background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – Oktober 2024

Am Oktober hu mäer 1 Fro un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froen zur oppener Schwämm Stellung ze huelen. Op dëser Plaz ass et eis wichteg ze betounen, dass et eis bei dëse Froe virun allem drëms geet en objektiven Abléck op de Bilan vun der Saison ze kréie punkto Gestioun, Sécherheet, Offall a Buvette.

D’Muppeschwammen de 15. September huet de Closing vun der Saison 2024 vun der oppener Schwämm bedeit. An deem Kader wollte mir froen:

  • Wéi ass d’Saison vun der oppener Schwämm dëst Joer ausgefall a punkto Entréeë par Rapport zu de leschten 2 Saisonen, wëssend, dass d’Wieder dëst Joer tendenziell méi onbestänneg war?
  • Wéi ass d’Muppeschwammen a punkto Entréeën ausgefall par Rapport zum leschte Joer?

Am Taxe-Reglement ass d’Gratuitéit vun de Kanner bis 12 Joer fir d’oppe Schwämm agefouert ginn. Dëst huet eng breet Zoustëmmung fonnt an huet och nach ëmmer eis vollst Ënnerstëtzung ma esou wollte mer froen:

  • Wat huet dës Gratuitéit d’Gemeng kascht par Rapport zu de Saisonen 2022 an 2023? Wéi vill gratis Entréeë waren 2024 insgesamt ze verzeechnen?

Wat bei all ëffentlechen oppene Schwämme landeswäit en Thema ass, ass d’Sécherheet vun de Notzer:

  1. wat d’Anhale vum Schwämme-Reglement mat Hëllef vun interne Ressource betrëfft;
  2. wat déi allgemeng Sécherheet, respektiv d‘Accidenter ugeet, wou op extern Hëllef (CGDIS/Police) huet mussen zréck gegraff ginn.

Eis Froen heizou si follgend;

  • Wéi konnt garantéiert ginn, dass sech un déi bestoend an affichéiert Reegele gehale ginn ass?
  • Op wéi eng Manéier sinn d’Schwammmeeschtere personell ënnerstëtzt ginn? Mer denken hei un den Asaz vun eventuelle Studente respektiv enger externer Sécherheetsfirma. Vu wéi enger personeller Envergure schwätze mer? Haten dës Acteuren eng spezifesch Formatioun, e.a. am Beräich vun der éischter Hëllef?
  • Wéi oft misst de CGDIS wéinst Tëschefäll geruff ginn? A wéi oft misst op d’Ënnerstëtzung vun der Police zréck gegraff ginn?
  • Envisagéiert de Schäfferot fir déi nächst Saison eng Rei Ännerungen/Upassungen an der Organisatioun, resp. der Surveillance?

Am Kontext vum Offallkonzept vun der Stad Diddeleng wollte mir froen:

  • Ass virgesinn, den Offall an Zukunft iwwert en Trennsystem anzesammelen, mat spezielle Behälter fir de Reschtoffall, de Pabeier, d’Glas an déi organesch Offäll?
  • Envisagéiert de Schäfferot, e Pfandsystem (op Becheren/Fläschen) beim Verkaf vu Gedrénks an der Schwämm anzeféieren? Dëst fir Offallvermeidung respektiv e bessere Recycling ze garantéieren.

Zu der Buvette, an eis beruffend op de Gemengerot vum 26.05.2023, wollte mir wëssen:

  • Ass de Gymnase Group nach ëmmer den aktuellen Exploitant vun der Buvette an der oppener Schwämm?
  • Am Contrat de Bail steet e flexibele Loyer. Wéi vill Loyer misst den Exploitant dëst Joer pro Mount bezuelen?
  • Och gouf am genannte Gemengerot op Nofro vun déi gréng gesot, dass een d’Messagë vum “nohaltege Catering” dem Exploitant wéilt mat op de Wee ginn. Eis falen do Krittären (bio – lokal/regional – fairtrade – Müllvermeidung – Gesondheet – vegan/glutefräi Alternativen) an, wou mer froe wéilten a wéi wäit d’Offer bis ewell un en nohaltege Catering konnt ugepasst ginn a wat déi nächst Schrëtt sinn?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova & Yves Steffen