Froën a Punkten fir d'Diskussioun 13.12.2024
« Virwërf vun enger Gewerkschaft zur Personalpolitik vun der Gemeng Diddeleng »
Mär hunn eis am huis-clos un enger Diskussioun bedeelegt an ausgetosch. Do kann een keng Detailer dozou ginn, t’ass enger Säits e huis-clos, aanerersäits eng lafend Affaire, wou et lo gëllt ofzewarden wat dobäi eraus komm ass.
D’Oppositioun huet hei déi comfortabel Situatioun ofzewarden wat dobäi eraus kënnt an dann, le moment venu, am Wësse vun allem, hierem Rôle als Contrôle vum Schäfferot no ze goen an déi néideg Froen ze stellen. Mär kruten et jo och vun der Majoritéit am Kader vun der Diskussioun em de sommet économique gesot… “de Gemengerot ass net de Schäfferot”, dont acte an dësem Fall. Bis de Moment, wou esou en Dossier am Gemengerot landt, huet e Schäfferot jo eng Partie Decisioune getraff, wou mär “aussen vor” sinn, a wou och elo ofzewarde an ze kucke bleiwt ob a wat do eventuell net gerechtfäerdegt war an ass.
An eisen Aaen ass et emmer ze kucken wat d’Faktelaag ass. Am Fall wou Leit op hierer Aarbeschtsplaz sech net un dat halen, wat se gesot kréien ze maachen, do stinn hei elo d’Reprochen an der Zeitung vu Mobbing, Rassismus an d’Benotze vu Schaffmaterial fir privat Zwecker, fanne mär et wichteg, dass deeër Saach no gaange gëtt an de Schäfferot kloer kuckt, dass keen Abus gemaach gëtt vun enger Arbeschtsplaz op der Gemeng, déi vun ëffentleche Gelder finanzéiert gëtt. Dat soll an dierf een net vergiessen… D’Aarbeschtsgesetz gëlt an eisen Aaen op béide Säiten ze respektéieren, esou wuel bei den concernéierten Ugestellten awer och bei der Gemeng als Employeur. Hei musse mär awer d’Uerteel vum Verwaltungsgeriicht ofwarden, ier och mär kënne méi dozou soen.
Eis interesséiert virunn allem wéi et elo an dëser Affaire, wéi et nom Uerteel, virugeet mat de Reprochen, déi am Raum stinn. Wa mär do Gewëssheet hunn, denke mär ass namol de Moment ze kucken wéi eng Léieren an oder Konsequenzen de Schäfferot gedenkt ze huelen. Eis ass et wichteg, dass, le moment venu, déi néideg Transparenz och an dës Affaire kënnt an dass och en eventuellt Fehlverhale bei den Enquête kann opgedeckt ginn, mee bis elo gëlt bis zum Uerteel nach emmer d’Onscholdsvermutung. De Schäfferot huet an eisen Aaen op der Pressekonferenz de Méindeg net vill soe konnte a mär fannen et och gutt, dass hei prinzipiell net virunn de Won gespronge gëtt an dofir wäerte mär dat haut och net maachen.
Mär begréissen awer och, dass déi Lénk et haut op den ODJ gesat hunn, well mär mengen, dass et wichteg ass, dass all Fraktioun heibannen d’Geleeënheet kritt zu Wuert ze kommen.
Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal
