background background

Diddeleng

Motioun: Jardins éphémères zu Diddeleng

De Gemengerot stellt fest, dass

  • mer an enger Biodiversitéits- a Klimakris sinn.
  • eis Bëscher a Baminselen déi läscht Joren ënnert de klimatesche Conditioune gelidden hunn.
  • et an de leschte Jore flott Beispiller vun sou genannte jardins éphémères zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och soss ronderëm d’Welt gi sinn (Annexe 1).
  • d’LUGA (Luxembourg Urban Garden) Ausstellung d’nächst Joer vum 7. Mee bis den 18. Oktober hei am Land statt fënnt a Satellitteprojeten heifir postuléiere kënnen (https://luga.lu/de/).
  • esou Pop-Up Gäert d’Liewensqualitéit vun den Awunner steigeren.
  • d’Begréngung vu versigelte Flächen d’Temperaturen an Diddeleng erof dréckt a méi en agreabelt Klima e.a. bei Hëtztwelle schaaft (Annexe 2).
  • d’Insekten, d’Villercher a weider kleng Déieren duerch jardins éphémères nei Liewensräim geschaf kréien.
  • Diddeleng vill versigelt Flächen huet, déi temporär kéinte begréngt ginn (bspw. onbenotzte Parkplazen, ëffentlech Plazen).

Invitéiert de Schäfferot:

  • déi néideg personell an, am Kader vum Budget 2025, och déi finanziell Mëttele virgesi fir zu Diddeleng jardins éphémères unzeleeën.
  • mat der Ëmweltkommissioun an de betraffene Servicer, d’Coordinatrice vum Urban Garden NeiSchmelz an d’LUGA asbl ze consultéiere fir d’Ëmsetzung vu jardins éphémères zu Diddeleng ze plangen.
  • am Kader vun der LUGA d’Participatioun als Satellitteprojet ze préiwen.

Semiray Ahmedova, conseillère communale
Yves Steffen, conseiller communal