background background

Diddeleng

Froën un de Buergermeeschter an de Schäfferot – Juli 2024

Am Juli hu mäer 1 Fro un de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Stad Diddeleng gestalt.

Un den Här Buergermeeschter an un de Schäfferot vun der Stad Diddeleng

Här Buergermeeschter, Dir Damme Schäffinnen, Dir Häre Schäffen,

Am Numm vun déi gréng Diddeleng biede mir Iech an der nächster Gemengerotssitzung zu follgende Froe Stellung ze huelen. Wëssend, dass fëmmen, aktiv ewéi passiv, ongesond ass fir d’BiergerInnen a Bierger an d’Gesetzer vum 11.8.2006, 18.7.2013 an 13.6.2017 d’lëtzebuergesch Gesetzgebung zur Bekämpfung vum Tubakskonsum duerstellen.

Sou ginn et nach ëmmer vill Leit, déi trotz de Risiken, déi et fir ee selwer a seng Matmënsche bedeit, fëmmen. Ob ee fëmmt oder net, ass Privatsaach, bis zum Moment, wou et fir Drëtter zu engem Problem ka ginn. Esou stelle mir fest, dass Präventioun Kanner a Jonken hëlleft se virun de Gefore vum Fëmmen ze schützen a verhënnert, dass se aktiv domat ufänken.

Dass d’Gemenge Suessem, Réiser, Déifferdeng, Esch, Mamer a Schëffleng rezent de “Bronze Label” bei der Aktioun “Génération Sans Tabac” vun der Fondation Cancer scho kritt hunn. D’Gemeng Diddeleng huet och hei schonn éischt Schrëtt ënnerholl a sech mat der Fondation Cancer zesumme gesat. Dozou hu mir follgend Froen:

  • Strieft Diddeleng d’Erreeche vum Label “Génération Sans Tabac” un?
  • Am Fall wou, wéini ass mam Bronze Label ze rechnen?
  • Wëll d’Gemeng Diddeleng op de Wee vun enger Gold-Zertifizéierung kommen?
  • Wann jo, wéini kéint een heimat rechnen?
  • Wann nee, wisou net?

Trotz Megots-Poubellen a Littering-Verbuet, ginn nach ëmmer vill Zigarettestëmp op de Buedem gehäit, wou se zu Buedem- a Waasserverschmotzung bäidroen, och geet vun ewech gehäiten Zigaretten e Risiko aus fir Wunneng- an Hausbränn, ewéi och virun allem am Summer fir Bëschbränn an awer och fir Verbrennunge vun Drëtten e.a. op Manifestatiounen. Dozou hu mir follgend Froen:

  • Ass domat ze rechnen, dass d’Campagne “zéro mégôts” vun der Gemeng Diddeleng, vum 7. Juni 2022, ausgedeent gëtt?
  • Ginn weider Pictogrammen bei d’Kanalisatioun, och an de Wunnquartieren op strategesche Plaze gesprayt, wou drop hi weisen, dass Zigarettestëmp net sollen an de Gulli geheit ginn?
  • Gëtt dru geduecht weider Poubellen op ze stelle fir Zigarettestëmp (evtl. mat Erklärungstafelen un dëse Poubellen, déi op d’Waasserpollutioun an de Brandrisiko hi weisen)?

An der Erwaardung vun Ärer Äntwert verbleiwe mer mat beschte Gréiss,

Semiray Ahmedova & Yves Steffen