Ausgaben punkto Velo OK, och dat konsequent Abannen vu Velo Diddeleng, d’Agoen op d’Doléancen vun hinnen, déi direkt Zouso op d’Demande vun hinnen finanziell d’Kollaboratioun mam Haus vum Velo ze garantéieren an z’erméiglechen dass Velo Repair Cafés am Vewa kënne statt fannen an och déi rezent présentéiert Projeten fir sëcher mam Velo iwwer Haptachsen ze kommen. Déi weider Participatioun um Velosummer freet eis a mär wëssen, dass dat kee selbstverständlechen Exercice ass. Gespaant suivéieren mär déi hoffentlech konsequent Emsetzung vun der Iwwerdaachung vun de Velosstänneren, dëst bréngt an eisen Aaen vill u Confort fir de Velo als Transportmëttel ze notzen. Jo et ass net emmer alles direkt zur 100% Zefriddenheet wa mär iwwer d’Velosinfrastruktur diskutéieren, t’ass och net emmer evident déi verschidde Besoinen vun de verschiddenen Verkéiersmëttelen ënnert en Hutt ze kréien ma ech wollt et zumindest fir d’Joer 2024 emol bei engem positiven Ofschloss an dem Thema beloossen… 

Fir 2025 géinge mär eis dann nawell wënschen eis mam Thema Vëlosstroossen auserneen ze setzen. Et ginn eng jett Stroossen, déi an der Praxis scho Velosstroosse kinnte sinn an et géing näischt Änneren, ausser ebe punkto Sensibiliséierung a Sëcherheetsgefill. Ech schwätzen hei vu Stroossen, déi suwisou net breed genug sinn, fir am Respekt vun den am Code de la route virgeschriwwenen 1,5m, e Velo dierfen z’iwwerhuelen… mär brauche jo nach Sujeten fir dat neit Joer… 

Nom Velo als Transportmëttel, kënnt de Velo och nächst Joer mat der Organisatioun vun enger Etapp vun der Flèche du Sud erëm no der Etapp vum Tour de Lëtzebuerg 2021 am Sportskalenner vir. Domat kritt Diddeleng 2025 hoffentlech nom Titel Sportsstad, Kulturstad och den Titel Velosstad…

Ma och iwwert den Titel Kulturstad si mär ganz glécklech, de Bilan vun 2024 mat 335 Deeg, wou eis Kulturheiser op waren fir Events, weisst, dass hei eng ganz gutt Aarbescht geleescht gëtt. E Kompliment eisersäits heivir. Hei lafe ganz vill Beméiungen an déi richteg Richtung a frou ware mär och iwwert den Dudelange on Wheels, deen mat 5.000 € am Budget virgesinn ass. Flott ass net just de Budgetsposten, ma och d’Iddi dohannert unzefänken erëm eppes opzebauen, wat henno, wann de Skatepark an de Quartier Neischmelz geplënnert ass, wäert seng Friichten droen.  Dat war, als demols jonken Diddelenger, och emmer e wichtegt Event am Kalenner.

D’Sellwescht d’ Fête de la musique mat beandrockende 25.000 Visiteuren an dem Bestriewen och op d’Lëtzebuerger Musiksszeen ze setzen. 

Ugeschwat ginn ass och d’Spagat fir Qualitéit, Quantitéit a Sëcherheet ze garantéieren, wou mär esou lues un eis Limite kommen. Hei huet et eis stutzeg gemaach, dass mär bei villen Eventer Zuelen geliwwert kritt hunn, se awer net genannt gi sinn beim USINA. Dëse Festival, an dat war eis vu vir era bewosst, hat en aussergewéinleche Kader, Line-Up an Ambiance geschaf, wou mat de Subsiden vum Kulturjoer Esch22 ënner aanerem Kings of Leon onvergiesslech Momenter geschaf hunn. T’ass natirlech emmer dënnt Äis “Party a Fester” a Fro ze stellen… ausser, Klammer op: beim Sweet Event fir 18.000 €, wou rem 2 mol statt fënnt, wou där eis Meenung awer mëttlerweil misst kennen… Klammer zou. 

Sou stelle mär eis d’Fro vun den 300.000 € fir den Usina, wier hei net de Moment komm namol d’Fro opzewerfen vum Rapport Qualitéit a Quantitéit? Mär sinn eis de Schwieregkeeten bewosst wou et mat sech bréngt an den Heeméint vun de Festivals, Artisten, d’Logistik, de Kalenner an d’Leit ze fannen esou e Festival ze stämmen. All Respekt un d’Servicer an d’Partner, déi et och déi läscht Joren esou gutt hi kritt hunn eis flott Momenter ze schafen. Ma d’Fro muss emol kënne gestallt ginn, ob de Rucksak mat dem wat mär packen a wat nach gesond ass (Wuertspill Sweet Event), net deels iwwerleeft. Mussen am Fréijor a Summer op all Weekend zum Deel zwee/dräi Fester lafen? Muss all Stad aus dem Süden hiere Festival mat aus dem Kulturjoer zéien? Ass an der Präiskategorie vum USINA net d’Konkurrenz mam noen Ausland an den Artisten wou mär kréien ze grouss? Ass et e verstännege Budgetsposten e Festival fir 300.000€ op e Freideg a Samsdeg an der Schoulvakanz ze leeën, wou de Main Act, vill Sympathien eben och bei Schüler a Studenten huet, déi the voice of  Germany kucken an eventuell guer net zu Land sinn oder schaffen?

Sou… Back to the future – D’Schäfferotserklärung – well se d’läscht Woch oft genannt gouff an och emmer erem bei Diskussiounen am Gemengerot Thema ass, sinn ech an de Verbatim vun hierer Präsentatioun de 14. Juli 23 kucke gaang an do ware mär frou, iwwer d’Zitat vum Buergemeeschter: 

“… a mir bleiwen natierlech op fir all nei Iddi, déi hei en cours de route an de Gemengerot kënnt, egal ob se vu Säite vun der Majoritéit, respektiv vun der Oppositioun kënnt, mee natierlech musse mer bei allen neien Iddie kucken, sinn se machbar, […] wéi ass et mat der Plus-value, déi et bréngt, respektiv wéi ass et um Niveau vun der Finanzéierbarkeet”. An dem Esprit hätten eiser Meenung no, hei verschidden Diskussiounen kënnen aanescht lafen. 

Oft gëtt geschwat vu Politikverdrossenheet an eiser Gesellschaft, vum Mësstrauen vis-à-vis vun der Politik an der Middegkeet vun de Leit par rapport zu dem ganze “politesche Gespills” wéi se soen. Abee “politescht Gespills” kréie mär als Oppositioun am Gemengerot vir gehäit, wa mär hei Gebrauch vun eisem Initiativrecht maachen, an ee vun de wéinegen Outilen heivir notzen: d’Motiounen. 

Am Mee krute mär op eis Motioun zur grousser Botz vun enger Majoritéitsconseillère gesot mär sollten eis Motioun an enger konsultativer Kommissioun stellen an den zoustännege Schäffen huet gemengt en hätt de Kapp gerëselt wou en se gelies hätt. 

Léif Majoritéit, ech kann a wëll äerch net all an een Dëppe geheien, ma den Emgang mat der Oppositioun ass an deenen do Situatiounen grenzwäerteg. T’ass starken Tubak esou mat eiser Aarbescht emzegoen 

Eis Motiounen, komme gréisstendeels mat Quelleverzeechnis, Beispiller a konkreten Äntwerten op är méiglech Froen. Mär stellen se zum Debat a si frou iwwer all konstruktiven Emgang domat an et geet eis em e politescht Bekenntnis an der Saach. 

E Weideren Déifpunkt war an eisen Aaen de rezenten Emgang mat eiser Fuerderung zu de Jardins éphémères fir 2025, wou als politescht Gespills ofgedoe ginn ass.  

Hei fanne mär konkret Iddien engersäits op enger ganzer Säit an eisem Walprogramm ze liesen, bei der LSAP waren et zwee Gedankestrëcher, déi et och sollten an d’Schäfferotserklärung packen. Et gëtt behapt de Schäfferot géing et suwisou scho wëlle maachen. Quitt dass keen ausserhalb vum Dunstkreis vun der LSAP bis ewell vun engem erwähnten Aarbeschtsgrupp eppes héieren huet an et war och net Thema an der zoustänneger Kommissioun: dann ass et einfach.

Mär sinn natirlech frou driwwer, dass d’Innenstadtbegrünung, Shared Space, Plaz am Duerf an an de Quartieren budgetär mat 100.000€ virgesinn ass an och d’Platzbegrünung beim CCRD mat 50.000€ fanne mär gutt. Hei ass mat eisen hausinternen Ressourcen scho villes machbar, et bleiwt allerdings ze kucken ob et u Budget duer geet, wa mär bis konkret virgestallt kréien wat genee heimat soll emgesat ginn. 

Och gouff läscht Woch gesot, dës Projeten géingen der LUGA présentéiert ginn. Dat freet eis och, war et elementäre Bestanddeel vun eiser Motioun am Gemengerot den 11. November, wou zumindest bis zum Dépot vun der Motioun keen bei der LUGA Diddeleng um Schierm hat. 

Wann och d’Resultat erfëllt ass, dass Diddeleng begréngt gëtt, sou huet de Modus wéi virgaange ginn ass, der politescher Glafwierdegkeet an eisen Aaen kee Gefale gedoen. 

Eis Aarbescht als “politescht Gespills” ofzedoen an eis ze soe wéi mär ze schaffen hunn, léisst déif blécken iwwert e Selbstverständnis wat sech opgebaut huet an et diskreditéiert eis demokratesch Aarbescht. 

Villäicht ware mär och ze naiv un d’Saach eru gaang wou de Buergemeeschter d’Schäfferotserklärung erklärt huet mat de Wieder: “Natierlech fënnt een do kloer d’Iddien erëm vum LSAP-Walprogramm, mee natierlech sinn och – an dat muss een hei soen – Iddie vun der Oppositioun mat agefloss, do wäert deen een oder aneren sech méi oder manner och dran erkennen, an dëser Schäfferotserklärung, well et sinn Iddien dran, déi mer gutt fonnt hu fir Diddeleng, egal vu wou dass se komm sinn, well se Diddeleng effektiv weiderbréngen.” 

Ganz éierlech, dat huet eis gefreet an et hat d’Weichen gestallt fir eng gutt Zesummenaarbescht iwwer d’Parteien eraus. Et sinn 1,5 Joer vergaang säitdem a mär wollten hei profitéieren de Lien ze maachen mat enger Kollaboratioun, déi mär net méi spéit ewéi d’läscht Woch nach mat ënnerstëtzt hunn an zwar  d’Collaboratioun mat der Uni-Lëtzebuerg. Sierf et de rezent gestëmmte Léierstull zur Migratioun oder d’Begleedung vum Partizipative Biergerprozess. Aarbescht mat der Wëssenschaft ass emmer eng op engem Qualitativ héige Niveau an et ass dat, wat et an eisen Aae brauch fir fundéiert a nohalteg Decisiounen ze treffen.  

Vun dëser Zesummenaarbescht mat der Uni erhoffe mär eis awer och e weidert Element an zwar dass och am Gemengerot déi sou genannter “Propriété intellectuelle” hier Roll kritt. Drop ze verweisen, vu wou een Inspiratioun, Gedanken, Iddien huet hu nach ni dozou gefouert, dass ee keng Unerkennung kritt huet fir dat wat ee geschafft huet. Dëst gesi mär an der Akademescher Welt, awer och gutt an eisem Zesummeschaffen hei. 

Mär wëllen awer och hei net just kritiséieren: Dass een Partei-iwwergräiffend och ka konstruktiv schaffen, weisst d’Sports- a Loisirskommissioun, wou de “prix exceptionnel” fir aussergewéinlech Leeschtungen, dëst Joër geschaf ginn ass. Hei huet d’Kommissioun zesummen haart geduecht an all Memberen hunn an eisen Aaen e Präis op d’Been gestallt, deen dem Breedesport an dem Loisirsgedanke Rechnung dréit, eng sportsmänneg Approche, wa mär et henno dann och fäerdeg bréngen dëse Präis och als solches ze promouvéieren a sech e net alleng op de Fändel ze schreiwen. 

Hei hoffe mär nach insgeheim, dass eis Iddi, wou mär an déi Kommissioun bruecht hunn, zu de Pop-Up-Petanquespisten am Summer am Duerfzentrum op de Plazen bei de Caféeën a Restauranten am Budget dra steet, ma mär se just net fonnt hunn? 

Dass een d’Kommissioune net all an een Dëppe geheie kann, ënnersträicht och eis  Fro zur commission jointe am Kader vum Subside Interrail… hei kréie mär jo vläit nach am Laf vum Dag am Kader vun eise Froen Präzisioune wou dat drunn ass. 

Ma vu dass mär en accord de principe unanime gestëmmt hunn, mär de Subside selwer net am Budget initial 25 fannen,  wollte mär hei en Amendement op eng Budgetslinn era reechen, wou mär géingen 72 000 € asetzen. Dëst entsprëcht 240 jong-Erwuessenen, wat d’Moyenne vun de Joergäng 2003-2009 ass, multiplizéiert mat engem Subside vun 300€ wéi zu Beetebuerg a Walfer an et entsprëcht och eiser Propositioun vu Reglement wou mär nach am Summer schrëftlech de Kommissiounen era gereecht hunn. Do ass elo en halleft Joer näischt geschitt an deeër Saach, d’Kommissiounen sinn all an äerer Hand, villäicht ass jo intern kommunikativ eng schief gelaf… mär hëllefen dach gär. 

Mär probéiere bei sämtlechen Interventiounen heibannen fair ze bleiwen, dat gutt an dat manner gutt an eisen Aaen ze benennen a sinn eigentlech nach ni disproportionell haard an d’Attak hei gaang. Am Retour gëtt eis Aarbescht zum Deel diskreditéiert a mär kréien aus dem Näischt eraus ënnerstallt keng Diskretioun zum huis-clos ze hunn. T’ass eigentlech Schued, wann ee weess, dass wann een aaner Gemengeréit am Land kuckt, den Emgang muncheruerts och vun der Oppositioun aus a Richtung Majoritéit ee vill méi rauen ka sinn. T’ass jo lo eng besënnlech Zäit, Neijorschdag, Neijorschvirsäz… vläit klappt dat jo d’nächst Joer dann nees besser hei, mär behalen et op allefall emol am Aa.

Mär wëllen hei och net alles a jiddereen an een Dëppe geheien, ma Mëssstänn wëlle mär awer ugoen. Alles an allem gekuckt, ginn et ganz vill Usäz vu gudder Zesummenaarbescht. Sou bleiwt ze soen, dass mär mat der Ausféierung vum Budget 2024 keng gréisser Problemer haten. 

De gros vun de budget remaniés hu mär mat gestëmmt. Hei huet d’Transparenz bei den Devisen an d’Présentatioun am Gemengerot gestëmmt. Och wa mär den initial net mat gestëmmt hunn, esou wäerte mär eis beim Budget rectifié 2024 enthalen.

Nodems ech e Fazit zu der Budgetssituatioun gezunn hunn, ervir gehuerwen hunn, dass an eisen Aaen vill gutts dobäi ass awer och verschiddenes eis manner gefällt, ass et mär awer och haut drëms gaang e Fazit ze zéien vun eiser Vue op eenzel Elementer aus der Aarbescht vum Gemengerot, déi jo direkt mat der Emsetzung a Planung vun engem Budget ze dinn huet… an t’ass mär och drëms gaang duer ze leeën an ze begrënnen, wisou mär dëse Budget net wäerte mat stëmme kënnen, wann och mär net alles schlecht fannen an och net alles fundamental aanescht gesinn.

Dofir kucke mär zouversiichtlech op d’Joër 2025 a sinn och do nees motivéiert mat bei deene Projeten aus dem Budget um Dësch ze sëtzen a se mat äerch ze diskutéieren an eis Iddien konstruktiv mat afléissen ze gesinn. Merci fir d’Nolauschteren.

Yves Steffen, conseiller communal