Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – November 2024
Am November hu mäer 5 Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.
Un den Här Buergermeeschter an un d’Damen an Häre Schäffe vun der Stad Diddeleng
Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,
Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zum Shared Space an zum Stadzentrum Stellung ze huelen. Eis bezéiend op d’Gemengerotssëtzung vum 26.10.2023, an där de Gemengerot mat 15 Jo- a 4 Nee-Stëmmen de Schäfferot invitéiert huet d’Konzept vum Shared Space unzepassen mat follgendem Invite:
gemiess senger Ofsprooch mat der FCAD, d’Ëffnungszäite fir de motoriséierte Verkéier an de Summerméint vum 01.04. bis 30.09. op d’Plage horaire vu 6:00 bis 12:00 ze reduzéieren, dëst engersäits fir d’Liwwerunge weiderhin ze garantéieren, an de Restauranten a Caféë anerersäits e Mëttesservice op den Terrassen ze erméiglechen;
Hu mer festgestallt, dass nawell reegelméisseg Autoen duerch d’Niddeschgaass gefuer sinn an dat zu den Zäiten, wou eigentlech keen Duerchgangsverkéier erlaabt war. An dem Kontext wollte mer wëssen:
1) Wéi vill Panne sinn et an deene 6 Méint ginn, dass de Poller net funktionéiert huet, ewéi e sollt?
2)Wéi eng Méiglechkeete ginn an d’A gefaasst, dës Feelerquell ze behiewen?
3) Wéi vill Police-Kontrolle sinn an deene 6 Méint an der Niddeschgaass duerchgefouert ginn a wéi vill avertissement taxé sinn ausgestallt ginn?
Eestëmmeg gouf an der selwechter Sëtzung eng Sensibiliséierung tëscht de verschiddenen Notzer vum Shared Space gestëmmt. Hei hat eis Fraktioun Follgendes proposéiert:
Eng Sensibiliséierungscampagne duerchzeféieren, déi d’duuss Mobilitéit an der Niddeschgaass zwar erlaabt, mee d’Prioritéit vum Foussgänger ënnersträicht. D’Zil vun dëser Campagne soll engersäits d’Sensibiliséierung sinn zum géigesäitege Respekt (bspw. via Schëld, Flyer, Charta), anerersäits och d’Promotioun fir ouni Auto an d’Duerf akafen ze goen (bspw. via Flyer, Social Media).
Dëst gouf net tel quel zréck behal an et gouf sech op follgend Formulatioun gëeenegt:
eng Sensibilisatiounscampagne duerchzeféieren zum géigesäitegen Respekt zu deenen déi de Shared Space benotzen;
Bei enger ganz gelongener Sensibiliséierungscampagne am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, konnte mer dobäi sinn, wou Schoulklasse vum C4.1 vum Strutzbierg zesumme mat de Servicer vun der Gemeng an der Police eng Radar Kontroll an der Niddeschgaass gemaach hunn ane Flyer de Leit verdeelt hu mat Infoen zu der Campagne “Fouss vum Gas”. Dëst war an eisen Aen eng ganz originell a gelongen Aktioun zur Sensibiliséierung vun den erlaabten 20 km/h am Shared Space.
4) Goufen aner Sensibiliséierungscampagnen duerch gefouert? Notamment fir Reklamm ze maache fir den Autofräien Zentrum Mëttes?
Eng läscht Fro hätte mer dann zum Zentrum, an zwar gouf Ufanks 2024 e Sondage gemaach, wou et em den Duerf-Zentrum gaangen ass ( https://www.dudelange.lu/index.php/avis/sondage-sur-le-centre-ville-de-dudelange/ ). Wollte mer follgendes Wëssen:
5) Ginn et Resultater zum Sondage? Kritt de Gemengerot dës Resultater virgestallt? A wéini ass heimat ze rechnen?
An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,
Semiray Ahmedova & Yves Steffen
