background background

Diddeleng

Motioun: Schafe vun engem Subside fir de Pass Interrail Jeune fir den 18. Gebuertsdag - 16/06/2024

De Gemengerot stellt fest,

– dass et wichteg ass deene Jonken d’Virdeeler vum grenzelose Reesen an Europa bewosst ze maachen;

– dass Reesen, et jonke Leit erméiglecht hiren Horizont z’erweideren a méiglech Unisstied ze bereesen; 

– dass erschwénglechen ëffentlechen Transport all de jonke Leit d’Méiglechkeet bitt ze reesen;

– dass Reesen ofhängeg ass vun der sozio-ekonomescher Situatioun;

– dass Reesen innerhalb vun Europa méi ëmweltfrëndlech ass mam ëffentleche Schinnentransport ewéi mat soss engem anere Verkéiersmëttel;

– dass d’Gemenge Walfer a Beetebuerg hiren jonken Erwuessene fir den 18. Gebuertsdag e Subside an Héicht vun 300€ fir de Kaf vun engem Interrail Pass bäi leeën (cf. Annexen 1-3).

Invitéiert de Schäfferot:

D’Jugendkommissioun an d’Kommissioun vun den Actions sociales ze beoptragen d’ Modalitéiten an de Montant vun der kommunaler Ënnerstëtzung fir de Pass Interrail Jeune auszeschaffen an dem Gemengerot ze ënnerbreeden. 

Semiray Ahmedova, conseillère communale

Yves Steffen, conseiller communal