background background

Diddeleng

Monique Heinen

  • Chargée de cours
  • Spëtzekandidat
Separateur

Monique Heinen – 56 Joer – Gemengeréitin - Chargée de cours

Zënter 3 Joer Member am Gemengerot. Representéiert déi gréng a Kommissiounen (Mobilitéit, Schoul, Museksschoul, Jumelage an Tourismus), am Klimapaktteam, am Biergerbedeelegungsbegleetcomité. Member am Comité vum Syndicat des Eaux du Sud (SES).

Berufflech schafft si mat vill Freed am enseignement fondamental zu Téiteng.

Interesséiert sech fir Naturschutz an huet mat SICONA Weieren ugeluecht fir de Kammmolch ze schützen. Benevole ass si Sekretärin an Tresorière vun engem landwirtschaftleche Waassersyndicat.

D’Monique ass bestuet a Mamm vun 2 erwuessene Jongen.

Am léifste verbréngt si Zäit mat hirer Famill a Frënn, gären op kulturelle Veranstaltungen. Aktiv ënnerwee gesäit ee si op Nordic Walking Touren oder um e-bike. Fir méi wäit ze fueren, ass si e Fan vun Zuchreesen.