Recap 2023-2024
Hei eis Zesummefaassung vun eise Froen un de Schäfferot an mise Motiounen aus der Zäitspan Juli 2023 bis Juli 2024.
Froen
14.07.23 – Mär hate Froen zur Notzung vun der Place Thierry Van Werveke an dem initiale Wëllparken op der Velospiste. Mär kruten Erklärungen, déi eigentlech weider Mëssstänn evitéiere missten
14.07.23 – Mat der CSV zesummen wollte mär em d’Kräizung an der Rue Lentz/Rue Edison wëssen, wou bis dohinn d’Velosbeschëlderung d’Notzer an e sens-unique respektiv op den Trottoir geschéckt hunn. Heirops hinn gouff dës onglécklech Situatioun behuewen.
19.09.23 – Place Thierry Van Werveke… déi zweet. Weider Onkloerheeten zur Parksituatioun ronderëm d’Place an awer och zum Parking bei der Kantin. En entspriechent Reglement zur Place TVW koum dunn de 24.11.23 an de Gemengerot.
19.09.23 – Well eis net ëmmer kloer ass, wéi de Mobilitéitsplang fir Diddeleng soll ëmgesat ginn andeems sécher Korridore fir d’duuss Mobilitéit solle geschaf ginn, hu mär u konkrete Beispiller nogehakt.
20.11.23 – De Parking am Duerf gouff gehackt a mär wollte wëssen a sécher goen, dass keng Donnéeë vu private Léit mat Abo geklaut, respektiv verëffentlecht goufen.
03.05.24 – De Schäfferot gëtt a senger Untrëttserklärung un, un engem “plan de cohésion social” fir Diddeleng wëllen ze schaffen. Mir hunn nogefrot, wéi héich den Taux vun den gefrote Sozialhëllefen zu Diddeleng ass a wéi de Schäfferot gedenkt de genannte Plang ze verfaassen an ëmzesetzen. Fir eis ass et wichteg, datt de Plang mat den DiddelengerInnen ausgeschafft an ëmgesat gëtt, op eng partizipativ an transparent Aart a Weis.
03.05.24 – D’Regierung plangt regional Co-Working Plazen ze schafen fir d’Matarbechter Innen aus dem ëffentlechen Déngscht. Mir hu gefrot, ob a wéi Diddeleng dëse Projet ënnerstëtzt a begleet a wéi de Projet ëmgesat soll ginn.
09.06.24 – Well mär der Meenung sinn, dass ëffentlech Gelder net do sinn, fir d’Promotioun vun ongesondem Iessen ze maachen. An eisen Aan kéint een dës Sue méi sënnvoll asetze, dofir hate mär Froen zur Zesummesetzung vun dem Budgetsposten, a wollte wëssen ob di Aktioun mat “gesond Diddeleng” ofgestëmmt war a wéi d’Gestioun vun dem villen Offall um Event war.
12.07.24 – Op eis Fro hinn ob Diddeleng beim Label “Génération Sans Tabac” vun der Fondation Cancer matmécht, ware mär frou ze héieren, dass dat de Fall ass an dass de Schäfferot Gold viséiert. Et huet eis eng Motioun erspuert, déi mär scho prett haten, fir de Fall wou d’Äntwert eis net zefridde gestëmmt hätt…
Motiounen
26.10.23 – Upassung vum Konzept “Shared Space” an der Niddeschgaass: Mär hunn erreecht, datt de “Shared Space” vum 1. Abrëll bis den 30. September vun 12 Auer Mëttes bis den Dag drop 6 Auer Moies fir de motoriséierten Individualverkéier zou ass. Well et eis wichteg ass, dat d’Leit kënne vun engem flotten a convivialen ëffentleche Raum profitéieren ouni vun den Autoe gestéiert ze ginn.
09.02.24 – Bréif un den Innenminister betreffend dem Ofzéie vu Policebeamten zu Diddeleng: Mär hunn erreecht, dass den Diddelenger Schäfferot am Numm vum Diddelenger Gemengerot e Courrier un den Innenminister geschéckt huet fir den temporären Ofzuch vu Polizisten aus eiser Regioun réckgängeg ze maachen an der Surcharge vun “eise” Polizisten entgéint ze kommen.
22.03.24 – D’Gemeng soll hirt “Virkafsrecht” wouerhuele fir Bauterrainen a Wunnengen ze kafen an duerch eng ëffentlech Offer u bezuelbar Wunnengen, fir de Kaf awer och fir d’Locatioun, kënnen unzebidden.
22.03.24 – E weidere Bréif un den Innenminister betreffend dem Ofzéie vu Policebeamten zu Diddeleng: Well d’Äntwerte vum Innenminister eis net zefridde gestallt hunn, wollte mär nach emol nohaken.
22.03.24 – D’Gemeng huet eng Ronn 55 Locatiounswunnengen déi duerch eng „Gestion locative sociale“ géréiert ginn: Mir hu gefuerdert, dass d’Gemeng soll weider Wunnengen opkafe fir esou dem Besoin Rechnung ze droen.
03.05.24 – Grouss Botz Aktioun vun der Gemeng Diddeleng am Joer 2025: Mär wollten eng, vun der Gemeng organiséiert, Fréijorsbotzaktioun hunn an dës an der Kommissioun plange loossen. Leider war d’absolut Majoritéit vun der Iddi net z’iwwerzeegen. Mär hunn d’Motioun zréck gezunn a proposéiert se fir de nächste Gemengerot z’iwwerschaffe, leider gouff se och hei net gestëmmt vun der Majoritéit.
03.05.24 – D’Gemeng soll hirt “Virkafsrecht” wouerhuelen: Fir méi Kloerheet an Transparenz an den Negociatiounen ze hunn, soll d’Gemeng der Bautekommissioun di jeeweileg Projeten déi a Fro kéime, presentéieren mat der plausibeler Analyse an Erklärung, falls ee Projet net soll opkaaft ginn.
03.05.24 – An den nei gebaute Quartier’en (PAP Nouveau Quartier) soll d’Gemeng weider Wunneenheete kafen, déi de Critèrë vun der abordabeler Wunneng entspriechen, fir den ëffentlechen Immobiliepark ze stäerken.
14.06.24 – Schafe vun engem Subside fir de „Pass Interrail Jeune“ fir den 18. Gebuertsdag: Mär hunn erreecht, dass den Pass Interrail Jeune fir den 18. Gebuertsdag kënnt. D’Jugendkommissioun an d’Kommissioun vun den Actions sociales kruten den Optrag d’Modalitéiten an de Montant vun der kommunaler Ënnerstëtzung auszeschaffen an dem Gemengerot z’ënnerbreeden.
14.06.24 – Grouss Botz Aktioun vun der Gemeng Diddeleng am Joer 2025… déi zweet: Wuert gehal, mär hu se opgrond vun de Remarquen iwwerschafft, ma leider wollt d’absolut Majoritéit nach ëmmer net, dass d’Gemeng eng Grouss Fréijorsbotz organiséiert.
14.06.24 – Keng ëffentlech Gelder méi ausginn fir d’Promotioun vun ongesondtem Iessen: Ongesond Liewensmëttel iessen oder net entscheed jiddereen fir sech selwer, ma d’Gemeng brauch an eisen Aaen net d’Promotioun vun ongesondte Liewensmëttel mat viraussiichtlechen 45.000 € op 2 Joer ëffentleche Gelder ze subventionnéieren mat der Organisatioun vum Sweet Event. D’Majoritéit hält dru fest heivir Geld auszeginn.
+++++ Weider Schwéierpunkten an eisen Interventiounen: Asaz fir déi 3. Sportstonn an den Cyclen 2 an 3 an eisen Ecoles Fondamentales. Zu Diddeleng gëtt sech säit Joren net un den legalen „Plan d’Etudes“ gehal an d’Kanner hu bis elo während deene 4 Joer all Woch eng Stonn Schoulsport ze mann. Dat mécht um Enn esou vill aus, ewéi wann se e ganzt Schouljoer kee Schoulsport gehat hätten
